Aktuelle Parbréif

Le bulletin paroissial actuel

Parblat Mee 2024

Fir opzemaachen, w.e.gl op d’Bild klicken.
Pour ouvrir, veuillez cliquer sur l’image.


Dat nächst Parblat geet vum 1. - 30. Juni 2024.
Bestellt w.e.g Är Massen bis spéitstens Donneschdes Mueres, de 23. Mee! Merci am Viraus.
Prochain bulletin paroissial du 1er - 30 juin 2024
Pour vos intentions des messes, veuillez s.v.p vous adresser au secrétariat paroissial - au plus tard le jeudi matin, 23/05/24 ! Merci

Virwuert / Préface

Léif Leit.

Den neie Parziedel, deen dir grad an den Hänn halt, fänkt op dem wichtegste Weekend vun eiser Äerzdiözes, wou mir nämlech d’Héichfest vu Maria, der Tréischterin am Leed, der Patréinesch vu Stad a Land Lëtzebuerg, feieren, un. Säit e puer Joer zeechent sech dëst Héichfest doduerch aus, datt eisen Äerzbëschof op deem Fest d’Priister- an d’Diakoneweie spent. Et ass deemno e freedegen Datum fir eis Diözes, awer gläichzäiteg och e Fest, wou mir äis bewosst ginn, datt d’Zuel vun de Priister, den Diakonen an den engagéierte Laien an der Kierch massiv ofhëlt. Mee mir solle wëssen: Ouni Beruffungen an ouni Jonker, déi sech mat hirem ganze Liewen an den Déngscht vun der Kierch stellen a konkret hire Glawen an der radikaler Nofolleg vu Christus liewen, huet eis Kierch hei zu Lëtzebuerg keng Zukunft. Mir brauche Beruffungen – virun allem Priister an Diakonen, déi d’Wuert vum Evangelium an eiser Zäit verkënnegen an d’Sakramenter feieren. Dofir wëll ech iech elo am Joer vum Gebiet, dat de Poopst Franziskus beim Angelusgebiet den 21. Januar 2024 ausgeruff huet, besonnesch un d’Häerz leeën, fir Beruffungen an eiser Lëtzebuerger Kierch ze bieden. «Berufungen entstehen im Gebet und aus dem Gebet; und allein im Gebet können sie Bestand haben und Frucht tragen.», seet de Poopst Franziskus.

Prière pour les vocations

Seigneur Jésus, appelle du milieu de tes frères, les vocations nécessaires pour la croissance de ton église et le salut du monde. Qu’elles soient animées du feu ardent de ton Esprit-Saint.
Et toi Marie, Consolatrice des affligés, Mère de toutes les vocations, Reine des apôtres de Jésus, augmentent en nos familles le respect et l’amour pour toutes les vocations. Que ta prière en suscite de nouvelles vocations: consacrées, sacerdotales, religieuses, missionnaires, diaconales.
Prends sous ta bienveillance, ô Marie, toutes les familles de la terre. Que ton intercession guide tous nos frères séminaristes et propédeutes, nos frères et sœurs postulants et novices. Qu’ils deviennent chaque jour davantage des serviteurs joyeux et amoureux du Christ, passionnés de son évangile, attachés à son église. Amen.

Loosse mir also op d’Firsprooch vu Maria, eiser Patréinesch fir Beruffunge bieden – besonnesch fir Priister, Diakonen an Uerdensleit. Huele mir äis all Dag e puer Momenter Zäit fir dëst grousst a fir eis Kierch liewensnoutwendegt Uleies. « Die Ernte ist groß, aber es gibt nur wenig Arbeiter. Bittet also den Herrn der Ernte, Arbeiter für seine Ernte auszusenden! » (Lk 10,2).
MERCI fir äert Gebiet!
Reiners Jean-Pierre, Dechen

Eis Parblieder vun de läschte Méint / Nos bulletins des mois précédents

zeréck op d’Haaptsäit

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement