Aus de Pare mat hiren Dierfer

Et ass der Ekipp “Lëtezbueger Massendénger” een Uleies, d’Massendéngerarbecht an eiser Äerzdiözese gutt kennen ze léieren an och ze vernetzen.

Op Nofro vu Paren/Massendéngerresponsabel krut all Par eng Mail mam Logo fir d’Massendéngerarbecht an hir Par - eise Logo vun de Lëtzebuerger Massendénger mam Zousaz “Numm vun der Par” . Et wier flott, wann elo all Par dëse Logo fir d’Infoblieder, Matdeelungen... fir Massendénger benotze géif. Falls nach een de Logo aus der Par brauch - einfach an der Zentral via Mail mellen.
Dëse Logo ass iwwregens a Verbindung mat den 2 Schutzpatréiner vun de Massendénger aus eiser Äerzdiözese: den Hellegen Tarcisius (un dee mir den 09.07. denken) an un den Hellege Willibrord (Festtag 07.11.).
Hei och nach d’Iwwersetzung vum Wuert “Massendénger” fir e puer Friemsproochen fir Äre Massendénger zerkläeren:
däitsch: Ministrant
franséisch: servant d’autel
portuguiesch: acólito

Hutt dir an äre Paren/Parverbänn eng Generalversammlung (oder sou eppes Ähnleches)? - Dir kennt eis roueg an der Zentral Bescheet soen. Falls Dir et wënscht a falls een Ekippemember Zäit huet da kennt och ee Vertrieder vun der “Ekipp Lëtzebuerger Massendénger” och gär bis bäi Iech luussen an Iech besichen. Mir freeën eis iwwer all Kontakter an eiser Äerzdiözese. Villmols Merci fir all Informatiounen. Mail eis einfach an d’Zentral

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement