Aktuelle Parbréif

Le bulletin paroissial actuel

Fir opzemaachen, w.e.gl op d’Bild klicken.
Pour ouvrir, veuillez cliquer sur l’image.


Dat nächst Parblat geet vum 11/07 - 31/08/2026.
Bestellt w.e.g Är Massen bis spéitstens Méindes Mueres, de 29/06/26 !
Merci am Viraus.
Prochain bulletin paroissial du 11/07 - 31/08/2026
Pour vos intentions des messes, veuillez s.v.p vous adresser au secrétariat paroissial - au plus tard le lundi matin, 29/06/26 ! Merci


Virwuert / Préface

Zum Häerz-Jesu-Fest, den 12. Juni 2026

Dem Jesus säin Häerz steet op fir all Mënschen

Eist Häerz ass e Wonnerwierk vun der Natur. Et suergt dofir, datt d’Blutt duerch eise Kreeslaf befördert gëtt an all Organer mat Sauerstoff, Nährstoffer a liewensnoutwendege Substanzen versuergt ginn.
D’Häerz ass awer méi, wéi just e Muskel aus Fleesch a Blutt. An eiser Kultur ass et och e Symbol fir d’Séil vun engem Mënsch. Am Häerz spiere mir Matgefill, Freed, Leed an Zäertlechkeet. Mat dem Häerz verbanne mer Gefiller, wéi Léift an Trauer, awer och Haass a Näid. Kee Wonner, datt d’Sprooch och voll vun Ausdréck ass, wou d’Häerz dra virkënnt. Mir gréissen zum Beispill häerzlech oder handele munchmol ouni Häerz a mir soen, datt een e mëllt Häerz huet.
D’Häerz-Jesu-Fest geet zréck op d’Visiounen vun der Schwëster Maria Margareta Alacoque, déi zu Paray-le-Monial gelieft huet. Si huet 1673 de Jesus gesinn, deem säin Häerz bei dëser Visioun geflaamt huet a vun enger Därekroun ëmgi war. Dat ass als Opfuerderung ausgeluecht ginn, esou e Fest anzeféieren. De Poopst Clemens III. huet et 1765 offiziell unerkannt an de Pius IX. huet et fir d’ganz réimesch Kierch virgeschriwwen.
Op dësem Fest hu mer am Evangelium dem Jesus säin Opruff : « Kommt all bei mech, déi dir iech plot an riskéiert ënnert de Laaschten vum Liewen zesummenzebriechen. Ech wäert iech Rou verschafen. » (Mt 11,28)
D’chrëschtlech Konscht vum Mëttelalter huet dësen « Heilandsruf » opgegraff an en Andachtsbild geschafen, dat als « Johannes-Minne » bezeechent gëtt.
Eng besonnech schéin Duerstellung, déi dir vir op dësem Parblat gesitt, steet am fréiere Klouschter Heiligkreuztal. Duergestallt ass de Johannes, wéi hien nierwend dem Jesus sëtzt a säi Kapp op dësem seng Broscht leet. Hien rout um Häerz vu sengem Här, wéi beim Leschten Abendmahl am Johannesevangelium. Et ass e Bild voller Innegkeet, dat eis weist, datt de Jesus en Häerz huet, dat fir eis Mënschen schléit, dat grouss genuch ass, fir eis all Plaz ze bidden an eis Gebuergenheet a Fridden ze schenken.
D’Bild weist weider, wéi déi zwee sech d’Hänn reechen a wéi de Jesus dem Lieblings- jünger seng Hand op d’Schëller leet. Dat gesäit aus, wéi wann de Künstler, de Meeschter Heinrich vu Konstanz, d’Wuert vum Psalm 139,5 am Bléck gehat hätt : « Du Gott ëmschléiss mech vun alle Säiten a lees deng Hand op mech. » Dat bréngt och en ergräifend Gefill vu Gebuergenheet an Zesummegehéieregkeet zum Ausdrock.
Jo, dës Duerstellung stellt eis schéi virun Aen, datt Gott en Häerz fir eis huet, an datt dëst am mënschlechen Häerz vum Jesus schléit. Him kann ech vertrauen, well hien waacht iwwert mech. Hien ass sensibel fir meng Freeden an Hoffnungen, fir meng Suergen an Ängschten, fir alles, wat mech belaascht a bedréckt. Säin Häerz steet op, net nëmme fir mech, mee fir all Mënschen ouni Ausnahm. Vun him geet nëmme Léift a Fridden aus.

Romain Gillen, Paschtouer


Don fir Parblat / Don pour le bulletin paroissial


"Den Hellege vum Mount ..."


Eis Parblieder vun de läschte Méint / Nos bulletins des mois précédents


zeréck op d’Haaptsäit

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement