Edith Stein

Geschichte einer Ankunft. Leben und Denken der Philosophin, Märtyrerin und Heiligen


Home Back Print Kontakt

Schonn zënter ville Joren beschäftegen ech mech mat der Edith Stein. Vill vun hire Schrëften hunn ech gelies an derniewent och munch Bicher iwwer si. Mä dëst Joer ass ee besonnescht Joer. Den 9. August 2022 sinn et 80 Joer hier, dass d’Edith Stein am Konzentratiounslager Auschwitz-Birkenau ermort ginn ass.[1] Et ass deemno schonn gutt nach emol op hiert Liewen zeréck ze kucken. Den Historiker Klaus-Rüdiger Mai huet ee ganz interessant a liesenswäert Buch geschriwwen. Et ass net einfach eng Biographie. Et ass d’Beschreiwung vun engem Wee, deen d’Edith Stein an der Zäit geet, déi vu villen schwéiere Katastrophen bestëmmt ass. Mä et ass awer och eng Zäit vum Opbroch. De Mai ass ee bekennenden lutheresche Chrëscht, deen aus engem duerchaus neie Bléckwénkel d’Liewen vun der Edith Stein opzeechent. Hien geet dee Wee vun hirem Sichen am Liewen, an der Philosophie an am Chrëscht-Sinn no.

D’Liewen vum Edith Stein ass wéi een onentdeckte Schlëssel fir déi däitsch Geschicht vum Ufank vum 20. Joerhonnert, seet de Mai. (S. 338) Mat dëser Fra, mat dëser Kämpferin fir d’Recht vun der Fra an der Gesellschaft an an der Wëssenschaft kann een effektiv ganz gutt op eng beweegten Zäit vun der europäescher Geschicht kucken. Awer ganz däitlech kritt een och een Abléck, wéi deemools lues a lues Mënschen vu jüddeschem Glawen ëmmer méi an den Eck gedréckt goufen. D’Edith Stein ass jo gebuer an eng jüddesch Famill. Si selwer huet sech als jonke Mënsch net weider ëm dee Glawe beméit. Awer als grouss Denkerin a Philosophin, déi vun den éischte Momenter vun der neier Stréimung vun der Phenomenologie derbäi war, geet si ee Wee dee ganz anescht verleeft, wéi dee vu villen Phenomenologen vun deemools. Wärend de Martin Heidegger säi kathoulesche Glawen als Folleg vun sengem Nodenken opgëtt, fënnt d’Edith Stein ëmmer méi zu deem chrëschtleche Glawen an dann eben och den 1. Januar 1922 duerch d’Daf an déi kathoulesch Kierch.

De Klaus-Rüdiger Mai beschreift hire Wee ganz gutt a mat groussem Respekt. Säi Buch liest sech wéi ee Roman. Awer et ass de reale Wee vun enger Fra, déi héich gescheit war an déi duerch ganz vill äusser Ëmstänn ëmmer nees gebremst an zeréck gesat gouf. An hirem Liewe ginn et vill Momenter vun Enttäuschung. Am Buch kommen och déi ganz mënschlech Gefiller vu Léift zu Kolleegen a Frënn zur Sprooch. Och um mënschleche Plang war d’Edith Stein ëmmer op der Sich.

Natierlech kommen am Buch hei och hir philosophesch Weeër net ze kuerz. Bäi munche Passagen wäert d’Liesen net ganz esou einfach sinn, wann ee net esou vill Anung huet vum philosopheschen Denken. Dat soll allerdéngs keen ofhalen dëst Buch an d’Hand ze huelen. Ech hunn iergendwéi den Androck, dass et eng duerchaus wäertvoll Aféierung ka sinn, fir des Dimensiounen kennen ze léieren. Vläicht mécht et jo Loscht, fir sech emol an de Beräich vun der Philosophie vir ze woen. Ech denken dëst Buch kann an deem Sënn duerchaus en Impuls zum weideren Liesen a Studéiere sinn.

Jiddefalls bréngt engem dëst Buch de Mënsch Edith Stein an all senge Facetten méi no. D’Potential vun hirem Liewen a vun hirem Denken, dat sech an deene ville Schrëften vun hir erëm spigelt, ass nach laang net ausgeschäfft a waart drop, dass et nei oder iwwerhaapt emol entdeckt gëtt. Den Auteur seet a sengem „Nachwort“: „Was mich interessiert hat, ist, die verborgenen Momente aufzuspüren, in denen Leben zu Denken und Glauben wird, und sich Glauben wieder über das Denken im alltäglichen Leben ausdrückt und wirkt.“ (S. 340) Et muss ee versichen eng Persoun wéi d’Edith Stein an hirer Zäit an aus hirer Zäit eraus ze verstoen. (S. 340) Ech denken, dat ass dem Auteur duerchaus gelongen. Ech hu mat Genoss gelies a kann ganz berouegt soen, dass dëst Buch soll gelies ginn.

[1] Op den Doudesdag vum Edith Stein wierklech den 9.8.1942 war, ass net onbedéngt esou sécher, wéi et bis elo ugeholl gouf. An engem Artikel am Edith Stein Joerbuch 2022 gëtt jiddefalls op munch Ongereimtheeten an deem Punkt higewisen. Et ass duerchaus méiglech, dass d’Edith Stein nach eng länger Zäit um Liewe war am KZ Auschwitz-Birkenau an eréischt méi spéit gestuerwen ass. Op si vergaast gouf oder un enger Krankheet gestuerwen ass, kann an deem Fall net gesot ginn. Hei d’Referenz zum Artikel: Rainer Schmidt, Zum Tod der hl. Edith Stein im KZ Auschwitz-Birkenau, in: Edith Stein Jahrbuch 2022, Echter Verlag Würzburg 2022, S. 48-71.

Carlo Morbach


Klaus Rudinger Mai: Edith Stein Geschichte einer Ankunft. Leben und Denken der Philosophin, Märtyrerin und Heiligen
Kösel Verlag München 2022 352 Seiten, 22- €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement