Aktuelle Parbréif - lettre paroissiale actuelle

Parbréif - Lettre paroissiale 29.11.2025 - 18.01.2026
Hei kënnt der iech de Parbréif ukucken.
Ici vous pouvez consulter la lettre paroissiale.

EEN NEIE WEE !

All Kéiers wa mir d’Adventszäit nei ufänken, dann ass dat eng Virbereedung op d’Chrëschtzäit a soumat op de grousse Moment, wou mir Gott a Jesus Christus erliewen a begéine kënnen. D’Adventszäit ass awer och ëmmer erëm eng Geleegen-heet säi perséinleche Wee ze iwwerdenken, dësen am Liicht vum Evangelium ze betruechten.

Wat seet de Jesus äis an dëser Zäit ? Wat si Seng Wierder ? Wat erkenne mir doran a wéi kënne se fir äis eng Hëllef sinn ?

D’Adventszäit ass eng Chance nei unzefänken ... an de Jesus begleet äis um Wee ! Kommt mir wëllen dës Zäit mat der néideger Rouh a Gedold erliewen, jo, mir gi beschenkt an ... mir sinn opgeruff och anerer ze beschenken.

E neie Wee ... si mir bereet ? Traue mir äis ? Keng Angscht, Gott gëtt Mënsch, Hien ass äis no a weist äis de Wee ! Adventszäit ... eng Chance nei unzefänken a Gott ze begéinen !

Chaque année, j’attends avec impatience la période de l’Avent, car c’est en effet l’occasion de réfléchir à son propre cheminement dans la lumière de Dieu. Je nous souhaite à tous une période de l’Avent bénie et une période de Noël fructueuse.

Nous sommes tous appelés à nous investir, car nous formons une communauté aux multiples talents. Ensemble, nous sommes forts et Dieu est notre centre, Dieu qui s’est fait homme en Jésus-Christ !

Que Dieu nous montre le chemin et que nos oreilles et surtout notre coeur soient ouverts à Son message et aux voix de tous ceux et celles qui nous entourent !

Eng geseenten Advents- a Chrëschtzäit !

Romain Richer
Curé-doyen adj.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement