Aktuelle Parbréif

Le bulletin paroissial actuel

Fir opzemaachen, w.e.gl op d’Bild klicken.
Pour ouvrir, veuillez cliquer sur l’image.


Virwuert / Préface

Maach et wéi d’Blummen – Streck dech der Sonn entgéint

D’Sonneblumm (helianthus, ofgeleet vun de griechesche Wieder helios fir „Sonn“ an anthos fir „Blumm“) ass eng vu menge léifste Blummen. Et gëtt se a verschiddene Gréissten a Schattéierungen. Heiansdo wiisst si ganz eleng an engem Gaart, laanscht de Wee, oder mat villen aneren zesummen op engem Feld. Wann d’Sonneblumme bléien, da wësse mer: Et ass Summer! Mat kenger aner Blumm léisst sech de Summer besser illustréieren wéi mat der Sonneblumm. Net nëmmen, dass si an hirer voller Bléi ausgesäit wéi eng Sonn; si ass och dofir bekannt, dass si sech ëmmer der Sonn no ausriicht, sech der Sonn entgéintstreckt (sou wéi eis et de franséischen Numm „tournesol“ verréit). D’Sonneblumm ass schéin unzekucken, mee dat ass net alles. Si dréit an hirer Mëtt nämlech och déi Kären, iwwert déi sech am Hierscht net nëmmen d’Villercher erfreeën.
D’Sonneblumm ass e Bild fir de Summer, d’Freed an d’Schéinheet. Si kann awer och zu engem Symbol fir eis Chrëschtinnen a Chrëschte ginn. Sou wéi d’Sonneblumm sech der Sonn no dréint, sou kënne mir d‘ Liewen op eis Sonn Jesus Christus ausgeriichten an eis him entgéintstrecken. De Jesus, dee fir eis d’Liicht vum Liewen ass, gëtt esou zu enger Inspiratioun fir eist Denken a Maachen. Sou wéi d’Sonneblumm Freed ausstralt, kënne mir d’Freed an d‘Léift vum Jesus ausstralen a selwer zu engem Liicht fir anerer ginn. A genau wéi d’Sonneblumm dréit och jiddereen vun eis e kostbare Schatz an sech, deen et sech lount, entdeckt ze ginn a mat aneren ze deelen.
An de Sonndesevangelien vun dëse Summerwochen gebraucht de Jesus och Biller aus der Natur. Do hu mer de Séimann deen op d’Feld geet fir ze séinen (Mt 13,1-23), d’Gläichnis vum Moschterkär (Mt 13,24-43) a vum Schatz am Aker (Mt 13,44-52). Hei weist eis de Jesus, wéi mer mat eise Somkären ëmgoen a si benotze kënne fir dass si och Fruucht bréngen.
Fir dass an der Sonneblumm déi vill Käre kënne wuessen an zeideg ginn, brauch et Zäit a vill Sonn. Ech wënschen eis an dëser Summervakanz och déi Zäit, déi mer brauchen. Zäit fir ze rouen, ze entspanen, ze entdecken, ze genéissen, ze spillen, ze liesen, ze laachen. Zäit eleng an Zäit mat aneren. A vergiesse mer dobäi net, eis der Sonn Jesus Christus ëmmer erëm entgéint ze strecken, eis vun him erliichten ze loossen a mat Zouversiicht an d’Zukunft ze goen. Well, deen, deen der Sonn entgéint geet, dee léisst de Schiet hannert sech.

E Mënsch, dee säi Liewen op ganz besonnesch Aart a Weis der Natur an och dem Jesus verschriwwen hat, war den Hellege Franz vun Assisi, deem säin 800ten Doudesdag mer dëst an d‘nächst Joer feieren. Wéi keen aneren huet heen de Glawen an der Verbonnenheet mat der Natur an an der Zouwendung zu Jesus gelieft. Fräi nom Sonnegesang vum hellege Franziskus, kënne mer Gott luewen an him Merci soen:
„Sei gelobt, mein Herr, mit allen deinen Kreaturen. Besonders mit unserer edlen Schwester Sonne, die den Tag macht und mit der du uns leuchtest. Und schön ist sie und strahlend mit großem Glanz: Von dir, o Höchster, ein Sinnbild.“
An deem Sënn wënschen ech iech alleguer eng ganz schéi Summerzäit an eng erhuelsam Vakanz.

Eric Enders, Katecheet


Don fir Parblat / Don pour le bulletin paroissial


"Den Hellege vum Mount ..."


Eis Parblieder vun de läschte Méint / Nos bulletins des mois précédents


zeréck op d’Haaptsäit

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement