Fürbitten

Fürbitten 10. Sonndeg am Jkr B

Bild: Manuela Steffan_pfarrbriefservice.de

Gottes Léift ass ëmmer méi grouss wéi mir eis et virstellen kënnen. Hien mécht ëmmer en Neiufank méiglech,och an anscheinend hoffnungslose Situatiounen. Sou bréngen mir eis
Bedenken viru Gott a bieden:

- Fir de Poopst Franziskus, fir d’Bëscheef a fir all Männer a Fraen, déi Verantwortung an der Kierch an an eise Gemeinschaften hunn. Härgott, héier eis.

- Fir all déi séch beméien hiert Liewen no déngem Wëllen auszeriichten; fir jiddereen, dee Schwieregkeeten huet tëscht Wourecht a Lijen z’ënnerscheeden. Härgott, héier eis.

- Mir bieden fir all déi, déi sech an anscheinend hoffnungslos Schold verwéckelt hunn; fir déi, déi gär Verantwortung a Schold op anerer drécken; fir jiddereen, dee mëll vis-à-vis vun aneren an och géint sech selwer ass, an och fir déi, déi et schwéier fannen ze verzeien. Härgott, héier eis.

- Mir bieden fir déi, un deene mir schëlleg gi sinn, a fir jiddereen deen eis eppes schëlleg ass. Härgott, héier eis.

- Mir bieden fir d’Leit vun der Ukraine a Gaza, wou Gewalt an Terror weidergeet; fir d’israelesch Geiselen, a fir all Leit, déi mësshandelt a gefoltert ginn; fir déi mëssbraucht Leit
an alle Krichs- a Krisegebidder op der Äerd. Härgott, héier eis.

- Mir bieden fir d’Leit an Europa, déi haut opgeruff sin fir d’EU-Parlament ze stëmmen; fir jiddereen, dee fir e friddlecht a gemeinsamt Europa schafft; fir déi, déi Europa éischter als eng Gefor gesinn. Härgott, héier eis.

- Mir bieden fir jiddereen deen eist Zesummeliewen lokal formt an an de Veräiner a Paren engagéiert ass. Härgott, héier eis.

- Fir déi Leit, déi weider vun Iwwerschwemmungen betraff sinn; fir déi Doudeg a Blesséierten an hir Famillen; fir all, deenen hir Haiser an Appartementer oder Betriber duerch Waasser a Bulli an Dreck staark beschiedegt sinn;n fir jiddereen an de Rettungsdéngschter, déi sech fir séng Matmënschen opgestan ass a gehollef huet an nach ëmmer mécht. Härgott, héier eis.

Du Gott schenks eis an der ganzer Welt d’Zukunft an d’Hoffnung. Dorobber vertraue mir. An dofir soen mir dir Merci duerch Jesus Christus déngem Jong, am Hellege Geescht haut
a muer a bis an déng Éiwegkeet. Amen


D’Fürbitten als PDF-Download: texte au format PDF

Fürbitten 10.Sonndeg am Jkr B

all Fürbittentexter amArchiv / tous les textes à l’archive

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement