|
Newslettere verschéckenCathol Web Dag - Nei Formel, e puer Mol am Joer, Theorie + Praxis, op verschiddene Plazen Merci all deene vun Iech, déi bei eisem Questionnaire iwwer de Cathol Web Dag matgemaach hunn. Di meescht Leit, déi geäntwert hunn, wënsche sech léiwer e puer Mol am Joer eng zibléiert Formatioun zu ënnerschiddleche Sujeten (an der Woch) wéi bis elo e ganzen Dag op engem Samschdeg. Mir invitéieren Iech op eng éischt Formatioun, an zwar fir Newsletter resp. Sammelmailen ze verschécken (via de System Mailjet, deen RGPD-kompatibel ass). D’Formatioun – eng Stonn theoretesch Presentatioun an eng Stonn Praxis – ass e Mëttwoch, den 11. Juli 2018, vun 10 bis 12 Auer am Service Kommunikatioun a Presse (Centre Convict, 5 avenue Marie-Thérèse, Entrée H, Lëtzebuerg-Stad). D’Formatioun ass gratis. Matbrénge soll een, wa méiglech, e Laptop, op deem een och am Alldag schafft. Basiskënntnisser am Ëmgang mam Computer sinn erfuerdert. Fir Informatiounen an Umeldung bis de 4. Juli 2018 : Telefon 44 74 34 01 oder per Mail com cathol.lu. |