Den Doud feieren – bis zum Liewen!
’Karwoch mat hiere ganz eegene Gottesdingschter, zu deenen an dësem Parbréif invitéiert gett, ass net
just eng Erënnerung u längst vergaangen
Deeg, wéi dës Méint ons
Commémoratiounsfeieren fir d’Ardennenoffensiv, d’Evacuatioun
an d’Enn vum II. Weltkrich. Nee! Déi extra Deeg iwwersetzen d’Liewe vum Jesus an ons Zäit, a mir gi mat allem, wat
ons Existenz ausmëcht, an d’Wiese vu Christus eragestallt.
ällemsonndeg: Wéi e Kinnék gett Jesus freedeg zu Jerusalem begréisst. Och mir kënne Christus
bei ons eraloossen, Hien an
onsem Liewe begréissen an Him an onsem Alldag eng Plaz ginn. D’Seene
vum Pällem an dat frout Eragoen
an d’Kierch soen ons: Wie gleewt ass op der gewonnener Säit a brauch keng Angscht virun der Zukunft ze hunn – esouguer da net, wann d’Stëmmung kippt, an aus dem frouen
„Hosanna“ e roosent „Un d’Kräiz mat him“
gett. De Pällem mëcht aus doudege Kräizer gring Zeeche
vum Liewen.
Testamentsvollstreckung
scho virum Doud – dat ass Gringendonneschdeg.
Am Abendmahlssall weist Christus wéi
wäit d’Léift ze goën huet
an dat, wat deen aaneren Dag grausam geschitt. Den Här schenkt sech mat Läif a Blutt.
Déi Ierwschaft, déi Jesus um Gringendonneschdeg verdeelt huet „Maacht dëst als mäin Undenken“, féiert d’Kierch duerch d’Zäit an der
Eucharistiefeier weider. Christus wëllt
sech och ons schenken
verstoppt an engem Stéckelche Brout;
an der Gestalt vun deene puer Drëpse Wäin
wierklech do sinn fir onst Liewen ze
nieren an ons ze stäerken an den Amenter, wou och mir, wéi Hien, Blutt schweesse a mat der Angscht kämpfen.
uerfreideg: de bluddegsten
Dag aus dem Liewe vun onser Heiland. Wéivill onschëllegt Blutt gëtt och nach haut vergoss? Déi traureg Aktualitéit vun der moderner Chrëschteverfolgung
huet ons jo déi lescht
Wochen och nees Biller gewise
vu Mënschen, déi gekräizegt gouwen. Mir kruten op en Neits virun
Aa gefouert, zu wat de Mënsch kapabel si kann. Ma der Gewalt setzt de Jesus eppes aanescht entgéint: “Ma vie, nul ne la prend, c’est moi
qui la donne” Am Paradox vu Kräiz an Doud,
kréien dat Béist an d’Stierwlechkeet hier Muecht gebrach. D’Liewen ass méi staark
– och wa mir dat net ëmmer direkt gesinn.
sou hëllt de Kuersamsdeg ons als ganz stëllen Dag an der Kierch mat op de Kierfecht,
bei d’Graw vum Jesus, bei d’Griewer vun onse
Verstuerwen an och bei onst
eegent Graw, ier dann an der Nuecht e Kreesch d’Däischtert duerchbrëcht: Christus ass operstaanen - an och mir kënne liewen.
uschteren: Dem Operstaanene
säi Liicht vun mëcht onst
Liewen hell, liicht ons duerch den Doud, esou wéi
d’Ouschterkäerz ons Kierchen erhellt. 50 Deeg feiere mir dat
duerno ganz intensiv bis d’Päischten.
en Ouschterméindeg wäert dest Joer
an onsem Dekanat eng ganz eege
Nues hunn. Mat den Uesweller
feiere mir 2015 300 Joer, datt
den Hellegen Celsus Niewepatréiner vum Duerf ass. Eigentlech
wësse mir weider näischt iwwert d’Liewe vun dësem
Päerdshellegen. Allerdings déi
Wonner, déi bei sengem Graf zu Tréier geschitt sinn, déi Hëllef, déi d’Baueren
op säi Gebied
hi geschenkt kruten a kréien,
aktualiséieren d’Erliewnisser
vun den Emmausjünger: Onbekannt ass den Operstaanene mat ons um Wee duerch
d’Liewen. Beim Broutbrieche
kënne mir hien erkennen.
’Muttergottesoktav, déi
niewt der Kathedral bei ons och an der Iechternacher Muttergotteskapellchen an op der Giischterklaus gehal gett, erënnert ons drunn: Vum
Kräiz erof krute mir eng Mamm geschenkt, datt mir net elleng
bei onse Kräizer stinn. Der Maria hiert Beispill vu Vertraue rifft ons dat
an Erennerung: No all Kuerfreideg kënnt och ëmmer Ouschteren.
Abbé
Luc Schreiner