|
Fest vum Hellegen Antonius 17.1.2021
An eiser grousser Par "Regioun Iechternach St. Willibrord" gëtt den hl Antonius de Groussen als Patréiner vun der Kapell vu Rippeg an als Niewepatréiner vun de Kierchen vu Beefort a Berdorf veréiert. Säi Festdag soll dofir och dëst Joer net vergiess ginn. De Bauerejong Antonius gouf an der Mëtt vum 3. Joerhonnert an Ägypten gebueren an huet mat 18 Joer d’Verméigen vun sengen chrëschtlechen Elteren geierft. Hien war domadder nawell fir déi deemoleg Zäit zimmlech gutt drun. Grad vun deem Evangelium, wat op sengem Fest gelies gëtt (Mt 19, 16-26), war hien enorm begeeschtert an ugesprach. Hien huet alles verkaaft an un Aarmer verschenkt. Hien selwer huet sech an d’Einsamkeet vun der Wüüst zeréckgezunn, wou hien ee groussen Beroder vu ville Mënsche war. Hei hunn sech ëmmer méi Leit ëm hien gesammelt, déi et him wollte gläich maachen. Mat 105 Joer ass den Antonius gestuerwen. Säi Frënd, de Bëschof Athanasius vun Alexandrien, huet eng Biografie iwwert hien geschriwwen, wou zimmlech anschaulech iwwert säi Kampf mat Dämonen an allerlee Versuchungen erzielt gëtt. Mir selwer ginn an eisem Liewen och ëmmer nees a Fro gestalt a mussen eis géint esou munches wieren. Froe mir dofir d’Begleedung an d’Hëllef vun eisem Här Jesus Christus. Kyrie
Här Jesus Christus, du schwätz d’Mënschen un mat denger Botschaft, déi eis frou mécht. Här, erbaarm dech eiser. Dagesgebiet
Här, eise Gott. Du hues hues den hellegen Antonius aus der Welt erausgeruff an him d’Kraaft ginn, fir an der Einsamkeet vun der Wüüst virun dir ze liewen. Hëllef eis op seng Firsprooch hin, eis selwer ze iwwerwannen an dech iwwert alles gär ze hunn. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, Herr unser Gott, du hast den heiligen Mönchsvater Antonius aus der Welt herausgerufen und ihm die Kraft gegeben, in der Einsamkeit der Wüste vor dir zu leben. Hilf uns auf seine Fürbitte, uns selbst zu überwinden und dich über alles zu lieben. Darum bitten wir durch Jesus Christus. Liesungen vum Fest vum Antonius: Eph 6, 10-18 (ongekierzt) / Mt 19, 16-26 Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Ephesus. ANTWORTPSALM (Ps 16 (15), 1-2 u. 5.7-8.9 u. 11 (R: vgl. 5a)) RUF VOR DEM EVANGELIUM (Vers: Joh 8, 31b-32) + Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. (Mt 19, 16-26) Priedegt
Léif Matchrëschten! Wann een dem Hans Conrad Zander mat sengem Buch, “Warum waren die Mönche so dick?” gleewe wëll, da waren déi éischt Pateren an Ägypten alleguer Steierflüchtlinge. Hien hëlt den hellegen Athanasius, ee Frënd vun eisem Antonius als Zeien dofir. Deen erzielt nämlech, dass d’Pateren an hiren Einsiedeleien duerchaus net esou traureg an asketesch gelieft hunn, wéi mir dat esou normalerweis denken. Si ware gudder Laun an hunn sech un hirem Liewe gefreet well, wéi den Athanasius schreift, do goufen si net vun Steierandreiwer geplot. Tatsächlech war et deemools esou, dass d’Groussgrondbesëtzer an Ägypten mat hirem Privatverméigen géintiwwer vum réimeschen Fisk fir d’Steierschold vun der ganzer Gemeinschaft haften. Dat war also dann och de Grond firwat dëser Leit esou vill an d’Wüüst geflücht sinn. Do hu mir et also! Alles nëmme falschen Alarm mat dem Antonius a senge Frënn, oder? Dann trëfft also d’Evangelium vum Fest vum Antonius dann och op des “Flüchtlingen” zou a si kommen net an d’Räich vu Gott? “Eher geht ein Kamel durch ein Nadelöhr, als dass ein Reicher in das Reich Gottes gelangt.” (Mt 19, 24) Dat ass ee Saz, deen un Däitlechkeet jo kaum eppes iwwreg léist. All déi, déi nëmmen op hire Profit an op hire Räichtum kucken si vum Räich vu Gott ausgeschloss. Punkt! Sou ass et, kloer an däitlech! Awer ass dëse Saz wierklech esou kloer? Et gi Stëmmen aus der exegetescher Fuerschung, déi hei behaapten et léiche Mëssverständnesser vir. Zwee Wierder sinn hei méi genee ze analyséieren. Dat eent ass d’Lach vun der Nol an dat anert ass d’Kaméil. Zum engen gëtt behaapt, mat dem Lach vun der Nol wier eng bestëmmte Paart zu Jerusalem gemengt, duerch déi d’Mënschen nëmmen a gebéckter, also a klenger Haltung kéinten goen. Kaméiler géifen deemno hei guer net kënnen derduerch goen. Domadder wier also kloer, dass Kapitalisten, déi arrogant wieren, kaum esou eng damiddeg Haltung kéinten anhuelen fir sech ze bécken an derduerch ze goen. Geld a Räichtum schléissen also de Räichtum vum Räich vu Gott aus. Dat klengt zimmlech aliichtend. Allerdéngs ass d’Existenz vun esou enger Paart zu Jerusalem a fréieren Zäiten net beluecht. Des Deitung ass deemno diskutabel. Een anere Problem stellt dat Wuert Kaméil duer. Muncher soen, dass d’Iwwersetzung hei falsch wier. Dat Wuert Kaméil wier nëmmen duerch ee Mëssverständnes hei am Text. Effektiv gëtt et eng plausibel Méiglechkeet, dass hei soll een deck Seel gemengt sinn, dat sech net kéint duerch een Lach vun enger Nol quëtschen. Am griicheschen bedeit dat Wuert “kamilos”, wat am NT steet, souwuel ee Kaméil wéi eben och een déckt Seel vun engem Schëff. An iwwregens gëllt dat selwecht fir d’aramäesch Sprooch, wou de Begrëff fir Kaméil wéi eben och deen fir een déckt Seel vun engem Schëff “gamala” heescht. Läit also hei an eisen Iwwersetzungen eng Joerhonnerten al falsch Interpretatioun vir? Wier et netmméi logesch hei am Evangelium vun engem decke Seel ze schwätzen wéi vu Kaméiler. Jiddereen ka sech virstellen, wéi schwéier et ass, esou een déckt Seel duerch an eng Nol an ze zéien. Mä wa mir d’Matthäusevangelium weiderliesen, da fanne mir e puer Säite méi wäit een anere Saz, wou erëm mat Kaméiler argumentéiert gëtt. Do heescht et: “Ihr siebt Mücken aus und verschluckt Kamele.” (Mt 23,24) Vläicht sollen Kaméiler wierklech nëmmen derzou dengen fir dass sech d’Lieser vun der Bibel eppes ganz Grousses virstellen, an dass dach am Verglach dozou ee Lach vun enger Nol oder eng Méck äusserst winzeg sinn. Vläicht geet et also hei reng ëm "Effekthascherei". Et wier allerdéngs elo falsch, fir sech eng läscht Erklärung vun dëse Problemer ze erwaarden. Am warscheinlechsten ass et dach wuel, dass de Sproch aus eisem Evangelium vun haut wierklech genau dat mengt, wat en och seet. Op elo ee Kaméil duerch eng kleng Paart muss goen oder duerch ee Lach vun enger Nol, oder op een deckt Seel an eng kleng Nol misst agezu ginn, ass schliisslech zimmlech egal. D’Bild ass an allem Fall kloer an däitlech: De Räiche ka wuel aus eegener Kraaft net an d’Himmelräich kommen. All Geld op der Welt geet net duer fir sech een Entréesbilljee fir dëst Räich vu Gott ze kafen. Eist Evangelium erzielt dann nach, dass dem Jesus seng Apostelen zimmlech betraff waren iwwert seng Ausféierungen. Si selwer stoungen wuel zimmlech um ënneschten Enn vun der sozialer Leeder vun deemools an dach waren si nach wesentlech besser drun wéi déi aarm Däiwelen, deenen si all Dag begéint sinn. Wie kann dann nach gerett ginn?, war hir Fro. An de Jesus äntwert, dass fir Gott alles méiglech wier. Gott mécht et méiglech, dass och Mënschen, déi duerch hire Besëtz verblennt sinn nach kënne gerett ginn. De Jesus wëll grad all deenen d’Aen opmaachen. Hie war an deem Sënn schonn eng Aart Sozialrevolutionär. Den hl. Antonius an nach munch anerer, déi an d’Wüüst geflücht sinn, wäerten dann dach awer och vun dëser Säit vum Evangelium inspiréiert gewiescht sinn. A wann, wéi mat engem decke Schmunzelen am Buch vum Hans Conrad Zander erzielt ass, da muncher och vläicht Steierflüchtlinge waren, sou wäerten si um Enn och vu Gott gerecht gemaach gi sinn. Ech denke mir jiddefalls, léif Matchrëschten, bäi allem Eescht vum Evangelium, wou éischter ee Kaméil duerch een Lach vun enger Nol geet, wéi ee Räichen an den Himmel kënnt, dach ebe just och fir eis all nach eng grouss Chance besteet, och wa mir gutt dru sinn, dass Gott eis erléist an ophëlt. Amen. Seenung vun den Antoniusgowen
Traditionell gi bis haut um Fest vum Antonius op verschiddene Platzen Produkter vum Schwäin an der Kierch geseent. Si sinn eng Erënnerung drun, datt mir mat Aarmen sollen deelen, a gläichzäiteg och ee Merci fir all dat, wat mir fir eist Liewen vu Gott geschenkt kritt hunn. Matt Dankbarkeet wëlle mir dofir elo eist gebiet un eisen Här riichten: Aller Augen warten auf dich, o Herr, du gibst uns Speise zur rechten Zeit. Loosst mer bieden. Här, Jesus Christus, du hues mat dengen Apostelen zesummen gefeiert a giess. Fürbitten
Fir Gott ass alles méiglech. Sou dierfe mir och elo virun hien trieden an him eis Uleies virdroen:
Gott, du bass gutt zu eis Mënschen. Du leets eis op dem Wee vun der Gerechtegkeet an dem Fridden. Dech luewen an éiere mir, elo an an all Éiwegkeet. Amen. Gowegebiet
Här, beim Gedenken un den hellegen Antonius brénge mir mat dëse Gowen eis selwer duer. Huel alles vun eis ewech, wat eis vun dir trennt, fir datt’s du eleng eise Räichtum bass. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen. Herr, im Gedenken an die Hingabe des heiligen Antonius bringen wir mit diesen Gaben uns selber dar. Nimm uns alles, was uns von dir trennt, damit du allein unser Reichtum bist. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn. Schlussgebiet
Allmächtege Gott, mat denger Hëllef huet den hellegen Antonius Muecht vun der Däischtert iwwerwonnen. Stäerk eis duerch déi Brout vum Liewen, wat mir empfaangen hunn an dat eis Heel bréngt, fir datt mir och all Ugrëff vum Béisen kennen ofwieren. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen. Allmächtiger Gott, mit deiner Hilfe hat der heilige Antonius die Mächte der Finsternis besiegt. Stärke uns durch die heilbringende Speise, die wir empfangen haben, damit auch wir die Angriffe des Bösen überwinden. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement