lb fr

GIMP (LB)

Wéi maachen ech eng Affiche, e Bänner, e Flyer? Wéi beaarbechten ech eng Foto?

Léif alleguer,

Mëtt September hate mir Iech annoncéiert, datt mir dëst Joer nach 2 Cathol-Web-Deeg giffe proposéieren, an zwar

- e Mëttwoch, de 24. Oktober, zu Miersch (13.30-16.00 Auer) an
- en Dënschdeg, de 4. Dezember, zu Lëtzebuerg (9.00-12.00 Auer).

No Äre Réckmeldungen hu mir elo de Sujet fir deen éischte CWD festgeluecht.

Um Cathol-Web-Dag vum Mëttwoch, dem 24. Oktober, stelle mir Iech e Programm (GIMP) fir, mat deem Dir op eng einfach Mannéier kënnt Flyeren, Affichen, Postkaarten, Bänneren asw. maachen an och Biller beaarbechten. – Dëse Programm ass fräi a gratis.

Sidd Dir interesséiert, da mellt Iech elo un bis en nächsten Donneschdeg, den 18. Oktober: com cathol.lu – Merci am Viraus!

De Rendez-vous ass um 13.30 Auer zu Miersch am Veräinshaus (12, place de l’Église).

Matbrénge sollt Dir, wa méiglech, e Laptop. De CWD ass natierlech gratis a mir freeën äis iwwer Är Presenz! (De CWD fënnt statt, wa wéinstens 6 Leit sech umellen.)

PDF 2 MB, 12. Dezember 2018
CWD18 - GIMP Tutorial (LB)
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement