Musiksgrupp - Groupe de musique


De Musiksgrupp aus der Par setzt sech zesummen aus engem Instrumentegrupp an engem Sanggrupp. Sie animéiren virun allem déi grouss Kannermassen. Den Instrumentegrupp spillt och nach bei aanere Geleenheeten, wéi z.B. bei der Kommioun a bei der Firmung.

Am Instrumentegrupp spillen Kanner, Jugendlech an Erwuessener zesummen. Jidfereen, deen ee (portabelt) Instrument spillt a schons all Nouten kennt, ass härzlech wëllkomm fir matzemachen. Prouwen sin ëmmer dann, wann eng Mass usteet, wou mir spillen.

Am Sanggrupp därfen all Kanner déi Freed um Sangen hun matmachen. D’Prouwen sin normalerweis 1 bis 2 mool am Mount Samsdes moies.

Wien Loscht huet matzemachen, soll sech einfach bei der Parassistentin melden (Tel. 621 18 50 15).

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement