Liens . Links
 

Aktuell - Actualités

Léif Lieser vun eiser Internetsäit, mir lueden Iech an eisen AGENDA ze kucken, wou mir all interessant Terminer mat den Détailler stoen hun.

Cher lecteur de notre site internet, nous vous invitons à consulter notre rubrique "AGENDA" dans laquelle vous trouverez les détails des activités de notre paroisse.


De Summer ass do...

E räicht a schéint Aarbechtsjoer fir eis Par Atertdall Sainte-Claire geet op en Enn, an de Summer steet virun der Dir.

Mir konnten d’Priisterwei an d’Primiz vum Antoine Do feieren, deen och fir d’nächst Joer wäert bei eis an der Par schaffen, nieft sengen aneren Engagementer am Seminaire an der Stad an am Centre spirituel zu Clairefontaine. Him vill Freed bei senger Aarbecht als Priister.

Mir konnten dëst Joer och de 400. Jubiläum vun der Oktav feieren, mat enger ergräifender Mass an der Kathedral, wou vill Leit, och vill Kanner a Jonker aus eise Paren Atertdall Sainte-Claire a Rammerich Saint-Valentin drun deelgeholl hunn. Fraen a Mammen haten zum Thema Oktav e flotte Concours organiséiert, mat vill zefridde Gewënner.

Fir d’Hellegt Joer 2025 hat eise Pastoralrot eng ganz schéi Gemeinschaftsmass fir d’ganz Par op Christi Himmelfaart organiséiert. Et war schonn gutt emol zu esou vill aus der ganzer Par zesummen d’Mass ze feieren a bei engem Verre de l’amitié e bëssen auszetauschen.

Déi verschidde Feiere vum Te Deum zum Nationalfeierdag waren dëst Joer allgemeng gutt besicht an uspriechend vun de Gemenge mat de Veräiner an de Leit gestallt. All deenen, déi sech drëms bekëmmert hunn an all deenen déi sech d’Zäit geholl hunn drun deelzehuelen, e grousse Merci.

D’Éischt-Kommiounsfeieren waren erëm eng richteg Reussite. Vill Luef ass vun de Leit komm, an dee ginn ech gären un all déi weider, déi mat dem Abbé Vincent Billot sech ëm Éischt Kommuniounsfeieren an eiser Par bekëmmeren. D’Ofschlossmass vun der Katechees zu Randschelt huet gewisen, dat mer eng gutt Equipe hunn, déi d’Katechees an eiser Par organiséiert an hëlleft ze gestalten. Maacht Reklamm an äre Familljen dat d’Kanner sech kënne fir d’Katechees aschreiwen. Am Parbréif fannt Dir all Informatiounen.

Viru kuerzem ass dem Abbé Vincent Billot seng Dokterthees publizéiert ginn. Si geet iwwert de Romano Guardini, wéi hien d’Theologie verstanen a gelieft huet. D’Buch ass ganz gutt geschriwwen an och zougängeg fir net Spezialisten. Felicitatiounen! Am Hierscht wäerte mer eng Präsentatioun vun dëser Aarbecht an eiser Par organiséieren.

Elo fänkt d’Summer Vakanz un.

Wat mer wärend der Vakanz an eiser Par ubidden, fannt Dir op dësem Parbréif. Vergiesst net iech fir d’Pilgerrees op Banneux unzemellen. Si gëtt dëst Joer vun eisem Dekanat « Zentrum » organiséiert a steet ënnert dem Motto vum Hellege Joer 2025: Pilger vun der Hoffnung. Ech ginn iech, dem Poopst Leo XIV. säi Gebiet un d’Häerz Jesu mat op de Wee an d’Vakanz. Et ass derwäert et ze bieden a Christus a säin Evangelium net ze vergiessen.

Am Numm vun eiser Equipe pastorale wënschen ech iech all erhuelsam Summerméint.

P. Jean-Jacques Flammang SCJ,
curé-modérateur

Prière au Sacré-Cœur du pape Léon XIV

Seigneur, C’est à Ton Cœur tendre que je viens aujourd’hui,
à Toi qui as des paroles qui enflamment mon cœur,
à Toi qui déverses ta compassion sur les petits et les pauvres,
sur ceux qui souffrent et sur toutes les misères humaines.
Je désire Te connaître davantage, Te contempler dans l’Évangile,
être avec Toi et apprendre de Toi
et de la charité avec laquelle Tu te laisses toucher
par toutes les formes de pauvreté.
Tu nous as montré l’amour du Père en nous aimant sans mesure
avec ton Cœur divin et humain.
Accorde à tous Tes enfants la grâce de Te rencontrer.
Change, façonne et transforme nos projets,
afin que nous ne cherchions que Toi dans chaque circonstance :
dans la prière, dans le travail, dans les rencontres et dans notre routine quotidienne.
De cette rencontre, envoie-nous en mission,
une mission de compassion pour le monde
dans lequel Tu es la source d’où jaillit toute consolation. Amen.


Joer vum Gebiet 2024-2025

De Popst Franziskus huet fir 2025 en Hellegt Joer ausgeruff zum Thema «Pilger vun der Hoffnung». Dat Hëllegt Joer geet de 24. Dezember 2024 un, wann Porta Sancta, d’Helleg Diir, zu Roum opgemaach gëtt. Bis dohin solle mer ganz besonnesch am Joer 2024 d’Gebiet an de Mëttelpunkt stellen. «Ein Jahr, das der Wiederentdeckung des großen Wertes und der absoluten Notwendigkeit des Gebets gewidmet ist, des Gebets im persönlichen Leben, im Leben der Kirche, des Gebets in der Welt.» esou schreiwt et de Poopst Franziskus.


Anbetung - Adoration

STËLL EUCHARISTESCH ANBETUNG, ass all 3. Donneschten am Mount an der Kierch am Préizerdaul, vun 17.30 bis 18.30 Auer.
Jiddereen ass wëllkomm. Et kann ee kommen a goen, esou wéi ët engem an de Dagesprogramm passt.
Um 18.30 Auer ass helleg Mass.


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement