Liens . Links
Agenda
 

Por Öewersauer Saint-Pirmin

Aktuelles

D’Umeldunge fir d’Katechees 2025-2026 laafen!
Mellt och Dir Ärt Kand un, andeems Dir de Formulaire hei hannendrun ausfëllt an eng Mail un oewersauer@cathol.lu maacht
Mir freeën eis op e flott a spannend Joer!


De nächste Gedanke fir d’Famill fir de Mount Juni ass do! Vill Freed zesummen!


Porblat

Dat neit PORBLAT 2025/5 ass do.
Et geet vum 07.06.2025 bis den 13.07.2025!

Dir fannt och dës Kéier rëm Interessantes ënner anerem iwwer de Gnodestull zu Sir oder d‘Päischtfënster zu Nacher. Natierlech ass och alles dran, wat deemnächst bei eis lass ass!
A vergiesst net d‘Infoen zur Katechees ze kucken, an se un Är Famill, Frënn a Bekannte weiderzeginn!😊
Vill Freed beim Duerchbliederen! 🤗

Klickt wgl. op d’Bild fir eranzeluussen!

Wee wëll an eiser Por matmaachen?

Wëlls du bei eis als Benevol matmaachen?
Bei der Katechees, bei der Kommioun, der Firmung, de Jonken, als Lektor/in, als Kameramann, -fra beim Livestream oder soss entzwousch, da mell dech bei eis.

Mir géifen eis freeën!

Kontakt
Paschtouer Marco Wehles Tel.: +352 83 92 11
Pastoralreferentin Stéphanie Kasel Tel.: +352 691 47 44 02
E-Mail: Por Öewersauer
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement