Andeem dir dësen Internetsite benotzt, sidd Dir mat Cookien d'accord, déi äert Surfe verbesseren an eng Statistik iwwert d'Kucke vun de Säiten erstellen. Méi Informatioun.
"Gitt Gott, wat Gott gehéiert." Am Vertrauen dorop, datt eist Liewen an d’Welt an den Hänn vu Gott leien, brénge mir d’Uleies vun eiser Zäit virun Hien a bieden:
Fir d’Affer vum Zesummebroch vum Schouldach a Pakistan, fir hir Familljen a fir all déi, déi vun Ongléck, Katastrophen an de Konsequenze vun ongenügender Sécherheet betraff sinn. V: Gott, Quell an Zil vum Liewen. Härgott, héier eis.
Mir bieden fir d’Mënschen an der Ukrain an an alle Regioune vun der Welt, déi Krich, Zerstéierung a Verloscht erdroe mussen. V: Gott, Quell an Zil vum Liewen. Härgott, héier eis.
Mir bieden fir d’Affer vun Haass, Ausgrenzung a politescher oder reliéiser Verfollegung, a fir e friddlecht Zesummeliewen tëscht alle Reliounen a Vëlker. V: Gott, Quell an Zil vum Liewen. Härgott, héier eis.
Mir bieden fir all déi, déi Verantwortung fir anerer droen: fir déi, déi d’Wuel vun der Allgemengheet am Bléck hunn, a fir déi, déi sech beméien, Entscheedungen am Geescht vu Fridden, Gerechtegkeet a Mënschlechkeet ze treffen. V: Gott, Quell an Zil vum Liewen. Härgott, héier eis.
Mir bieden fir de Poopst Leo XIV. a fir all déi, déi op Heelung, Trouscht an nei Kraaft hoffen. V: Gott, Quell an Zil vum Liewen. Härgott, héier eis.
An engem Moment vun Stëllt brénge mir eis eegen Uleies viru Gott. Denke mir besonnesch un déi, fir déi mir versprach hunn ze bieden. V: Gott, Quell an Zil vum Liewen. Härgott, héier eis.
Mir bieden fir all déi, déi ëm e geléifte Mënsch traueren, a fir eis Verstuerwen. V: Gott, Quell an Zil vum Liewen. Härgott, héier eis.
Gott, Du bass den Här vun der Geschicht an e Frënd vum Liewen. D’Welt an alles, wat dora lieft, gehéiert Dir. Dat bieden mir duerch däi Jong, Jesus Christus, deen an der Eenheet vum Hellege Geescht mat dir lieft a regéiert, elo an an Éiwegkeet. Amen.
D’Fürbitten als PDF-Download: texte au format PDF
Fürbitten 29.Sonndeg am Jkr A
all Fürbittentexter amArchiv /669 tous les textes à l’archive