Eng grouss Hëllef fir de Foyer Buerschent

vun der Chorale Ste Apolline vu Welschent

D‘Chorale Ste Apolline vu Welschent huet op hirer Generalversammlung e Chèque vu 1550 € fir « Reech eng Hand » ginn.
Dës Sue sinn der Erléis vun hirer Kaffisstuff.

D’Mme Andrée Turpel vun der Caritas, Responsabel vum Foyer Buerschent, an d’Mme Marie-Christine Ries, Responsabel vu „Reech eng Hand“ hunn dëse Chèque entgéint geholl.

D’Suen gi fir de Foyer Buerschent genotzt, ënner anerem fir e Fest mat alle Léit ze organiséieren.

Der Chorale vu Welschent, e grousse MERCI, datt si Mënschen op der Flucht d’Hand reechen.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement