Andeem dir dësen Internetsite benotzt, sidd Dir mat Cookien d'accord, déi äert Surfe verbesseren an eng Statistik iwwert d'Kucke vun de Säiten erstellen. Méi Informatioun.
De Christus, deen mir haut als Kinnek feieren, offenbart seng Gréisst net duerch Muecht an Herrschaft, mee duerch seng Léift fir d’Mënschheet. Hien ass de gudden Hiert – vun deem de Prophéit Ezechiel schwätzt –, deen déi Verlueren sicht, déi Schwach stäerkt an de Blesséierte bäisteet. Mat dësem Vertrauen brénge mir d’Uleies vun eiser haiteger Zäit virun Hien a bieden:
Fir d’Mënschen am Gazasträifen, deenen hir Zelter an Noutënnerkënft duerch Wanterreen iwwerschwemmt goufen, an déi sech Suerge maachen ëm Iessen, Hëtzt a Sécherheet. V: Christus, Kinnek vum Fridden. Christus, héier eis.
Fir d’Mënschen an der Ukrain an an alle Regiounen, déi ënner Krich leiden, an déi no Jore vu Gewalt an Zerstéierung ëmmer nach un der Hoffnung op Fridden festhalen mussen. V: Christus, Kinnek vum Fridden. Christus, héier eis.
Fir déi Millioune Mënschen op der ganzer Welt, déi gezwonge waren, hir Heemecht ze verloossen, an déi elo op Oflehnung stoussen – sief et un de Grenzen oder duerch feindlech Haltungen an der Gesellschaft an am Alldag. V: Christus, Kinnek vum Fridden. Christus, héier eis.
Fir all déi, déi sech – ungesichts vun de klammenden Liewenshaltungskäschten – Heizung, Liewensmëttel an aner noutwendeg Saache net méi leeschte kënnen oder nëmme mat grousser Schwieregkeet leeschte kënnen. V: Christus, Kinnek vum Fridden. Christus, héier eis.
Fir déi 388 Millioune Chrëschten, déi wéinst hirem Glawen Feindlechkeet a Verfollegung erliewen; a fir all Mënschen, déi wéinst hirer Relioun, hirer Ofstamung oder hirer Hierkonft bedreet an ënnerdréckt ginn. V: Christus, Kinnek vum Fridden. Christus, héier eis.
Fir all déi, déi duerch Musek a Gesank dozou bäidroen, der Botschaft vu Gott eng Stëmm ze ginn an d’Feier vun der Liturgie ze beräicheren. V: Christus, Kinnek vum Fridden. Christus, héier eis.
Mir bieden fir eis Verstuerwen, besonnesch fir déi, ëm déi keen méi trauert an deenen hir Nimm anscheinend vergiess goufen. V: Christus, Kinnek vum Fridden. Christus, héier eis. Christus, du bass de Kinnek, deem säi Räich op Léift a Barmhäerzegkeet gegrënnt ass. Dir vertraue mir eis Uleies un.
Mir luewen an éiere dech, zesumme mat Gott dem Schëpfer an dem Hellege Geescht – haut, all d’Deeg vun eisem Liewen an an Éiwegkeet. Amen.
D’Fürbitten als PDF-Download: texte au format PDF
Fürbitten:Christkönig
all Fürbittentexter amArchiv /669 tous les textes à l’archive