Bienvenu sur le site de St Barthélemy Consdorf.

 

Oeuvres Saint Barthélemy Consdorf - OSBC

Update vun der Homepage: 05.11.2026

Déi lescht Wochen hu mir engem Mensch missen Äddi soen, deen eis vill bedeit huet: Mat eisem Kommiteesmember, dem Paschtouer Carlo Morbach, engem Grënnungsmember vun eisem Veräin, hu mir e Mënsch a Frënd verluer, deen eis vun Ufank u begleet a mat sengem Engagement ënnerstëtzt huet. Leider huet hien de Kampf géint seng Krankheet, déi hien déi läscht Wochen fest am Grëff hat, verluer. Mir wäerten hien an dankbarer a beschter Erënnerung behalen. Och wann hien net méi an eiser Mëtt ass, bleift dat, wat hien eis mat op de Wee ginn huet, bestoen. Gestäerkt duerch eise Glawen a begleet vu gudder Erënnerung wëlle mir mat neiem Elan an Zouversicht an déi kommend Wochen goen an eis gemeinsam Projeten a Missioune mat Häerz a Begeeschterung weiderféieren

Hei ass deen neie Parbréif + Informatiounen wéini ee Gottesdéngscht an de Kierchen vun der Gemeng Konsdref sinn:

Parbréif 7-2026
Liewensmëttelpäk 2026 1.11.-15.11.2026

D’Konsdrëffer Kierch mécht dëst Joer beim groussen, diözesane „Krëppewee duerch Lëtzebuerg“mat. (déi Konsdrëffer Kierch wäert um Depliant, deen d’Diözees verëffentlecht wäert a wou eben eng Rëtsch Kierchen am Land drop genannt sinn, déi wärend der Chrëschtzäit sech uginn hunn, fir hir Diere fir de Besuch vun de Krëppercher opmaachen.) An deem Kader gëtt an der Kierch zu Konsdref net nëmmen d’Krëppche vun der Kierch opgeriicht mee z.b. och déi aus der fréierer Kierch vum Scheedgen an och nach puer aner Krëppercher (sou wéi dat läscht Jar schonn an der Kierch am Kader vun den Adventsfënstere war.). Gäre kennen nach weider Krëppercher mat ausgestallt ginn - Krëppercher a Krëpperchersfiguren, déi vläicht am Späicher leien an net méi gebraucht ginn oder déi dëst Joer net zum Asaz kommen. Hutt Dir eng Krëpp oder Krëpperchersfiguren, déi Dir eis zur Verfügung stelle wëllt - Da mellt Iech einfach bei eis.

Besicht Adventsfënsteren 2026

fir eng Visite vun der Kierchen zu Präitler an zu Konsdref: Mail op massendengerconsdorf@pt.lu .

Fir Froen an Ureegungen kënnt Dir eis gären eng E-mail maachen: stbarthelemy@cathol.lu

Hei eis aktuell Statuten:

aktuell Statuten

Eis Homepage-adresse:
Oeuvres Saint Barthelémy Consdorf:
www.cathol.lu/stbarthelemy

Instagram: oeuvresstbarthelemyconsdorf
Facebook: Oeuvres Saint Barthélemy Consdorf

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement