|
Héichfest vun der Gottesmamm Maria - 1.1.2023
Léif Matchrëschten! Ech wënschen Iech all schéint a geseenten Neit Joer. Ee laangt Joer mat villen schwieregen Momenter ass erëm eriwwer. Et waren natierlech an hoffentlech fir iech all och vill schéi Momenter an deem vergaangene Joer. Mä mat wat fir Erwaardungen gi mir dann elo an dat neit Joer? Wat wënsche mir eis? Jiddereen huet bestëmmt seng ganz perséinlech Virstellungen, wat hie wëll, dass dat neit Joer soll bréngen.Loosse mir all déi perséinlech Wënsch haut viru Gott bréngen. Hie soll eis duerch dat ganzt Joer begleeden an eis een echten neien Ufank schenken. Dagesgebiet
Barmherziger Gott, durch die Geburt deines Sohnes aus der Jungfrau Maria hast du der Menschheit das ewige Heil geschenkt. Lass uns auch im neuen Jahr immer und überall die Fürbitte der gnadenvollen Mutter erfahren, die uns den Urheber des Lebens geboren hat, Jesus Christus, deinen Sohn, unseren Herrn und Gott, der in der Einheit des Heiligen Geistes mit dir lebt und herrscht in alle Ewigkeit. Dieu tout-puissant, par la maternité virginale de la bienheureuse Marie, tu as offert au genre humain les trésors du salut éternel; accorde-nous de sentir qu’intervient en notre faveur celle qui nous permit d’accueillir l’auteur de la vie, Jésus Christ, ton Fils, notre Seigneur. Lui qui règne. Barmherziger und liebender Gott, durch die Geburt deines Sohnes aus Maria, der „Königin des Friedens“, hast du allen Menschen endgültiges Heil und wahren Frieden zugesagt. Hilf uns, dass wir im Neuen Jahr uns einsetzen für Frieden, Gerechtigkeit und Bewahrung der Schöpfung, mit steter Bereitschaft zum Werk der Versöhnung. Darum bitten wir durch Jesus Christus. Liesungen: Num 6,22–27 / Gal 4,4–7 / Lk 2,16–21 Lesung aus dem Buch Numeri. Kv Gott sei uns gnädig und segne uns. Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinden von Galatien. Halleluja. Halleluja. Einst hat Gott zu den Vätern gesprochen durch die Propheten; heute aber hat er zu uns gesprochen durch den Sohn. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas. Lecture du livre des Nombres. R/ Que Dieu nous prenne en grâce et qu’il nous bénisse ! Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Galates. Alléluia. Alléluia. À bien des reprises, Dieu, dans le passé, a parlé à nos pères par les prophètes; à la fin, en ces jours où nous sommes, il nous a parlé par son Fils. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Luc. Priedegt
Léif Matchrëschten! Eigentlech ass et schonn zimmlech interessant. Haut hu mir vum Paulus seng Versioun vun der Gebuert vu Christus als Liesung aus dem Galaterbréif héieren: „Als aber die Zeit erfüllt war, sandte Gott seinen Sohn, geboren von einer Frau und dem Gesetz unterstellt.“ Dat ass, wann ech et richteg gesinn, déi éischt an déi eelst Erwänung vun der Gebuert vum Erléiser am Neien Testament. D’Evangelien si jo eng Zäit méi spéit niddergeschriwwe ginn. D’Iwwersetzung am Däitschen wéi am Franséischen, déi mir an der Liturgie gebrauchen, entsprécht net grad deem, wat am griicheschen Text steet. Do steet zweemol dat selwecht Verbe an et misst dann éischter heeschen: „geworden aus einer Frau, geworden unter dem Gesetz“1]. Oder: „Dieu envoya son Fils, né d’une femme, né sous la Loi.“2] „ὅτε δὲ ἦλθεν τὸ πλήρωμα τοῦ χρόνου, ἐξαπέστειλεν ὁ θεὸς τὸν υἱὸν αὐτοῦ, γενόμενον ἐκ γυναικός, γενόμενον ὑπὸ νόμον“ (Gal 4,4) 3] Zwee Momenter an dësem kuerze Saz si vu grousser Bedeitung: 1. Den Erléiser gëtt vun enger Fra als normale Mënsch gebuer. De Paulus erkläert hei net, wéi et zu der Gebuert kënnt. Hie schwätzt jo nach net emol vun der Gebuert. Den Erléiser „kënnt“ einfach. Gott ass sécher de Papp. Hien huet den Erléiser geschéckt. Dee gëtt dann awer no dem Text hei vum Galaterbréif ganz natierlech gebuer, ebe vun enger Fra. 2. Den Erléiser gëtt an eng konkret Relioun, Kultur a Gesellschaft era gebuer. Hie kënnt als ee Judd, deen dann och dem mosaesche Gesetz ënnersteet. Hie gehéiert zum Vollek Israel. Hei fält engem direkt op, dass keng schéi Geschicht ronderëm dëst Kommen vum Erléiser geschriwwe gëtt. Fir de Paulus ass et eng Selbstverständlechkeet, dass de „Gottessohn“ „normal“ duerch eng Fra an d’Weltzäit agetrueden ass. Seng Sprooch ass op dat Wesentlecht beschränkt. De Paulus schwätzt net vun „Zeugung“. Gott ass et, deen de Jong schéckt. 4] Awer den Erléiser deelt déi mënschlech Konditioun. Hien ass en echte Mënsch ginn. De Paulus interesséiert sech eenzeg fir d’Resultat vun der Gebuert vum Erléiser. 5] Dofir brauch hien och keng grouss Geschicht. Mä de Jesus ass awer dann vun enger Fra aus dem Vollek Israel gebuer ginn an dofir steet hien ënner dem Gesetz. An nëmmen esou kann hien dann och den Erléiser sinn an eis all vun deem Gesetz fräikafen, wéi et an der Liesung heescht. De Jesus, een echte Mënsch, dee vu Gott selwer geschéckt ass, dee vun enger echter Mamm an d’Welt gesat ass, ënnerstellt sech de Bedingung vun der Welt, fir all Mënschen dann awer vun dem Drock an dem Zwang vum Gesetz fräi ze maachen. Wat soll dat heeschen a bedeiten? De Paulus ass hei an eiser Liesung um Zil vun senger Argumentatioun, (déi hien am Galaterbréif bis elo entwéckelt huet). Hie verweist drop, dass am Fong all Mënschen Kanner vu Gott sinn. Awer si liewen des Bezéiung zu Gott net. Si stinn ëmmer ënner Reegelen a Gesetzer, déi si vun Gott „entfriemen“. Fir d’Judden war et d’Gesetz vum Mose, dat eng „Vormundschaft“ ausgeüübt huet. Fir Net-Judden sinn et dann aner Gesetzer an de jeeweilegen Kulturen, déi d’Mënschen an eng bestëmmte Richtung lenken an hinne soen, wat gutt a richteg a wat eben falsch an net opportun ass. Ech denken hei ganz perséinlech un all dat, wat mir ëmmer nees esou vu ville Säiten haut virgesat kréien. Ech brauch wuel net an d’Detailer ze goen. Mir sinn och ëmmer nees gedriwwen vun deem, wat scheinbar haut richteg ass, wat eis awer och ëmmer nees ganz fest ustréckt, jo och kujenéiert. Mä laut dem Paulus gi mir aus dëse Mëssstänn, och haut net, duerch ee mënschlechen Prozess vu „Reifung“ oder Erwuesse-ginn eraus geholl. All déi Reegelen a gesellschaftlech Konventiounen maachen de Mënsch eigentlech „unmündig“ a loossen hien net zu sech selwer fannen als een, deen iwwer sech selwer bestëmmt. An dofir handelt elo Gott. Hie schéckt säi Jong, fir dass hien an allem an eben och an dësem „Net-Fräi-Sinn“ eis Mënschen gläich gestalt ass. Awer, an dat ass dann deen entscheedende Punkt an dësem Kommen vum Jesus, hien léist sech duerch d’Gesetz net mannerjäreg maachen. Hie léist sech net entfriemen. De Jesus mécht elo all Mënsche fräi vun all deene Gesetzer a Muechten, déi si ënnerdrécken. Si all ginn esou zu echte Kanner vu Gott, déi a vollkommener Fräiheet kënne liewen an handelen. Des Kanner vu Gott kënnen an enger vertrauensvoller Gemeinschaft mat Gott liewen. Meng elo zimmlech béis Fro ass natierlech: Wéi steet et dann haut mat der Fräiheet als Kanner vu Gott? Si mir net och nach ëmmer vu Gesetzer a Reegelen esou agespaart, dass mir des Fräiheet net spieren? Wat sinn all eis Kierchegesetzer a Reegelen anescht, wéi deemools dat mosaescht Gesetz? Nach ëmmer gëtt och an der Kierch mat Angscht geschafft. Du muss dëst an du muss dat, fir dass du an den Himmel kënns! Sécher brauche mir gewësse gemeinschaftlech Reegelen, fir kënnen zesummen ze liewen. Awer gi mir net och nach haut an der Kierch andauernd „bevormundet“ duerch all déi Reegelen? Et sinn d’Zwäng aus der Saach eraus, et sinn déi léif al Traditiounen, déi eis ëmmer nees aspären an eis net als fräi an echt Kanner vu Gott liewe loossen. „Weil ihr aber Söhne seid, sandte Gott den Geist seines Sohnes in unsere Herzen, den Geist, der ruft: Abba, Vater. Daher bist du nicht mehr Sklave, sondern Sohn; bist du aber Sohn, dann auch Erbe, Erbe durch Gott.“ (Gal 4, 6-7) Gott gëtt och eis haut säi Geescht, fir dass mir Kanner vun him sinn. Dat musse mir eescht huelen. De Geescht vu Gott wierkt net nëmmen an de Profien vun der Kierch, net nëmmen zu Roum oder am Generalvikariat / Bistum. D’Zouso, déi de Paulus hei erëm gëtt, bleift gülteg: Duerch de Geescht vu Christus kënne mir an der Vollmacht vun de Kanner vu Gott liewen an handelen. 6] „Als aber die Zeit erfüllt war.“ Ass d’Zäit och haut komm, elo am Joer 2023, dass mir eis nei als Kanner vu Gott fillen an eis Missioun eescht huelen? Am Evangelium kréie mir haut gesot, dass dat kléngt Kand de Numm Jesus kritt. Den Numm Jesus, am Hebräeschen Jehoschua oder Jeschua, bedeit: Gott rett. Loosse mir eis am neie Joer vum Jesus retten virun all deem, wat eis ustréckt? Fürbitten
Loosse mir Gott, dee mat eis geet, ëm seng Begleedung a säi Seegen am neie Joer froen:
Härgott, du begleets eis mat dengem Seegen, haut an am ganze Joer, wat op eis zou kënnt. Dech luewe mir elo an an all Éiwegkeet. Amen. II.
Adressons au Seigneur une prière qui exprime, en ce début d’année, nos souhaits de bonheur, de paix et de santé pour les hommes et les femmes de partout dans le monde. Dieu très bon, écoute-nous. – Des femmes donneront bientôt naissance à un enfant; que le Seigneur les comble de son amour. Seigneur, toi la source de vie et de tout bien, ne détourne pas ton regard de nous et exauce notre prière. Nous te le demandons par ton Fils Jésus, qui vit et règne avec toi, maintenant et pour les siècles des siècles. Gabengebet
Barmherziger Gott, von dir kommt alles Gute, und du führst es zum Ziel. Wir danken dir für den Anfang des Heiles, das du uns in der Geburt deines Sohnes aus der Jungfrau Maria eröffnet hast. Höre auf ihre Fürsprache und führe uns in diesem Jahr näher zu dir. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn. Tu es l’origine de tous les biens, Seigneur, et tu les mènes à leur plein développement; puisque cette fête de Marie, Mère de Dieu, nous fait célébrer notre salut dans son germe, donne-nous la joie d’en receuillir tous les fruits. Par Jésus. Gott, der du die Zeit in Händen hältst, vor dich bringen wir unsere Gaben und das Jahr, das vor uns liegt. Lass uns alle Tage in deiner Liebe geborgen sein durch Christus, unsern Herrn. Hochgebet – „Aufbruch“
Sanctus Du allein, Gott, bist heilig; du willst, dass auch wir heil werden. Er nahm in der Nacht vor seinem Leiden inmitten seiner Freunde Brot, Dann nahm er den Kelch mit Wein, sprach den Lobpreis NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens Guter Vater, du hast Jesus nicht im Tod gelassen, Er wollte nicht, dass alles beim Alten bleibt. Darum bitten wir dich: Wecke uns aus aller Gleichgültigkeit Rühre die Gläubigen an durch deinen Hl. Geist: An dieses Ziel, so bitten wir dich, mögen alle, die vor uns ihren Lebensweg Und wenn sich unsere Erdentage zum Ende neigen, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Eis Welt ass hin an hier gerappt: Striewen no Muecht, Fanatismus, Näid a Mëssgonscht féieren ëmmer weider zu Onfridden ënner de Mënschen. Well jiddereen ëmmer méi muss kréien, kënnt et zu ëmmer méi Kricher, am Alldag wéi an der grousser Welt. Mir brauchen haut méi wéi jee Hoffnung op een wierklech weltwäite Fridden, deen net nëmmen um Blat steet, mä deen och fir all Mënschen ze spieren ass. Sou wëlle bieden, wéi eisen Här Jesus eis et geléiert huet: Vater Unser ... Friddensgebiet
De Messias war dem Vollek Israel als Kinnek vum Fridden versprach ginn. Hien ass als Mënsch gebuere ginn, fir de Fridden an eiser Welt opzebauen. Zu him wëlle mir dofir ruffen: Här, Jesus Christus, schenk eis däi Fridden. Schlussgebet
Herr, unser Gott, am Fest der seligen Jungfrau Maria, die wir als Mutter deines Sohnes und Mutter der Kirche bekennen, haben wir voll Freude das heilige Sakrament empfangen. Lass es uns eine Hilfe sein, die uns zum ewigen Leben führt. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn. Nous avons communié à ton sacrement, Seigneur, en ce jour où nous saluons avec fierté dans la bienheureuse Vierge Marie la Mère de ton Fils, et la Mère de l’Église; que cette communion fasse grandir en nous la vie éternelle. Par Jésus. Vater im Himmel, du hast uns in Jesus deine Liebe gezeigt. Wir danken dir und bitten dich: Sei uns an allen Tagen des begonnenen Jahres nahe in ihm, Christus, unserm Herrn, den uns Maria geboren hat. Gebet zum Neuen Jahr
Herr über Zeit und Ewigkeit, Lass dieses Jahr ein Jahr des Friedens werden - Lass es ein Jahr der Hoffnung werden - Lass es ein Jahr werden, Lass es ein Jahr werden, Lass es ein Jahr deines Wortes werden, Schenk uns deinen Geist,
|