
|
|
5. Sonndeg am Joereskrees A - 7./8.2.2026
5. Sonndeg am Joereskrees A - 7./8.2.2026
Déi meescht Mënsche freeën sech, wann d'Deeg erëm méi laang ginn. D'Erfarung vu Liicht gëtt ëmmer mat méi Liewenskraaft, mat Opbroch an Energie verbonnen. An den Texter vun der Helleger Schrëft héiere mir haut e puer Mol vum Liicht, der Kraaft vu Gott, a vun allem, wat dëst Liicht fir d'Mënsche bedeit a wat mir doduerch kënne leeschten. Begréisse mir eisen Här Jesus Christus, deen eist Liicht um Wee an am Liewe wëll sinn.
Här, Jesus Christus, du bass d'Liicht vun der Welt. Här, Jesus Christus, du gëss eis däi Liicht mat op eise Wee. Här, Jesus Christus, du méchs och eis fäeg ee Liicht an der Welt ze sinn.
Dagesgebiet
Härgott, du suergs fir eis wéi eng Mamm fir hir Kanner. Mir setzen eist ganzt Vertrauen an dech a Bieden: Bleif béi eis a gudden an a béissen Deeg, a schütz eis an all Gefor. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här. Amen.
Gott, du bist gegenwärtig, wenn wir zu dir rufen. Mach uns zum Salz der Erde und zum Licht der Welt, damit unsere Mitmenschen erkennen, dass du uns führst und uns Leben schenkst. Darum bitten wir dich durch Christus, unsern Herrn.
Dans ton amour inlassable, Seigneur, veille sur ta famille ; et puisque ta grâce est notre unique espoir, garde-nous sous ta constante protection. Par Jésus Christ.
„Du Gott der Klarheit und des Lichts, es tut gut, in deinem Lichtschein zu leben. Du machst hell, was dunkel und bedrohlich ist. Du erweckst, was abgestorben ist. Lass dein Licht auch durch uns in diese Welt strahlen, damit Menschen gelockt werden, an dich zu glauben. Das bitten wir durch unsern Herr und Bruder Jesus Christus, das Licht der Welt heute und allezeit.“1
Liesungen: Jes 58, 7-10 / 1 Kor 2, 1-5 / Mt 5, 13-16
Lesung aus dem Buch Jesaja. So spricht der Herr: Brich dem Hungrigen dein Brot, nimm obdachlose Arme ins Haus auf, wenn du einen Nackten siehst, bekleide ihn und entziehe dich nicht deiner Verwandtschaft. Dann wird dein Licht hervorbrechen wie das Morgenrot und deine Heilung wird schnell gedeihen. Deine Gerechtigkeit geht dir voran, die Herrlichkeit des HERRN folgt dir nach. Wenn du dann rufst, wird der HERR dir Antwort geben, und wenn du um Hilfe schreist, wird er sagen: Hier bin ich. Wenn du Unterjochung aus deiner Mitte entfernst, auf keinen mit dem Finger zeigst und niemandem übel nachredest, den Hungrigen stärkst und den Gebeugten satt machst, dann geht im Dunkel dein Licht auf und deine Finsternis wird hell wie der Mittag.
Kv Im Finstern erstrahlt der Gerechte als Licht.
Im
Finstern erstrahlt er als Licht den Redlichen: *
Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Ich kam nicht zu euch, Brüder und Schwestern, um glänzende Reden oder gelehrte Weisheit vorzutragen, sondern um euch das Geheimnis Gottes zu verkünden. Denn ich hatte mich entschlossen, bei euch nichts zu wissen außer Jesus Christus, und zwar als den Gekreuzigten. Zudem kam ich in Schwäche und in Furcht, zitternd und bebend zu euch. Meine Botschaft und Verkündigung war nicht Überredung durch gewandte und kluge Worte, sondern war mit dem Erweis von Geist und Kraft verbunden, damit sich euer Glaube nicht auf Menschenweisheit stützte, sondern auf die Kraft Gottes.
Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Ich bin das Licht der Welt. Wer mir nachfolgt, hat das Licht des Lebens. Halleluja.
+ Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. In jener Zeit sprach Jesus zu seinen Jüngern: Ihr seid das Salz der Erde. Wenn das Salz seinen Geschmack verliert, womit kann man es wieder salzig machen? Es taugt zu nichts mehr, außer weggeworfen und von den Leuten zertreten zu werden. Ihr seid das Licht der Welt. Eine Stadt, die auf dem Berg liegt, kann nicht verborgen bleiben. Man zündet auch nicht eine Leuchte an und stellt sie unter den Scheffel, sondern auf den Leuchter; dann leuchtet sie allen im Haus. So soll euer Licht vor den Menschen leuchten, damit sie eure guten Taten sehen und euren Vater im Himmel preisen.
Lecture du livre du prophète Isaïe. Ainsi parle le Seigneur: Partage ton pain avec celui qui a faim, accueille chez toi les pauvres sans abri, couvre celui que tu verras sans vêtement, ne te dérobe pas à ton semblable. Alors ta lumière jaillira comme l’aurore, et tes forces reviendront vite. Devant toi marchera ta justice, et la gloire du Seigneur fermera la marche. Alors, si tu appelles, le Seigneur répondra; si tu cries, il dira: «Me voici.» Si tu fais disparaître de chez toi le joug, le geste accusateur, la parole malfaisante, si tu donnes à celui qui a faim ce que toi, tu désires, et si tu combles les désirs du malheureux, ta lumière se lèvera dans les ténèbres et ton obscurité sera lumière de midi.
R/ Lumière des cœurs droits, le juste s’est levé dans les ténèbres.
Lumière des cœurs droits, il
s’est levé dans les ténèbres,
Cet homme jamais ne
tombera ;
Son cœur est confiant, il ne
craint pas.
Lecture de la première lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens. Frères, quand je suis venu chez vous, je ne suis pas venu vous annoncer le mystère de Dieu avec le prestige du langage ou de la sagesse. Parmi vous, je n’ai rien voulu connaître d’autre que Jésus Christ, ce Messie crucifié. Et c’est dans la faiblesse, craintif et tout tremblant, que je me suis présenté à vous. Mon langage, ma proclamation de l’Évangile, n’avaient rien d’un langage de sagesse qui veut convaincre; mais c’est l’Esprit et sa puissance qui se manifestaient, pour que votre foi repose, non pas sur la sagesse des hommes, mais sur la puissance de Dieu.
Alléluia. Alléluia. Moi, je suis la lumière du monde, dit le Seigneur. Celui qui me suit aura la lumière de la vie. Alléluia.
Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu.
En ce temps-là, Jésus disait à ses disciples: «Vous êtes le sel
de la terre. Mais si le sel devient fade,
Priedegt
Als Evangelium hu mir haut direkt déi Zeilen héieren, déi no de Séilegpreisunge stinn, déi mir de leschte Sonndeg um Programm haten. Do geet et em douce sinn, also ëm eist Verhalen a Situatiounen, wou mir eigentlech ënnerleeë sinn an an den Eck gedréckt ginn. De Jesus selwer fuerdert eis beispillsweis op, dass mir net zeréckschloen, dass mir eis awer selwer och net als Affer gesinn dierften an dass mir dann einfach ouni Angscht vun eis aus missten handelen an deem Sënn, wat d’Botschaft vu Christus eis seet.
D’Séilegpreisunge schwätzen am Allgemengen, et heescht 8 mol “Selig sind” asw. A bäi der 9. Séilegpreisung wiesselt et op emol. Do heescht et: ”Selig seid ihr, wenn man euch schmäht und verfolgt ...“ Hei ginn dem Jesus seng Frënn direkt ugeschwat. Jo mir ginn ugeschwat. An da gëtt dat Ganzt an deene Sätz virugefouert a verdéift, déi mir haut héieren hunn. „Ihr seid das Licht der Welt - Ihr seid das Salz der Erde.” D’Séilegpreisunge ginn domat konkret. Mir sinn ugeschwat a mir kréien en Optrag. Mir kréie gesot, dass mir eng bestëmmte Charge an dëser Welt hunn.
Ech denken, dass eis d’Biller, déi gebraucht sinn, séier aliichten. Salz bréngt Geschmaach an d’Iessen. Salz mécht Liewensmëttel haltbar. Salz rengegt asw. Liicht ass wichteg, dass mir gesinn, dass mir de Wee fannen. Dës Symbolik mécht eis un sech keng Schwieregkeeten. Awer wa mir dat lo op eis Zäit wëllen iwwerdroen, da musse mir eis froen, wat et haut an eiser Zäit a fir eis perséinlech kéint bedeiten.
Als éischt stellen ech fest, dass de Jesus seet: “Ihr seid!” Mir sinn et, wat an deene Biller vum Liicht a vum Salz beschriwwen ass. Mir sinn als Gleeweg Jünger vu Christus genee dat. Awer si mir dann och haut wierklech Chrëschten? Gleewen ech, gleefs du wierklech u Christus, u seng Botschaft, u säi Wee? Bass du wierklech vun him a senger Botschaft iwwerzeegt? Dat muss also jidderee fir sech selwer als éischt klären. Wa mir echt Jünger vum Jesus sinn, dann si mir Salz a Liicht fir d’Welt.
Mä da fänkt et u komplex ze ginn. Wat mécht esou ee Jünger vum Jesus an der Welt? Wéi lieft hien? Wéini a wou ass hie Salz oder Liicht? An dësen Zäite gëtt d'Botschaft vum Jesus ëmmer méi an eise Gesellschaften un de Rand gedréckt. Mir selwer wieren eis kaum. Mir selwer engagéieren eis dacks relativ wéineg am Sënn vu Christus. Als Jünger vu sengem Wee liewe mir an enger konkreter Gesellschaft. Mir sinn Deel vun der Gesellschaft, vum Staat. Fir mech passt dat Bild vum Salz besonnesch gutt do. Mir sollen dës Gesellschaft würzen mat eisen Iddien, mat eise Gedanken. Mir solle vläicht och eng Roll an der Gesellschaft spillen, déi rengegt an déi versuergt. Kengesfalls solle mir eis einfach eraushalen. Natierlech geet et net drëm zeréck ze schloen, wann eis Onrecht ugedoe gëtt oder sou. Neen, et geet drëm déi eege Positioun ze weisen.
Grad dat Bild vum Liicht ass hei interessant. D’Jünger vum Jesus sinn net duerch aussergewéinlech Saache liichtend, net duerch aggressiv Verkënnegung a Missionéieren. Si si Liicht fir déi aner duerch dat, wat si maachen a wéi si liewen. Aus dem Liewensstil soll ze erkenne sinn, dass mir Chrëschte sinn an dass mir eng Bezéiung zu Gott hunn. Eise Liewenswandel misst all dat weisen, wat ee Chrëscht ausmécht. De Liewenswandel kritt dann eng missionaresch Bedeitung.[1] Liicht si mir also als Chrëschten doduerch, wéi mir sinn a liewen.
Et geet deemno net drëm, dass mir eis aus der Welt zeréckzéien. Och wa mir vläicht vu munche Säiten an den Eck gedréckt ginn, sou kënne mir dach duerch eist Verhalen Zeeche ginn. Eis Wierker als Chrëschte sinn da Liicht an eben och Salz, dat déi aktuell Gesellschaft erausfuerdert. Dem Matthäus a sengem Evangelium geet et absolut net drëm, dass mir eis verstoppen. Ganz am Géigendeel, mir sollen eis weisen.[2] Mir sollen eis amëschen an ëmmer nees eist Salz derbäi ginn. Chrëschte sinn an der Welt an net derniewent, och wa munnech Leit dat gären hätten.
“Ihr seid das Salz der Erde – ihr seid das Licht der Welt.”, ass schonn a senger Ausso ganz däitlech a kloer. Mir ginn hei opgefuerdert als Chrëschten, als Jünger a Frënn vum Jesus dat ze sinn, dat ze ginn an dat ze bleiwen, wat mir eben als Gleeweger an eisem Häerz sinn. Salz ka futti goen. Seet eis de Matthäus am Evangelium. Ee Liicht ka verläschen oder ausgeläscht ginn. Un eis ass et selwer drop opzepassen a kreativ eis als Salz a Liicht anzebréngen an dës Welt an Zäit.[3]
Mir als Nolauschterer an als Frënn vum Jesus sollen och eis Bedeitung a eis Verantwortung net ënnerschätzen. An eisem Liewe ganz no un dem Beispill vum Jesus hu mir Afloss op dës Welt. Mir sollen eis Positioun wouer an eescht huelen an dat, wat eis existenziell als Chrëschten an eiser Iwwerzeegung präägt, och echt liewen a virdemonstréieren. Grad déi, déi an de Séilegpreisungen als séileg gelueft ginn, si Vertrieder vun dem Wee vum Jesus duerch hir Haltung. Si liichten an der Gesellschaft a si würzen si mat hiren Iddien. Sou sinn si echt Propheten a Vermëttler vun der Botschaft vu Christus. Fäerte mir also grad haut net, fir dat ze sinn, wat mir sinn.
[1] Vgl. Matthias Konradt, Das Matthäusevangelium, NTD 1, Göttingen 2015, S. 73. [2] Vgl. Ulrich Luz, Das Evangelium nach Matthäus, EKK I/1, Neukirchen-Vluyn, 52002, S. 303. [3] Vgl. Martin Stiewe / François Vouga, Die Bergpredigt und ihre Rezeption als kurze Darstellung des Christentums, Tübingen – Basel 2001, S.38.
Fürbitten
Den Härgott kuckt ganz besonnesch op déi Mënschen, déi am Däischtere liewe mussen. Hie fuerdert eis all op, dass och mir grad des Mënsche gesinn a fir si antrieden. Dofir wëlle mir elo zesumme bieden:
* Mir kucken op all déi Hongereg an op all, deen et um Noutwendegste fir d'Liewe feelt: Schéck hinnen duerch gutt Mënschen Hëllef. Härgott, héier eis.
* Mir kucken op d'Affer vun Ënnerdréckung a Gewalt a froen dech: Stäerk si an hirer Nout a looss si ee Wee an d'Fräiheet fannen. Härgott, héier eis.
* Mir kucken op all déi Krank an déi, déi intensiv Fleeg brauchen: Stéi hinnen zur Säit duerch gutt Mënschen, déi si begleeden. Härgott, héier eis.
* Mir kucken op all, déi a schwierege Situatioune kee Liicht méi gesinn: Schenk hinnen nei Hoffnung a Liewensmutt. Härgott, héier eis.
* Mir kucken op all eis léif Verstuerwen: Schenk hinnen d'Liicht vun denger éiweger Herrlechkeet. Härgott, héier eis.
Gudde Gott, am Vertrauen op deng Hëllef kënne mir am Numm vun dengem Jong Jesus Christus zum Liicht vun der Welt ginn. Sief du bei eis a stäerk eis, haut an an all Éiwegkeet. Amen.
II.
Tournons-nous vers Dieu qui fait jaillir la lumière dans nos vies et qui nous montre le chemin de la justice. Seigneur, pose sur nous ton regard.
– Pour les responsables de l’Église; afin qu’ils demeurent habités par la lumière qui fait rayonner l’Évangile, prions le Seigneur.
– Pour les personnes élues aux différents niveaux de notre organisation politique; afin qu’elles incarnent, dans leurs responsabilités, les valeurs de justice, de compassion, de solidarité et de liberté, prions le Seigneur.
– Pour les membres des groupes communautaires et de solidarité sociale et pour ceux qui œuvrent au sein d’organismes humanitaires; afin qu’ils demeurent fermes dans leur engagement, prions le Seigneur.
– Pour tous les baptisés engendrés par nos communautés et appelés à éclairer le monde et à lui donner de la saveur; afin qu’ils suivent les pas de Jésus avec fidélité, prions le Seigneur.
Dieu de l’univers, toi qui as prévu pour chaque élément de ta création son rôle et son utilité, écoute nos prières et exauce-les. Nous te le demandons par Jésus Christ, lumière du monde pour les siècles des siècles. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Här eise Gott, du hues Brout a Wäi gemaach, fir eis Mënschen an dësem vergängleche Liewen Narung a Freed ze schenken. Maach des Gowen zum Zeechen, dat eis éiwegt Liewe bréngt. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Herr, wir bringen in Brot und Wein unsere Welt und unser Menschsein zu dir. Schenke uns deine Gegenwart in diesem geschwisterlichen Mahl, lasse uns von neuem spüren und erfahren, dass du mit uns sein willst. Schenke uns die Einheit mit dir. Amen.
Seigneur notre Dieu, tu as voulu choisir dans ta création le pain et le vin qui refont chaque jour nos forces: fais qu'ils deviennent aussi pour nous le sacrement de la vie éternelle. Par Jésus.
Hochgebet – „Nachfolge“
Präfation
In ihm, Jesus Christus,
sind wir mehr als Frauen und Männer,
Wir danken dir, denn deine frohe Botschaft ruft
uns Menschen
So danken wir dir, Gott, für das Leben und die Berufung
Sanctus
Ja, guter Gott, du bist heilig
und du schenkst Heil, Als Christen sind wir oft sprachlos,
wenn wir dann das eine Wort sagen sollen, das Menschen heilen
kann;
Um dennoch nicht aufzugeben im Einsatz für
Gerechtigkeit und Frieden,
Deshalb, guter Gott,
feiern wir jetzt Eucharistie Wir tun zeichenhaft, was er wirklich getan hat,
denn ihn hat sein Tun das Leben
gekostet.
So bitten wir dich, allmächtiger Gott: Damals brach Jesus das Brot.
Er dankte dir und gab es seinen Jüngern mit
den Worten:
NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch,
NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS:
Geheimnis des Glaubens:
Darum bitten wir dich, Vater,
für deine Kirche:
unserem Bischof N. und allen Frauen und
Männern,
Gedenke in deiner Güte auch der Menschen,
Bleib all jenen treu, die der Tod uns in diesem Leben genommen hat.
Mit deinem ganzen Volk, mit Maria, der Mutter
des Herrn,
Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger
Vater,
(Quelle
unbekannt)
All, déi mat dem Jesus op sengem Wee ginn, dierfe Gebuergenheet spieren, déi Gott, de Papp, eis schenkt. Biede mir, wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater unser im Himmel, …
Friddensgebiet
Iwwer de Fridde gëtt vill geschriwwen a geschwat. Fridde muss awer gelieft ginn. Verzeien a Versönen, Neiufank a Gedold si Grondlage fir de Fridden. Dofir biede mir: Här Jesus kuck net op eis Feeler. Kuck op eist Beméien a schenk eis all däi Fridden. De Fridde sief mat iech all.
Schlussgebiet
Gudde Gott, du hues eis dat ee Brout an deen ee Kellech gereecht. looss eis eens ginn a Christus, esou datt mir deng Freed an eiser Welt verbreeden. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Guter Gott, in dieser Feier hast du uns Anteil geschenkt an deinem göttlichen Leben. Lass uns niemals von dir getrennt werden, sondern bewahre uns in deiner Liebe. Darum bitten wir durch Christus, unsern Herrn.
Tu as voulu, Seigneur, que nous partagions un même pain et nous buvions à la même coupe: accorde-nous de vivre tellement unis dans le Christ que nous portions du fruit pou le salut du monde. Par Jésus. 1 Martin Evang, Gerd Kerl, Ilsabe Seibt (HG.), Nimm an unser Gebet. Gebete im Gottesdienst an Sonn- und Feiertagen im Kirchenjahr, Neukirchen-Vluyn 2. Aufl. 2015, S. 140.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement



