Den Doud feieren – bis zum Liewen!


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Den Doud feieren – bis zum Liewen!

D

’Karwoch mat hiere ganz eegene Gottesdingschter, zu deenen an dësem Parbréif invitéiert gett, ass net just eng Erënnerung u längst vergaangen Deeg, wéi dës Méint ons Commémoratiounsfeieren fir d’Ardennenoffensiv, d’Evacuatioun an d’Enn vum II. Weltkrich. Nee! Déi extra Deeg iwwersetzen d’Liewe vum Jesus an ons Zäit, a mir gi mat allem, wat ons Existenz ausmëcht, an d’Wiese vu Christus eragestallt.

 

 

P

ällemsonndeg: Wéi e Kinnék gett Jesus freedeg zu Jerusalem begréisst. Och mir kënne Christus bei ons eraloossen, Hien an onsem Liewe begréissen an Him an onsem Alldag eng Plaz ginn. D’Seene vum Pällem an dat frout Eragoen an d’Kierch soen ons: Wie gleewt ass op der gewonnener Säit a brauch keng Angscht virun der Zukunft ze hunnesouguer da net, wann d’Stëmmung kippt, an aus dem frouen „Hosanna“ e roosentUn d’Kräiz mat himgett. De Pällem mëcht aus doudege Kräizer gring Zeeche vum Liewen.

Testamentsvollstreckung scho virum Douddat ass Gringendonneschdeg. Am Abendmahlssall weist Christus wéi wäit d’Léift ze goën huet an dat, wat deen aaneren Dag grausam geschitt. Den Här schenkt sech mat Läif a Blutt. Déi Ierwschaft, déi Jesus um Gringendonneschdeg verdeelt huetMaacht dëst als mäin Undenken“, féiert d’Kierch duerch d’Zäit an der Eucharistiefeier weider. Christus wëllt sech och ons schenken verstoppt an engem Stéckelche Brout; an der Gestalt vun deene puer Drëpse Wäin wierklech do sinn fir onst Liewen ze nieren an ons ze stäerken an den Amenter, wou och mir, wéi Hien, Blutt schweesse a mat der Angscht kämpfen.

 

 

K

uerfreideg: de bluddegsten Dag aus dem Liewe vun onser Heiland. Wéivill onschëllegt Blutt gëtt och nach haut vergoss? Déi traureg Aktualitéit vun der moderner Chrëschteverfolgung huet ons jo déi lescht Wochen och nees Biller gewise vu Mënschen, déi gekräizegt gouwen. Mir kruten op en Neits virun Aa gefouert, zu wat de Mënsch kapabel si kann. Ma der Gewalt setzt de Jesus eppes aanescht entgéint: “Ma vie, nul ne la prend, c’est moi qui la donne” Am Paradox vu Kräiz an Doud, kréien dat Béist an d’Stierwlechkeet hier Muecht gebrach. D’Liewen ass méi staark – och wa mir dat net ëmmer direkt gesinn.

 

 

E

sou hëllt de Kuersamsdeg ons als ganz stëllen Dag an der Kierch mat op de Kierfecht, bei d’Graw vum Jesus, bei d’Griewer vun onse Verstuerwen an och bei onst eegent Graw, ier dann an der Nuecht e Kreesch d’Däischtert duerchbrëcht: Christus ass operstaanen - an och mir kënne liewen.

 

 

O

uschteren: Dem Operstaanene säi Liicht vun mëcht onst Liewen hell, liicht ons duerch den Doud, esou wéi d’Ouschterkäerz ons Kierchen erhellt. 50 Deeg feiere mir dat duerno ganz intensiv bis d’Päischten.

 

 

 

D

en Ouschterméindeg wäert dest Joer an onsem Dekanat eng ganz eege Nues hunn. Mat den Uesweller feiere mir 2015 300 Joer, datt den Hellegen Celsus Niewepatréiner vum Duerf ass. Eigentlech wësse mir weider näischt iwwert d’Liewe vun dësem Päerdshellegen. Allerdings déi Wonner, déi bei sengem Graf zu Tréier geschitt sinn, déi Hëllef, déi d’Baueren op säi Gebied hi geschenkt kruten a kréien, aktualiséieren d’Erliewnisser vun den Emmausjünger: Onbekannt ass den Operstaanene mat ons um Wee duerch d’Liewen. Beim Broutbrieche kënne mir hien erkennen.

 

 

D

Muttergottesoktav, déi niewt der Kathedral bei ons och an der Iechternacher Muttergotteskapellchen an op der Giischterklaus gehal gett, erënnert ons drunn: Vum Kräiz erof krute mir eng Mamm geschenkt, datt mir net elleng bei onse Kräizer stinn. Der Maria hiert Beispill vu Vertraue rifft ons dat an Erennerung: No all Kuerfreideg kënnt och ëmmer Ouschteren.

 

 

                                                                                                Abbé Luc Schreiner

 

 

 

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement