
|
|
21. Sonndeg am Joereskrees A- 22./23.8.2026
21. Sonndeg am Joereskrees A- 22./23.8.2026
"Für wen halten die Menschen den Menschensohn?" Dat freet de Jesus haut am Evangelium. Ech, mir, wien ass de Jesus fir eis? Wat bedeit seng Priedegt an säin Handele fir eis? Ass et eis eng Ureegung fir dat eegent Liewen? Froe mir hien ëm seng Gnod.
* Här Jesus Christus, deng Presenz gëtt eis Kraaft. Här, erbaarm dech. * Här Jesus Christus, deng Léift motivéiert eis zum Gudden. Här, erbaarm dech. * Här Jesus Christus, deng Zouso gëtt eis Mutt. Här, erbaarm dech.
Dagesgebiet
Gott, eise Papp. Du verbënns mat dir all déi Mënschen, déi un dech gleewen. Mir bieden dech: Schenk eis all Entschlossenheet, eise Glawen ze liewen. Gëff eis Mutt, fir dofir anzetrieden. Gestäerkt duerch den Hellege Geescht biede mir dech dorëms duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Dieu qui peux mettre au cœur de tes fidèles un unique désir, donne à ton peuple d'aimer ce que tu commandes et d'attendre ce que tu promets ; pour qu'au milieu des changements de ce monde, nos cœurs s'établissent fermement là où se trouvent les vraies joies. Par Jésus Christ.
Gott, unser Vater, du verbindest alle, die an dich glauben, auf dem gemeinsamen Weg. Gib, dass wir dein Wort lieben und ersehnen, was du verheißen hast, damit in der Unbeständigkeit dieses Lebens unsere Herzen dort verankert seien, wo die bleibenden Freuden sind. Darum bitten wir durch Jesus Christus, deinen Sohn und unseren Bruder, der mit dir und dem Heiligen Geist lebt und wirkt von Ewigkeit zu Ewigkeit.
Liesungen: Jes 22, 19-23 / Röm 11, 33-36 / Mt 16, 13-20
Lesung aus dem Buch Jesája. So spricht der Herr zu Schebna, dem Palastvorsteher: Ich werde dich von deinem Posten stoßen und dich aus deiner Stellung reißen. An jenem Tag werde ich meinen Knecht Éljakim, den Sohn Hilkíjas, berufen. Ich werde ihn mit deinem Gewand bekleiden und ihm deine Schärpe fest umbinden. Deine Herrschaft gebe ich in seine Hand und er wird zum Vater für die Einwohner Jerusalems und für das Haus Juda. Ich werde ihm den Schlüssel des Hauses David auf die Schulter legen. Er wird öffnen und niemand ist da, der schließt; er wird schließen und niemand ist da, der öffnet. Ich werde ihn als Pflock an einer festen Stelle einschlagen und er wird zum Thron der Ehre für sein Vaterhaus.
Kv.:
Herr,
deine Huld währt ewig.
Ich
will dir danken mit meinem ganzen Herzen, *
Am
Tag, da ich rief, gabst du mir Antwort, *
Erhaben
ist der Herr, /
doch er schaut auf den Niedrigen, *
Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. O Tiefe des Reichtums, der Weisheit und der Erkenntnis Gottes! Wie unergründlich sind seine Entscheidungen, wie unerforschlich seine Wege! Denn wer hat die Gedanken des Herrn erkannt? Oder wer ist sein Ratgeber gewesen? Oder wer hat ihm etwas gegeben, sodass Gott ihm etwas zurückgeben müsste? Denn aus ihm und durch ihn und auf ihn hin ist die ganze Schöpfung. Ihm sei Ehre in Ewigkeit! Amen.
Halleluja.
Halleluja. (So
spricht der Herr:)
Du bist Petrus – der Fels –
Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. In jener Zeit, als Jesus in das Gebiet von Cäsaréa Philíppi kam, fragte er seine Jünger und sprach: Für wen halten die Menschen den Menschensohn? Sie sagten: Die einen für Johannes den Täufer, andere für Elíja, wieder andere für Jeremía oder sonst einen Propheten. Da sagte er zu ihnen: Ihr aber, für wen haltet ihr mich? Simon Petrus antwortete und sprach: Du bist der Christus, der Sohn des lebendigen Gottes! Jesus antwortete und sagte zu ihm: Selig bist du, Simon Barjóna; denn nicht Fleisch und Blut haben dir das offenbart, sondern mein Vater im Himmel. Ich aber sage dir: Du bist Petrus – der Fels – und auf diesen Felsen werde ich meine Kirche bauen und die Pforten der Unterwelt werden sie nicht überwältigen. Ich werde dir die Schlüssel des Himmelreichs geben; was du auf Erden binden wirst, das wird im Himmel gebunden sein, und was du auf Erden lösen wirst, das wird im Himmel gelöst sein. Dann befahl er den Jüngern, niemandem zu sagen, dass er der Christus sei.
Lecture du livre du prophète Isaïe. Parole du Seigneur adressé à Shebna le gouverneur : « Je vais te chasser de ton poste, t’expulser de ta place. Et, ce jour-là, j’appellerai mon serviteur, Éliakim, fils d’Helcias. Je le revêtirai de ta tunique, je le ceindrai de ton écharpe, je lui remettrai tes pouvoirs : il sera un père pour les habitants de Jérusalem et pour la maison de Juda. Je mettrai sur son épaule la clef de la maison de David : s’il ouvre, personne ne fermera ; s’il ferme, personne n’ouvrira. Je le planterai comme une cheville dans un endroit solide ; il sera un trône de gloire pour la maison de son père. »
R/ Seigneur, éternel est ton amour: n’arrête pas l’œuvre de tes mains.
De
tout mon cœur, Seigneur, je te rends grâce :
Je
rends grâce à ton nom pour ton amour et ta vérité,
Si
haut que soit le Seigneur, il voit le plus humble.
Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains. Quelle profondeur dans la richesse, la sagesse et la connaissance de Dieu ! Ses décisions sont insondables, ses chemins sont impénétrables ! Qui a connu la pensée du Seigneur ? Qui a été son conseiller ? Qui lui a donné en premier, et mériterait de recevoir en retour ? Car tout est de lui, et par lui, et pour lui. À lui la gloire pour l’éternité ! Amen.
Alléluia.
Alléluia.
Tu
es Pierre, et sur cette pierre je bâtirai mon Église ;
Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. En ce temps-là, Jésus, arrivé dans la région de Césarée-de-Philippe, demandait à ses disciples : « Au dire des gens, qui est le Fils de l’homme ? » Ils répondirent : « Pour les uns, Jean le Baptiste ; pour d’autres, Élie ; pour d’autres encore, Jérémie ou l’un des prophètes. » Jésus leur demanda : « Et vous, que dites-vous ? Pour vous, qui suis-je ? » Alors Simon-Pierre prit la parole et dit : « Tu es le Christ, le Fils du Dieu vivant ! » Prenant la parole à son tour, Jésus lui dit : « Heureux es-tu, Simon fils de Yonas : ce n’est pas la chair et le sang qui t’ont révélé cela, mais mon Père qui est aux cieux. Et moi, je te le déclare : Tu es Pierre, et sur cette pierre je bâtirai mon Église ; et la puissance de la Mort ne l’emportera pas sur elle. Je te donnerai les clés du royaume des Cieux : tout ce que tu auras lié sur la terre sera lié dans les cieux, et tout ce que tu auras délié sur la terre sera délié dans les cieux. » Alors, il ordonna aux disciples de ne dire à personne que c’était lui le Christ.
Priedegt
"Du bist Petrus – der Fels – und auf diesen Felsen werde ich meine Kirche bauen." Ee markante Saz aus dem Evangelium vun haut! E gëtt ëmmer nees ugefouert, fir d'Amt vum Poopst an eiser Kierch ze legitiméieren. De Poopst als Nofollger vum Apostel Péitrus soll d'Kierch leeden a féieren an huet an allem dat lescht Wuert. An enger absolut hierarchescher Struktur vun der Kierch steet also den Nofollger vum Péitrus un der Spëtzt, ganz wäit uewen.
Wann ech dann awer de Saz aus dem Evangelium liesen, da komme mir nach aner Gedanken an Iddien. Et ass ee Bild, dat sech ganz déif a mir weist an entwéckelt. "Du bass de Fiels, op deem ech meng Kierch bauen!", heescht et. Mat anere Wierder, de Fiels ass d'Grondlag, d'Basis vun der Kierch. D'Kierch steet op deem Fiels.
De Fiels ass wuel eng zolidd Basis. Allerdéngs verschweigt de Fiels net, dass hien och Rëss kann hunn, dass an enger fielseger Landschaft och déif Schluchten a Grief sech am Laf vun der Evolutioun entwéckelt hunn. Mir liewe jo hei am Eck an esou enger Géigend, déi dat zimmlech däitlech weist. Grouss Fielsplateauen wiessele mat déiwe Schluchten of. Dat erënnert mech eben och un den Apostel Péitrus selwer. Hie war wuel ee grousse staarke Mann, fest a sengen Iwwerzeegungen. An awer, sou erzielen d'Evangelien, war hien och schwaach a mat Momenter zimmlech feig. Hie verréit am entscheedende Moment de Jesus. D'Passiounsgeschicht ass eis gutt bekannt. An och an anere Situatiounen ass hien nach laang net esou dichteg. A sengem Liewe ginn et also och Rëss, Schluchten a Bréch.
Rëss a Bréch weisen sech an der sougenannter "Kierch", déi op de Fiels vum Péitrus soll gebaut sinn, ëmmer erëm. Vill Streidereie féieren zu Ofspléckungen. Deelweis sinn d'Schluchten an d'Grief tëschent de Fielsplateauen esou déif a grouss, dass si bis haut net iwwerwonne gi sinn. Vun Eenheet a vun enger Kierch also keng Spuer.
An da kënnt mir nach ee weidert Bild an de Kapp. Mir associéieren d'Kierch jo och ëmmer mat dem Gebai Kierch. D'Gebai steet sou ze soen als Symbol fir eis Gemeinschaft. An och, wann sou ee Gebai vläicht fest steet, sou ass et dach am Laf vun der Zäit munche Verännerungen ënnerworf. Wéi vill Gebaier sinn erëm verschwonnen? Wéi vill Gebaier sinn ofgebrannt, verlooss ginn, dem Wand an dem Wierder iwwerlooss ginn, si net méi versuergt ginn? Ee Gebai brauch eng permanent Fleeg. Mol mussen Dieren a Fënsteren ersat ginn. Mol muss d'Ausstattung erneiert ginn. Wa mir schonn nëmmen an der Geschicht kucken, wat fir Verännerungen eis Parkierch, d'Basilika, erlieft huet, da kréie mir ee klengen Abléck, wéi déifgräifend heiansdo d'Verännerungen un engem Gebai "Kierch" waren.
An eis Gemeinschaft "Kierch" ass si net och änleche Verännerungen ënnerworf? Natierlech kann ee versichen alles an engem Originalzoustand ze erhalen. Mä da lieft een iergend wann an engem Musée. Munches gëtt da faul an ass net méi ze gebrauchen. Erneierunge muss et ginn, soss fält alles zesummen. Och wann d'Basis als Fiels fest ass, sou muss dach fir de Bau an d'Gemeinschaft derfir gesuergt ginn, dass si andauernd op ee gudden an neie Stand bruecht ginn.
Villes u Kamouditéiten, déi mir haut kennen, gouf et fréier net. Vill technesch Méiglechkeete ware fréier net bekannt. D'Liewen an d'Welt entwéckelen sech. D'Kierch als Gemeinschaft misst eigentlech do mathalen. Si huet dat och iwwer laang Joerhonnerten ëmmer nees gemaach. D'kierchlech Gemeinschaft huet ëmmer erëm versicht sech deenen neisten Entwécklungen unzepassen. Si ass ni absolut monolithesch a stuer op engem Punkt bliwwen. A genee och haut muss si sech weider entwéckelen. Eist Denken an Handelen ass haut ganz kloer anescht wéi am Mëttelalter oder an der Anticke. Rechtlech Norme veränneren sech an der Gesellschaft an och an der Kierch. Reegelméisseg mussen deemno Deeler vun deem Bau Kierch erneiert an ersat ginn. Renovatioune sinn net ee Vergiessen oder Ofleene vun der Basis, also vum Fiels. Mä si sinn ee wichtege Moment, dass dat Haus weider stoe bleift an een Notzen huet. Nach eng Kéier: am Laf vun der Geschicht gouf et ëmmer erëm ganz grouss Renovatiounen. Si ware wichteg fir de jeeweilege Fortbestand vum Bau. Firwat soll dat net och haut esou geschéien?
An eiser Zäit mellen sech dofir och ëmmer méi Leit zu Wuert, déi Renovatiounen an eiser Kierch froen. Si si wichteg Stëmmen dofir, dass ee grondleeënd Uleies vun eiser Gemeinschaft net vergiess gëtt. Dat Uleies ass, dass d'Kierch sech ëm d'Suerge vun de Mënsche vun haut muss këmmeren. Si muss Äntwerte ginn op d'Ufroe vun eiser Zäit. Déi awer si nu mol anerer wéi an der Vergaangenheet. D'Kierch wëll och haut Virreider sinn an der Mënschlechkeet. Dat verlaangt dann allerdéngs, dass si och d'Basis-Grondrechter vun alle Mënschen eescht hëlt, si vertrëtt a verteidegt. Et geet dann natierlech net, dass d'Kierch innerhalb vun hire Reien des Grondrechter mëssuecht an si net applizéiert.[1]
An der Kierch, déi op engem feste Fundament steet, sti grad haut gréisser Renovatiounsaarbechten un. Vum Daach bis déif erof an de Keller muss si sanéiert ginn, wa mir wëllen, dass dat Haus weider stoe bleift. De feste Fiels ënner dem Haus ass eben net eng Garantie, dass et faul a brécheg gëtt, dass et iergendwann ausenaner brécht, well hei an do Fënsteren an Dieren, Plaffongen a Leitunge futti ginn. D'Bild schwätzt fir sech. Gi mir des Renovatiounen endlech un.
[1] Vgl. heizou dee ganz interessanten Artikel: Jacqueline Straub, Grundrechte in der katholischen Kirche? Warum es ein neues Ämterverständnis braucht, in: Stimmen der Zeit 151 (2026), Heft 8, S. 611-622.
Fürbitten
Loosse mir eis Gebieder virun eisen Här bréngen:
* Här, Jesus Christus, sief bäi denger Kierch, sou dass si alle Mënsche kann hëllefen, déi Suergen hunn. Christus, héier eis.
* Här, Jesus Christus, schéck däi Geescht all deenen, déi nei no engem Sënn an hirem Liewe sichen. Christus, héier eis.
* Här, Jesus Christus, schenk alle Mënsche Kraaft, déi duerch schwéier Krankheeten no un der Verzweiwlung sinn. Christus, héier eis.
* Här, Jesus Christus, huel all eis Verstuerwe bäi dech an däi Fridden. Christus, héier eis.
Här, Jesus Christus, eist Liewen, eis Suergen an d’Nout vun der Welt leeë mir an deng Hänn. Mir vertrauen drop, dass du eis hëllefs, elo an an all Éiwegkeet. Amen.
II.
Chaque jour encore, Jésus se révèle comme le Messie aux femmes et aux hommes de notre monde. Ce faisant, il leur ouvre la porte d’un monde nouveau qui répond à leurs aspirations de justice et de paix. Prions pour qu’advienne le règne de Dieu. Écoute-nous, Dieu très bon. – Afin que les peuples se parlent et que cessent les guerres, prions le Seigneur. – Afin qu’il se souvienne des petits et des pauvres au milieu de nous et qu’il guérisse les malades, prions le Seigneur. – Afin qu’il guide l’Église dans sa mission et lui donne des pasteurs selon son cœur, prions le Seigneur. – Afin qu’il réunisse les familles divisées et qu’il rassemble les croyants et les croyantes dans l’amour et la fidélité, prions le Seigneur. Seigneur, tu nous as donné ton Fils pour que nous te connaissions comme le Dieu de la vie. Garde-nous dans la fidélité et l’espérance. Alors, nous pourrons te louer avec Jésus, le Christ, notre Seigneur. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Herr und Gott, du hast dir das eine Volk des Neuen Bundes erworben durch das Opfer deines Sohnes, das er ein für alle Mal dargebracht hat. Sieh gnädig auf uns und schenke uns in deiner Kirche Einheit und Frieden. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.
Par l'unique sacrifice de la Croix, tu t'es donné, Père très bon, un peuple de fils; accorde-nous, dans ton Église, la grâce de l'unité et de la Paix. Par Jésus
Wunderbarer und barmherziger Gott, im Leiden und Sterben deines Sohnes hast du der Welt deine Liebe gezeigt. Öffne unsere Augen, damit wir im Zeichen von Brot und Wein die Tiefe seiner Hingabe erkennen. Lass uns auf dem Weg des Gehorsams und der Liebe ihm folgen, Christus, unserm Herrn.
Hochgebet – „Erinnerung II“
Präfation zu nennen gewagt hat und der uns gelehrt hat, dasselbe zu tun.
Gott, unser Vater, wir danken dir
für diesen Menschen,
Darum verbinden wir uns mit allen
Heiligen und allen Menschen, um dich zu loben und zu preisen.
Sanctus
Wir erinnern uns, wie er zu
Menschen gesprochen hat von einer verlorenen Drachme,
Wir erinnern uns, dass er auf die
Suche nach all diesen Verlorenen ging,
V/A: Geteiltes
Brot, geteilter Wein, geteiltes Leben soll es sein.
Und das hat ihn selbst das Leben
gekostet, denn die Mächtigen der Erde duldeten das nicht.
A: Geteiltes
Brot, …
Sende daher deinen Geist über
diese Gaben, damit sie als Leib + und
Blut Jesu für uns
Wir gedenken, wie er, der uns so
sehr geliebt und eins war mit dir, seinem guten Vater,
NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
Und was er tat, erfüllte ihm das
Herz:
NEHMET UND TRINKET ALLE
DARAUS:
Geheimnis des Glaubens
Wenn wir dann gemeinsam dieses
Brot essen und aus diesem Becher trinken werden,
A: Geteiltes
Brot, …
Deshalb gedenken wir jetzt auch
der vielen, die von uns gegangen sind,
Wir denken auch an jene, die
Verantwortung tragen in deiner Kirche und für diese Welt,
Hilf ihnen und uns, damit wir
diese Erde zu einem besseren Haus für alle machen;
Zusammen mit allen Heiligen, der
Mutter Jesu, Maria, dem heiligen Josef und den Aposteln,
Durch ihn
und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Quelle unbekannt
Vaterunser
Mir si mam Jesus ënnerwee am Liewen. Mir dierfen eis bäi him gebuerge fillen. Mat him zesumme wëlle mir zu Gott, eisem Papp bieden, wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater unser …
Friddensgebiet
D'Fundament vun eiser Gemeinschaft, sinn d'Apostelen an hire Glawen. Si hunn eis dem Jesus seng Botschaft iwwerbruecht, eng Botschaft vu Fridden an Erléisung. Allerdéngs si mir et selwer, déi dës Botschaft net ëmmer realiséieren. Dofir biede mir: Här Jesus Christus, kuck net op eis Schwaachheet mä op eise gudde Wëllen a schenk eis all däi Fridden.
Schlussgebiet
Herr, unser Gott, schenke uns durch dieses Sakrament die Fülle deines Erbarmens und mache uns heil. Gewähre uns deine Hilfe, damit wir so vor dir leben können, wie es dir gefällt. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.
Que ta miséricorde, Seigneur, agisse en nous, et nous guérisse entièrement; transforme-nous, par ta grâce, et rends-nous si généreux que nous puissions te plaire en toute chose. Par Jésus.
Gott, du schaust in unser Herz und wenn du entdeckst, dass jemand sich besonders über die kleinen Dinge des Lebens freuen kann, dann geht auch dir das Herz auf. Wir bitten dich: Wie du dich jetzt in einem Stückchen Brot und in einem Schluck Wein geschenkt hast, so lass uns wieder lernen, besonders auf die unscheinbaren Dinge des Lebens zu achten, die unser Leben und das der anderen so reich machen können. Darum bitten wir durch Christus, unseren Bruder und Herrn.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement


