Liens . Links
|
NEWSLETTERNEWSLETTER – ABONNEMENT° D’Pastoraléquipe verschéckt regelméissig Neiegkeeten aus der Par per Mail un all Interesséiert Leit. Wann Dir iech wëllt abonnéieren, meld iech w.e.gl. am Parbüro mat engem Message per Mail un atertdall cathol.lu ° L’équipe pastorale envoie régulièrement des informations par voie de courriel avec des nouvelles concernant notre paroisse. Pour vous abonner, veuillez nous envoyer un message à atertdall cathol.lu Léif Leit, Eis OKTAVMASS ass mëttwochs, den 1. Mee 2024. Mir gin an der Prëssioun op der Place Clairefontaine fort um 17.45 Auer. D’Pilgermass ass um 18.00 Auer an der Kathedral.Mir als Par fueren zesummen mam PILGERBUS an d’Oktav. Chers paroissiens, La messe des pèlerins pour notre paroisse sera célébrée mercredi, 1 mai 2024. Nous irons en procession de la Place Clairefontaine à 17.45h vers la cathédrale. La messe sera célébrée à 18.00h à la cathédrale.Nous organisons un BUS DE PÈLERINAGE. Info un eis MASSENDINGER Info à nos SERVANTS DE MESSE / ENFANTS DE CHŒUR Pilger vun der HoffnungD’Joer 2024: Schluss vun der Beschofssynod, Ufank vum Hellege Joer 2025 a vum 400. Jubiläum vun der Lëtzebuerger Muttergottesoktav.Dat neit Joer 2024 steet kierchlech gesi ganz am Zeeche vun der Weltbëschofssynode, déi am Oktober 2024 nach eng Kéier zu Roum zesummekënnt fir iwwert d’Synodalitéit an der Kierch ze beroden an ze decidéieren. An deem Zesummenhang hunn d’Pastoralréit aus dem Dekanat Zentrum den 20. Februar zu Brouch en Treffe mat dem Diozesanen Pastoralrot iwwert d’Synodenaarbecht, déi mer dann och an eiser Par Aterdall Sainte-Claire versiche weiderzeféieren. A sengem Bëschofswuert fir d’Jubiläum huet eisen Här Äerzbëschof Jean-Claude Kardinol Hollerich Folgendes geschriwwen: « D’Jubiläum 2024-2025 ass eng gutt Geleeënheet, fir mat Dankbarkeet op d’Oktav, d’Geschenk vun der Muttergottesveréierung zeréckzekucken. Mir wëllen dee laange Wee feieren, dee mir schonns gaange sinn, an eis virbereeden, fir als Kierch vu Lëtzebuerg mat de Mënsche vun haut a fir d’Mënsche vun haut dëse Wee virunzegoen (...) Zesummen ënnerwee sinn – dat hu mir an de vergaangene Méint versicht, nach méi bewosst an der Kierch ze maachen: déi synodal Demarche, déi mir a Verbonnenheet mat der Weltkierch an de Mënschen op der ganzer Welt als Virbereedung op d’Synod vun der Synodalitéit am Oktober op diözesanem a kontinentalem Niveau gaange sinn; d’Erliefnis selwer vun der Synod zu Roum; déi weider Etappen, déi elo ze goe sinn als Virbereedung op déi zweet Sessioun vun der Synod;... Dat Ganzt huet méi däitlech gemaach, wat mir als Kierch wëlle sinn: Gemeinschaft vu Fraen a Männer, Laien a Geeschtlech, Jonker an Alen, ee Vollek „aus allen Natiounen, Stämm, Vëlker a Sproochen“ (cf. Offb 7,9; cf. Apg 2,9-11), ënnerwee mat Jesus Christus, ënnerwee zu Jesus Christus. » An eisem Parbréif, deen an alle Kierchen an der Par ausläit, fënnt een Informatiounen zu de Gottesdëngschter an den Treffe vun deene verschiddenen Gruppen an Aarbechtsequipen. Jiddereen, dee wëllt matmaachen ass wëllkomm a kann un den Aktivitéiten deelhuelen, oder sech am Parbüro informéieren. MERCI- 2000,- € ass den Erléis vum Verkaf vun Adventskränzer an Arrangementer vun de FRAEN A MAMMEN-ACFL PAR ATERTDALL fir de „Waasserprojet Madagascar“ vum Frère Joseph SCJ.
Een häerzleche MERCI fir äer Generositéit an och e grousse MERCI un d’Kanner an all déi Leit déi dëss Aktiounen tatkräftig ënnerstëtzt hun. ACFL - Par ATERTDALL SAINTE-CLAIREDen 26. Januar 2024 war zu Réiden no enger feierlecher Mass d’Generalversammlung vun der ACFL - Par Atertdall Sainte-Claire. De Comité vum fréieren Dekanat Osper huet sech nei gegrënnt ënnert dem Numm « ACFL - Par Atertdall Sainte-Claire ». Dëse Comité ersetzt net déi verschidden lokal ACFL-Sektiounen aus de Gemengen vun der Par, mee organiséiert Aktivitéiten fir d’ganz Par Atertdall Sainte-Claire. Präsidentin ass Mme Marie Claire Rasqué; Sekretärin: Mme Diane Flammang Ausflug op Mousel, mat enger Fahrt mat der Marie-Astrid an e Besuch vum Europa-Museum vu Schengen. Kaffisnomëtteger fir déi eeler Leit, eng Informatiouns-konferenz iwwert Diabetis, e Spurewee am «Mois Sainte Claire» iwwert den hl. Franziskus an d’hl Klara; eng Déiereseenung um Fest vum Hellege Franziskus... Fir dësen viirbildlechen Asaz huet de Pater Flammang, curé-modérateur vun der Par Atertdall Sainte-Claire, ganz häerzleche Merci gesoot, an Fraen a Mammen och félizitéiert, fir alles, wat si an der Par fir d’Leit maachen. Wou op anere Plazen Veräiner verschwannen kunnt an der Par Atertdall Sainte-Claire nom Covid e neien dynameschen ACFL-Comité entstoen, mat Hëllef vun der Mme Joke de Kroon, déi Pastoralassistentin an och Vize-Präsidentin vun der Landes-ACFL ass. Fir 2024 sinn schon eng ganz Rei Aktivitéiten geplangt, dorënner een Ausflug op Maria Laach (D) & eng Pilgerfahrt op Avioth (F). D’Aktivitéiten gin an eisem Parbréif matgedeelt. E grousse Merci an vill Erfolleg der « ACFL - Par Atertdall Sainte-Claire » an och de lokalen Fraen a Mammen Sektiounen Réiden an Ell. |