Fürbitten

Fürbitten Dräifaltegkeetssonndeg

Foto: Sylvio Krueger_pfarrbriefservice.de

Mir gleewen a bekennen eisen dräieenege Gott. Zu him biede mir mat Vertrauen: (mir äntferten: Schéck eis däi Geescht)

- Mir bieden fir jiddereen, deen engagéiert ass fir d’Demokratie weltwäit ze schützen, fir jiddereen, dee géint Faschismus a Friemenhaass ass. Du Gott vun der Erléisung…

- Mir bieden fir all déi, déi duerch Krich an Honger am Mëttleren Oste menacéiert sinn, fir jiddereen, dee sech fir e friddlecht Zesummeliewen vun alle Leit beméit, fir jiddereen, dee fir d’Liewe vun den israelesche Geiselen schafft. Du Gott vun der Erléisung…

- Mir bieden fir d’Affer vum Krich a Gewalt an der Ukraine an op der ganzer Welt, fir jiddereen, dee säin Doheem verluer huet oder souguer entfouert gouf; fir jiddereen deen Ënnerdaach an Hëllef bitt. Du Gott vun der Erléisung…

- Mir bieden fir d’Leit an Neikaledonien, fir jiddereen, dee fir d’Selbstbestëmmung vun den éischte Vëlker do schafft, fir jiddereen, deen un enger friddlecher Léisung vun de Konflikter schafft. Du Gott vun der Erléisung…

- Mir bieden fir jiddereen, deen vun Iwwerschwemmunge getraff ass oder aner Konsequenze vu schwéiere Wieder, fir jiddereen dee séier a professionell hëlleft, fir jiddereen dee sech solidaresch weist an ënnerstëtzt. Du Gott vun der Erléisung…

- Mir bieden fir eis Kierch: fir jiddereen, deen, trotz Schwieregkeeten, sech fir eng Erneierung engagéiert, fir jiddereen dee mat Léift fir Kierch a Leit schafft. Du Gott vun der Erléisung…

Gudde Gott, du bass Papp, Jong a Geescht a Léift an Dräifaltegkeet. Mir soen Dir Merci fir Däi wonnerbat Wirken elo a fir ëmmer - Amen


D’Fürbitten als PDF-Download: texte au format PDF

Fürbitten Dräifaltegkeetssonndeg B

all Fürbittentexter amArchiv / tous les textes à l’archive

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement