Was auf dem Spiel steht

Die Zukunft des Christentums in einer säkularen Welt


Home GoBack Print Kontakt

Mir liewen an enger Zäit, déi déif gepräägt ass vu Verännerungen an eiser kierchlecher Gemeinschaft. Villes, wat fréier mol als wäertvoll a gutt verstane gouf, ass eis haut extreem friem ginn. Déi vill Skandaler droen dann och hiert dozou bäi, dass d’Verkënnegung vun der Kierch net méi bäi de Mënschen ukënnt. Wat do maachen? Wéi sech als Kierch do nei positionéieren?

Den Ënnertitel vum Interview-Buch vun eisem Äerzbëschof léist eigentlech op eng Aart Léisung hindeiten. Awer eng wierklech Léisung vun all de Problemer vun eiser Kierch huet hien och net. Kann een déi iwwerhaapt hunn?

Ech hunn dëst äusserst spannend Buch an engem Zock duerchgelies. Et ass ganz lieserlech geschriwwen, flott a voll vun interessante Siichtweisen. Vill Biographesches iwwer eisen Äerzbëschof kann een hei liesen. A schonn eleng dat mécht mir hien ee gutt Stéck méi sympathesch. A Villem kann ee spieren, wien hien ass, wéi hien denkt a fillt. Hie gëtt hei een déiwen Abléck an sech selwer. Mä dann erzielt hien eben och vun der Kierch a sengem Wee an der Gemeinschaft. Vill Beréierungspunkten konnt ech do gesinn. A menger Generatioun, ech si jo nëmmen ee Joer méi jonk wéi hien, war nach Villes an eiser Kierch a besonnesch op klengen Dierfer, wéi an engem klenge Paradäis. Zënter hier huet sech awer do praktesch alles geännert. D’Kierche sinn eidel ginn. D’Kanner a Jugendlech sinn net méi do oder ganz rare. Wéi et dozou komm ass a wat een do misst maachen, ass eng grouss Fro, wou et nëmme schwéier eng Äntwert gëtt. Deene gudden alen Zäiten nozetraueren bréngt et net. Mir mussen nei Weeër goen.

A ganz Villem schwätzt den Äerzbëschof mir wierklech aus dem Häerz. Seng Siicht op eis kierchlech Gemeinschaft ass net bequeem. Si fuerdert eraus. Mir mussen nodenken. Mir mussen eis a ville Punkten radikal veränneren an och bis elo ongewinnten Gedanken zouloossen. Firwat net den Zölibat ophiewen? Firwat net och Fraen a kierchlech Ämter beruffen a weien? Dee ganze Komplex vun de moralesche Virstellungen muss sech deenen neisten wëssenschaftlechen Erkenntnisser upassen. Dat wëll natierlech net heeschen, dass een all modern Ideologien muss gutt heeschen an si kierchlech uwenden.

Wichteg ass awer, an dat erfreet mech zudéifst un dësem ganz liesenswäerte Buch, dass et engem Gedanken an Iddien liwwert, iwwer déi een einfach emol muss nei nodenken. Ech hunn den Androck, dass eisen Äerzbëschof duerchaus eng ganz realistesch Vu vun eiser Kierch huet. Villes steet wierklech op dem Spill. A mir all mussen dat Spill nei spillen. Hien eleng als Bëschof kann dat net leeschten. Do si mir all gefrot.

Dëst Joer, wou och zu Lëtzebuerg dee synodale Wee ugefaangen huet, ass et wichteg sech dësen Gedanken ze stellen. Wéi gesot munches ass wuel onbequem, well et eis als Mataarbechter an der Pastoral mä och jidder Chrëscht erausfuerdert. Ech sinn dankbar fir des däitlech a kloer Wierder. Ech kann nëmme soen: liest dëst Buch an huelt iech eisem Äerzbëschof seng Iwwerleeungen zu Häerz. Nëmmen zesumme kënne mir d’Zukunft vun eiser Kierch, vun eisem Glawe gestalten.

Carlo Morbach


Kardinal Jean-Claude Hollerich: „Was auf dem Spiel steht“ Die Zukunft des Christentums in einer säkularen Welt
Verlag Herder, Freiburg 2022, 140 Seiten, 15,00 €


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement