Liens . Links
 

Aktuell - Actualités

Léif Lieser vun eiser Internetsäit, mir lueden Iech an eisen AGENDA ze kucken, wou mir all interessant Terminer mat den Détailler stoen hun.

Cher lecteur de notre site internet, nous vous invitons à consulter notre rubrique “AGENDA” dans laquelle vous trouverez les détails des activités de notre paroisse et autres.


OUSCHTEREN

Christus ass vun den Doudegen operstanen, Alleluja!

Op Ouschteren feiere mer d’Opersteeung vu Jesus Christus, an dat bedeit fir eis, datt den Doud net dat leschte Wuert huet. An enger Welt, wou Gewalt a Krich ëmmer méi an de Mëttelpunkt récken, ass et scho wichteg eise Glawen un de Gott vu Léift a vum Liewen ze bekennen. An et ass dat, wat mer op Ouschteren maachen, wa mer d’Ouschterkäerz, d’Liicht vu Christus, voll Freed an eiser Mëtt ëmfänken.

Mir sinn am Gebietsjoer 2024 dat de Poopst Franziskus ausgeruff huet fir d’Hellegt Joer 2025 virzebereeden, an esou kunnte mer dann och an dëser Faaschtenzäit den Akzent op d’Gebiet leeën. Mir soen all deenen Merci, déi dovu profitéiert hunn an sech dem Gebiet an den Reflexiounsowenter an der Par ugeschloss hunn.

An eisem Parblat fannt Dir d’Gottesdéngschtuerdnung fir d’Karwoch an d’Ouschterzäit. No Ouschteren feiere mer d’Eischt Kommioun. Dëst Joer sin et 40 Kanner, déi fir d’éischt un der helleger Kommioun deelhuelen. Mir wëllen si an hir Familljen am Gebiet begleeden.

Den 1. Mee ass dann den Oktav-Pilgerdag vun eiser Par Atertdall Sainte-Claire zesummen mat der Par Rammerich Saint-Valentin. Um 18.00 Auer hu mer eng feierlech Mass an der Kathedral, gesongen vun Memberen aus eise Choralen. Eng Prëssioun geet um 17.45 Auer vun der Place Clairefontaine an d’Kathedral. Mir proposéieren mam Pilgerbus vun der Par an d’Stad ze fueren. D’Massendinger sollen hier Tunique mathuelen.

D’Ouschterzäit hellt op mam Päischtfest, dat mer wéi all Joers zu Randschelt feieren.
Dëst Joer ass de Chanoine Claude Bache, Deche vum Osten de Festpriedeger.
D’Bäcker, d’Mëller an d’Pâtissieren feieren dann hiren Schutzpatréiner, den hl. Rochus, zu Rëmmerich, op Päischtméiden. Hei ass den Abbé Vincent de Smet Festpriedeger.

Nei an eiser Par Atertdall Sainte-Claire sinn den Aarbechtsgrupp Diakonie an d’Equipe liturgique. Si sin vum Pastoralrot guttgeheescht ginn, an der Sëtzung vum 27.2.2024. De Memberen vum Aarbechtsgrup an vun der Equipe en häerzleche Merci fir hirt Engagement.

D’Equipe Begriefnispastoral huet mat der Mme Isabelle Asseray e neie Member kritt. No hirer Formatioun an hirem Stage ass si den 17.3.2024 offiziell vum Här Aerzbëschof Jean-Claude Kardinol Hollerich agefouert ginn. Hier eis beschten Félicitatiounen an e grousse Merci fir hirt Matschaffen an der Par.

Den H. Paschtouer Mathieu Janssen ass zenter dem Januar 2024 a Pensioun. Hien ass gesondlech nët gutt drunn fir de Moment, mee mir hoffen him spéider kënnen als Par Merci ze soen, fir déi vill a gutt Déngschter, déi hien hei wärend ville Joeren geleescht huet. Elo wënsche mer him fir d’éischt eng séier a gutt Besserung.

D’Mme Joke de Kroon, eis Pastoralassistentin, ass och elo an der wuelverdéngten Pensioun. Hir e grousse Merci fir hiert virbildlecht Engagement an eiser Par.

De Pastoralteam wënscht Iech all e frouen Ouschterdag!

P. Flammang, Michèle Asseray, Abbé Jacques Bagnaud, Abbé Vincent Billot


Le Christ est ressuscité, alléluja!

A Pâques rencontrer le Christ et rester autrement avec lui.

Un des récits les plus parlants concernant la résurrection de Jésus est bien celui des disciples d’Emmaüs. Ces deux disciples avaient fui Jérusalem, déçus de ce qui s’y était passé. Sans espoir, ils se mettaient en route tout en passant en revue les événements récents, la mort de Jésus sur la croix et les racontars des gens.
C’était la plus grande déception de leur vie: ils avaient mis toute leur espérance en ce Jésus, croyant qu’il était vraiment le Messie envoyé par Dieu, le Sauveur de leur peuple et du monde entier. Et voilà, mort d’une mort ignoble, il est enterré, et pas question pour eux d’accorder foi à ce qu’ont rapporté quelques femmes qui avaient visité le tombeau. Elles affirmaient en effet que le tombeau était vide, mais l’avaient-elles vraiment vu vide ou l’avaient-elles tout simplement imaginé tel pour se consoler de ce départ aussi abrupt qu’inattendu?

Faisant donc chemin vers Emmaüs, les deux sont rejoints par un étranger qui s’informe sur ce qui s’est passé, ayant l’air de ne rien savoir de ces événements récents. Au cours de l’échange, ils découvrent que l’étranger connaît fort bien les Ecritures saintes auxquelles il se réfère afin de leur faire comprendre que le Messie devrait souffrir et mourir pour le salut de l’humanité. Ils commencent à s’intéresser à ses commentaires et lorsque l’étranger veut continuer son chemin alors qu’eux s’apprêtent à entrer dans l’auberge, ils s’efforcent de le retenir: « Reste avec nous, car le soir approche et déjà le jour baisse. »
Belle invitation que font les deux à cet étranger qui leur était devenu comme un confident. Reste avec nous! et l’étranger n’hésite pas. Luc note dans son évangile: « Il entra donc pour rester avec eux. »

Mais voilà, la formulation de saint Luc nous intrigue.
Pour inviter l’étranger à rester avec eux, les deux disciples emploient la proposition grecque « méta », alors que Luc, pour noter que l’étranger reste avec eux, ne reprend pas cette préposition mais la remplace par « syn », une autre préposition signifiant avec.
Il est difficile de ne pas remarquer ce changement, surtout que la préposition « syn » fait penser à ce mot « synodalité », très en vogue pour le moment dans notre Eglise qui réfléchit sur son évolution et le chemin à faire ensemble.
Alors que les disciples demandent à l’étranger de rester simplement avec eux pour passer la nuit à l’auberge, Luc nous signale qu’il reste autrement avec eux qu’ils ne le pensaient. La suite du récit nous éclaire.

A table, l’étranger leur partage le pain. Ce geste hautement significatif fait découvrir aux deux disciples de Jésus que cet étranger est bien le Christ ressuscité. C’est lui qui a fait chemin avec eux et qui veut rester maintenant uni à eux, par la présence eucharistique. Et Luc de noter: « Ils le reconnurent, mais il disparut à leurs regards. » Ce qui reste, c’est leur grande joie: « Notre cœur n’était-il pas brûlant en nous, tandis qu’il nous parlait sur la route et nous ouvrait les Écritures? » Ils se rendent compte que Jésus est vivant et qu’il continue à rester avec eux par le pain partagé. Cette présence eucharistique leur procure le courage et la force de retourner à l’instant à Jérusalem pour témoigner auprès des autres disciples ce qu’ils avaient vécu et que Jésus est vraiment ressuscité.

Nous ne pouvons certes pas être avec Jésus comme l’étaient à leur insu les disciples sur le chemin d’Emmaüs, mais nous pouvons être avec lui, pain eucharistique, rompu pour un monde nouveau.

A Pâques pour rencontrer le Ressuscité, célébrons donc l’eucharistie dans la joie et restons unis avec lui pour faire route ensemble et vivre ainsi de cette synodalité que le pape François propose à l’Église et au monde.

C’est là la Bonne Nouvelle dont nous avons à témoigner aussi dans notre Paroisse Atertdall Sainte-Claire.

Joyeuses Pâques à toutes et à tous!

Jean-Jacques Flammang SCJ
Curé-modérateur Par Atertdall Sainte-Claire
Curé doyen du doyenné « Zentrum »


ABSCHIED vun der Mme Joke de Kroon

D’Par Atertdall Sainte-Claire huet hir Katechetin & pastoral Matarbichterin Madame Joke de Kroon an enger feierlicher Mass e SAMSCHDIG, den 2. Mäerz 2024 um 18.30 Auer zu Ell an der Kierch verabschied.

D’ Pastoralteam, de Pastoralrot, de Conseil de gestion paroissial (CGP), d’ Bénévoles aus den Equippen:

  • Begriefnispastoral,
  • Kranken- & Altenpastoral,
  • Familljepastoral,
  • Virbereedung op d’Kommioun,
  • Koschtereien,
  • Memberen vun de 7 Kierchefabriken,
  • souwéi d’ACFL- Fraen a Mammen aus der Par,

wéinschen der Mme Joke de Kroon eng schéin an erhuelsam Pensioun.

Mir all soen hir e GROUSSEN MERCI fir hiren onermiddlichen Asaz am Dingscht vun eiser Par, am Vermëttlen vum Glawen un eis Kanner a Jugendlich a fir hir Disponibilitéit an Hëllefsbereedschaft an alle Beräicher vun der Kateches a vum Parliewen.

Artikel aus dem Parblad:
Den 2. Mäerz 2024 ass eng Danksangungsmass zu Ell gefeiert ginn mam Joke de Kroon, eis Pastoralassistentin, déi elo a Pensioun geet. Am Ufank vun der Mass huet d’Betty Heimermann, d’Präsidentin vum Pastoralrot, drun erënnert wéi d’Joke de Kroon an d’Par komm ass, an do als staark engagéiert Fra direkt eng ganz Rei vun Déngschter iwwerholl a Leit begeeschtert huet als Benevollen an der Par mat ze schaffen.
D’Choralen vun Ell an Osper hunn gutt fir de gesanglechen Deel vun der Mass gesuergt, ënnert der Leedung vum H. François Glesener an op der Uergel den H. Daniel Mujzer.
D’Mass ass gehalen ginn vun de Geeschlechen aus der Par, P. Jean-Jacques Flammang, abbé Vincent Billot an abbé Jacques Bagnoud. Den Diakon Nico Waterloo, deen mat dem Joke an der Tourismuspastoral zesumme-geschafft huet, wéi och den Verantwortlechen vun der Tourismuspastoral den H. Gérard Kieffer waren derbäi, grad esou wéi de Pater Nico Turmes SCJ mat deem d’Joke geschafft huet viru senger Ernennung an d’Par Atertdall Sainte-Claire. Zum Au revoir waren all d’Benevoller aus der Par invitéiert, déi gutt mat dem Joke zesummengeschafft hunn. De P. Flammang huet a senger Usprooch op all d’Aarbechtsfelder higewissen, déi Joke betreit huet: d’Kateches, d’Fraen a Mammen, d’Virbereedung op d’Sakramenter an d’Begleedung vu Kanner a Jonker mat engem Handicap, Kranken- an Altenpastoral, d’Equipe Stärekanner, och eng Zäit laang d’Begriefnispastoral. Joke war Member vum Pastoral-rot a vum Pastoralteam, wou hat gutt mat der Sekretärin Michèle Asseray zesummengeschafft huet. Gären erënnere mir eis och un déi schéi Gebietsstonnen a Gottesdéngschter, déi d’Joke virbereed an geleet huet.

Um Enn vun der Mass hunn den Gérard Kieffer vun der Tourismuspastoral an d’Marie-Claire Rasqué, Präsidentin vun der ACFL Par Atertdall Sainte-Claire, déi viru kuerzem gegrënnt ginn ass, dem Joke e grousse Merci gesoot fir seng vill gutt Initiativen.

D’Feier huet ofgeschloss mat engem Verre de l’amitié, deen vun der Gemeng Ell a vum CGP (Conseil de gestion paroissial) vun der Par Atertdall Sainte-Claire offréiert gouf. De H. Buergermeechter Henri Rasqué huet dem Joke speziell Merci gesoot fir seng Präsenz an huet dobäi op d’Wichtegeet vun der Fra an der Kierch higewisen.
D’kirchlech Administratioun huet nët d’Méiglechkeet d’Joke ze ersetzen. D’Par seet dofir e ganz besonneschen Merci all denen Benevollen, déi mat dem Joke zesumengeschafft hunn an déi elo en Deel vun senger Aarbecht iwwerhuelen. Mir sinn dankbar an houfreg op déi vill gutt Benevoller, déi zum gudde Fonctionnement vun der Par bäidroen.
Dem Joke de Kroon alles Guddes fir seng Pensioun, a mir soen elo scho Merci fir all déi Déngschter déi et sécher och nach a senger Pensioun fir eis Par wäert leeschten.

E Wuert vum Joke
Léif Leit,
E grousse Merci fir är Präsenz a léif Wieder fir mäin Abschied. Ech hunn eng schéin a beräichernd Zäit hei an der Par Atertdall Sainte-Claire däerfe verbréngen. Vun Ufank un sinn ech vun iech mat oppenen Äerm opgeholl ginn a bäi deene ville Projeten vun iech all ennerstëtzt ginn. Eng besonnesch Freed war et fir mech zesumme mam Titularkatechet a Bénévolen d’Familljekateches däerfen anzeféieren an opzebauen. Interessant waren all déi Gespréicher wou dir mir äert Vertraue geschenkt hutt. Och all déi Jonk um hire Glawenswee ze begleeden huet mir vill bruecht.
Elo geet eng nei Zäit vu mengem Liewe un mat neien Erausfuerderungen. Och hei wäert ech dem Härgott seng Hëllef emmer erem brauchen.
Iech all wënschen ech weiderhin vill Freed um Wee zu Jesus Christus an datt dir nie vergiesst, datt den Härgott iech nie elleng léisst.
Merci fir alles a Gott soll iech seenen.
Joke de Kroon


Joer vum Gebiet 2024-2025

De Popst Franziskus huet fir 2025 en Hellegt Joer ausgeruff zum Thema «Pilger vun der Hoffnung». Dat Hëllegt Joer geet de 24. Dezember 2024 un, wann Porta Sancta, d’Helleg Diir, zu Roum opgemaach gëtt. Bis dohin solle mer ganz besonnesch am Joer 2024 d’Gebiet an de Mëttelpunkt stellen. «Ein Jahr, das der Wiederentdeckung des großen Wertes und der absoluten Notwendigkeit des Gebets gewidmet ist, des Gebets im persönlichen Leben, im Leben der Kirche, des Gebets in der Welt.» esou schreiwt et de Poopst Franziskus.


Anbetung - Adoration

STËLL EUCHARISTESCH ANBETUNG, ass all 3. Donneschten am Mount an der Kierch am Préizerdaul, vun 17.00 bis 18.30 Auer.
Jiddereen ass wëllkomm. Et kann ee kommen a goen, esou wéi ët engem an de Dagesprogramm passt.
Um 18.30 Auer ass helleg Mass.


Dieu Tout-Puissant
qui es présent dans tout l’univers
et dans la plus petite de tes créatures,

Toi qui entoures de ta tendresse
tout ce qui existe,
répands sur nous la force de ton amour
pour que nous protégions la vie et la beauté.
Inonde-nous de paix,
pour que nous vivions comme frères et sœurs
sans causer de dommages à personne.
Ô Dieu des pauvres,
aide-nous à secourir les abandonnés
et les oubliés de cette terre
qui valent tant à tes yeux.
Guéris nos vies,
pour que nous soyons
des protecteurs du monde
et non des prédateurs,
pour que nous semions la beauté
et non la pollution ni la destruction.
Touche les cœurs
de ceux qui cherchent seulement des profits
aux dépens de la terre et des pauvres.
Apprends-nous à découvrir
la valeur de chaque chose,
à contempler, émerveillés,
à reconnaître
que nous sommes profondément unis
à toutes les créatures
sur notre chemin vers ta lumière infinie.
Merci parce que tu es avec nous tous les jours.
Soutiens-nous, nous t’en prions,
dans notre lutte pour la justice,
l’amour et la paix.

Pape François, Laudatio si’


Gebet für die Synode

Wir stehen vor dir, Heiliger Geist, in deinem Namen sind wir versammelt.
Du, unser wahrer Ratgeber: komm zu uns,
steh uns bei, kehre ein in unsere Herzen.
Lehre uns, wohin wir gehen sollen;
zeige uns, wie wir das Ziel erreichen können.
Bewahre uns davor, als schwache und sündige Menschen
die Orientierung zu verlieren.
Lass nicht zu, dass Unwissenheit uns auf falsche Wege führt.
Gib uns die Gabe der Unterscheidung,
dass wir unser Handeln nicht von Vorurteilen
und falschen Rücksichten leiten lassen.
Führe uns in dir zur Einheit,
damit wir nicht vom Weg der Wahrheit und der Gerechtigkeit abkommen, sondern auf unserer Pilgerschaft dem ewigen Leben entgegenstreben.
Das erbitten wir von Dir, der du zu allen Zeiten und an allen Orten wirkst,
in der Gemeinschaft mit dem Vater und dem Sohn
von Ewigkeit zu Ewigkeit. Amen.


PDF 129.9 kB, 22. März 2021
Info Bicher Fratelli tutti - info commande de l’encyclique Fratelli tutti
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement