
|
|
23. Sonndeg am Joereskrees A - 5./6.9.2026
23. Sonndeg am Joereskrees A - 5./6.9.2026
"Wo zwei oder drei in meinem Namen versammelt sind, da bin ich mitten unter ihnen." Dat ass wuel déi Ausso vum Jesus, déi zu deene beschtbekannte gehéiert. Eppes ganz Wichteges gëtt hei gesot: Glawe lieft an enger Gemeinschaft. Des Gemeinschaft steet fir d'Mënschen, déi zesumme stinn an déi mat Gott verbonne sinn. Zuel vun der Gemeinschaft ass net wichteg. Wichteg ass déi gemeinsam Astellung an Orientéierung. Si mir als Gemeinschaft bereet, fir eis zesummen zu Gott hin ze orientéieren? Froe mir eisen Här ëm seng Begleedung.
Här Jesus Christus, du bass an eiser Mëtt. Här, erbaarm dech eiser. Du féiers eis aus der Angscht an d’Fräiheet. Christus, erbaarm dech eiser. Du erfëlls eis mat dem Geescht vum Liewen. Här, erbaarm dech eiser.
Dagesgebiet
Gudde Gott, du hues eis duerch déi Jong Jesus Christus erléist an als deng Kanner ugeholl. Kuck voll Guttheet op all, déi u Christus gleewen, a schenk hinnen déi echt Freed an déi éiweg Ierfschaft. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här. Amen.
Dieu qui as envoyé ton Fils pour nous sauver et pour faire de nous tes enfants d'adoption, regarde avec bonté ceux que tu aimes comme un père; puisque nous croyons au Christ, accorde-nous la vraie liberté et la vie éternelle. Par Jésus Christ.
Gott und Vater, unseres Herrn Jesus Christus, wir sind im Namen deines Sohnes versammelt. Er ist mitten unter uns. Lass uns aus der Freude des Evangeliums leben. Darum bitten wir dich durch Jesus Christus, deinen Sohn und unseren Bruder, der mit dir und dem Heiligen Geist in unserer Mitte lebt jetzt und in Ewigkeit.
Liesungen: Ez 33,7-9 / Röm 13, 8-10 / Mt 18, 15-20
Lesung aus dem Buch Ezéchiel. So spricht der Herr: Du Menschensohn, ich habe dich dem Haus Israel als Wächter gegeben; wenn du ein Wort aus meinem Mund hörst, musst du sie vor mir warnen. Wenn ich zum Schuldigen sage: Schuldiger, du musst sterben! und wenn du nicht redest, um den Schuldigen vor seinem Weg zu warnen, dann wird dieser Schuldige seiner Sünde wegen sterben; sein Blut aber fordere ich aus deiner Hand zurück. Du aber, wenn du einen Schuldigen vor seinem Weg gewarnt hast, damit er umkehrt, und er sich nicht abkehrt von seinem Weg, dann wird er seiner Sünde wegen sterben; du aber hast dein Leben gerettet.
Kv.: Hört auf die Stimme des Herrn; verhärtet nicht euer Herz!
Kommt,
lasst uns jubeln dem Herrn, *
Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. Schwestern und Brüder! Niemandem bleibt etwas schuldig, außer der gegenseitigen Liebe! Wer den andern liebt, hat das Gesetz erfüllt. Denn die Gebote: Du sollst nicht die Ehe brechen, du sollst nicht töten, du sollst nicht stehlen, du sollst nicht begehren! und alle anderen Gebote sind in dem einen Satz zusammengefasst: Du sollst deinen Nächsten lieben wie dich selbst. Die Liebe tut dem Nächsten nichts Böses. Also ist die Liebe die Erfüllung des Gesetzes.
Halleluja. Halleluja. Gott hat in Christus die Welt mit sich versöhnt und uns das Wort von der Versöhnung anvertraut. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. In jener Zeit sprach Jesus zu seinen Jüngern: Wenn dein Bruder gegen dich sündigt, dann geh und weise ihn unter vier Augen zurecht! Hört er auf dich, so hast du deinen Bruder zurückgewonnen. Hört er aber nicht auf dich, dann nimm einen oder zwei mit dir, damit die ganze Sache durch die Aussage von zwei oder drei Zeugen entschieden werde. Hört er auch auf sie nicht, dann sag es der Gemeinde! Hört er aber auch auf die Gemeinde nicht, dann sei er für dich wie ein Heide oder ein Zöllner. Amen, ich sage euch: Alles, was ihr auf Erden binden werdet, das wird auch im Himmel gebunden sein, und alles, was ihr auf Erden lösen werdet, das wird auch im Himmel gelöst sein. Weiter sage ich euch: Was auch immer zwei von euch auf Erden einmütig erbitten, werden sie von meinem himmlischen Vater erhalten. Denn wo zwei oder drei in meinem Namen versammelt sind, da bin ich mitten unter ihnen.
Lecture du livre du prophète Ézékiel. La parole du Seigneur me fut adressée: «Fils d’homme, je fais de toi un guetteur pour la maison d’Israël. Lorsque tu entendras une parole de ma bouche, tu les avertiras de ma part. Si je dis au méchant: ‘Tu vas mourir’, et que tu ne l’avertisses pas, si tu ne lui dis pas d’abandonner sa conduite mauvaise, lui, le méchant, mourra de son péché, mais à toi, je demanderai compte de son sang. Au contraire, si tu avertis le méchant d’abandonner sa conduite, et qu’il ne s’en détourne pas, lui mourra de son péché, mais toi, tu auras sauvé ta vie.»
R/ Aujourd’hui, ne fermez pas votre cœur, mais écoutez la voix du Seigneur!
Venez, crions de joie pour le
Seigneur,
Entrez, inclinez-vous,
prosternez-vous,
Aujourd’hui
écouterez-vous sa parole ?
Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains. Frères, n’ayez de dette envers personne, sauf celle de l’amour mutuel, car celui qui aime les autres a pleinement accompli la Loi. La Loi dit: Tu ne commettras pas d’adultère, tu ne commettras pas de meurtre, tu ne commettras pas de vol, tu ne convoiteras pas. Ces commandements et tous les autres se résument dans cette parole: Tu aimeras ton prochain comme toi-même. L’amour ne fait rien de mal au prochain. Donc, le plein accomplissement de la Loi, c’est l’amour.
Alléluia. Alléluia. Dans le Christ, Dieu réconciliait le monde avec lui: il a mis dans notre bouche la parole de la réconciliation. Alléluia.
Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. En ce temps-là, Jésus disait à ses disciples: «Si ton frère a commis un péché contre toi, va lui faire des reproches seul à seul. S’il t’écoute, tu as gagné ton frère. S’il ne t’écoute pas, prends en plus avec toi une ou deux personnes afin que toute l’affaire soit réglée sur la parole de deux ou trois témoins. S’il refuse de les écouter, dis-le à l’assemblée de l’Église; s’il refuse encore d’écouter l’Église, considère-le comme un païen et un publicain. Amen, je vous le dis : tout ce que vous aurez lié sur la terre sera lié dans le ciel, et tout ce que vous aurez délié sur la terre sera délié dans le ciel. Et pareillement, amen, je vous le dis, si deux d’entre vous sur la terre se mettent d’accord pour demander quoi que ce soit, ils l’obtiendront de mon Père qui est aux cieux. En effet, quand deux ou trois sont réunis en mon nom, je suis là, au milieu d’eux.»
Priedegt
Net nëmme Sportsfrënn a Fussballiste kennen d'Bedeitung vun der sougenannter gieler Kaart. Am Fussball gëtt dës Kaart ëmmer da gewisen, wann ee Spiller sech graff onsportlech verhält. A jidderee weess, wat dësem Spiller da bléit, wann hien sech nach eng Kéier esou dernieft behëlt. Da weist de Schidsriichter him déi rout Kaart, dat heescht, hie gëtt vum Terrain gesat. Fir deen, dee rout gesäit, ass esou dann d'Spill eriwwer. Wat awer huet elo dës giel Kaart matt dem Evangelium vun haut ze dinn?
Et kënnt ee soen, datt de Matthäus eis haut am Evangelium Reegelen opstellt fir d'Verdeele vu rouden a giele Kaarten an der chrëschtlecher Gemeinschaft. Mir hu jo héieren: „Wenn dein Bruder sündigt, dann geh zu ihm und weise ihn unter vier Augen zurecht“ (Mt 18,15). Matt anere Wierder gesot, du solls him déi giel Kaart weisen, du solls him eng Verwarnung ausschwätzen. An der chrëschtlecher Traditioun ass dëst Verhalen "correctio fraterna", bridderlecht Zurechtweise genannt ginn. D'Uweisung ass un sech kloer. Fir d'éischt soll ee Gespréich ënnert véier Ae gesicht ginn. Dat ass ee Rot, dee mir och an eisem Alldag duerchaus kënnen a solle behäerzegen. Leider gi mir meeschtens net no dësem Rot fir. Mir schwätze léiwer iwwert een, wéi matt him. An dat ass jo sécherlech net dat, wat de Matthäus eis hei un d'Häerz leed. Sou jiddefalls huet den Evangelist sech et net virgestallt, datt mir géife correctio fraterna üben.
Dat, wat déi chrëschtlech Schrëftsteller fréier correctio fraterna genannt hunn, dat ass haut méi wéi jee héich aktuell. Mir schwätzen haut vun engem "feed back". Domadder ass eng kritesch Réckmeldung gemengt op dat, wat mir maachen a soen a schaffen an esou weider. Et ass wichteg, datt een heiansdo esou eng Réckmeldung, esou ee feed back kritt. Dee muss jo net ëmmer negativ sinn. Mä ebe Feeler, déi ee mécht an och net direkt selwer erkennt, kënnen esou ausgeglach a spéider vermidde ginn. Frëndschaftlech a gutt gemengte Kritik ass duerchaus opbauend. Si sinn onverzichtbar fir ee gutt Zesummeliewen an enger Gemeinschaft, sief dat eng Famill, op der Aarbecht, an der Kierch oder och an der Gesellschaft. Vill ze wéineg si mir an deem Sënn éierlech an offe matenaner. Den éischten Deel vum Evangelium vun haut ass dofir eng Opfuerderung zu engem offenen an éierlechen Dialog.
Domadder kenne mir jo elo och all liewen. Awer, wat kennt dann am Text vun haut? Mir liesen do dëst: „Hört er auf dich, so hast du deinen Bruder zurückgewonnen. Hört er aber nicht auf dich, dann nimm einen oder zwei Männer mit (…) Hört er auch auf sie nicht, dann sag es der Gemeinde. Hört er aber auch auf die Gemeinde nicht, dann sei er für dich wie ein Heide oder ein Zöllner“ (Mt 18, 16–17).
Dat sinn haart Wieder! Däerf een esou matenaner ëmgoen? Sinn dat d'Spillreegele vun der chrëschtlecher Gemeinschaft? Den Eugen Drewermann schreift a sengem Kommentar zum Evangelium vun haut dat hei: „Die Spannung zwischen dem, was Jesus wollte, und dem, was Matthäus daraus macht, kann wohl nicht größer sein, als sie an dieser Stelle hier erscheint. ,Er sei dir wie ein Zöllner!‘ Darin bestand ja das ganze Anliegen, das war die ganze Mission Jesu, zu sagen: ,Auf den Zöllner gehe zu, hole ihn mit hinein, laß ihn nicht draußen stehen (…)‘“[1]
A weider seet den Drewermann: „Plötzlich hat die ,Gemeinde‘, die sich auf Jesus beruft (!), wieder ein ,Recht‘ und sogar die ,Pflicht‘, im Namen Gottes Menschen auszugrenzen, und man leitet dieses Recht und diese Pflicht von eben dem Manne ab, der gerade noch erklärt hat: ,Es gibt von Gott her überhaupt kein Recht, irgendeinen Menschen auszugrenzen!‘ Zwischen diesen beiden Standpunkten liegen zeitlich ganze vierzig Jahre, aber wesentlich liegt zwischen ihnen eine ganze Welt.“[2]
Ganz zu recht weist den Drewermann hei op eng ganz geféierlech Saach hin, nämlech d'Tendenz fir Mënschen auszegrenzen innerhalb vun eiser chrëschtlecher Gemeinschaft. Am Laf vun der Kierchegeschicht koum et zou enger ganz frowierdeger Verformung vun dëser eigentlech gudder correctio fraterna. Dee berüümte Saz: „Anathema sit“ – „Dee soll ausgeschloss sinn“, begleet vun der Synode vun Elvira un, dat heescht vun ëm d'Joer 300/303 un all Kiercheversammlungen, Synoden a Konzilen. Iergendwellech Leit, déi ofgewach sinn am Glawen, goufe radikal matt dësem „Anathema sit“ – „Dee soll ausgeschloss sinn“, beluecht a verurteelt. Wat deemools sécherlech a munchem Fall wichteg war fir d'kierchlech Gemeinschaft fest zesummen ze halen an hir Identitéit ze garantéieren, dat ass ëmmer méi zu enger Kampfformel gi géint Kritiker an déi, déi anescht denken. Eréischt dat Zweet Vatikanescht Konzil huet matt dëser Praxis fir Mënschen auszeschléissen Schluss gemaach.
Um Zweete Vatikanesche Konzil ass dofir een neie Gedanke formuléiert ginn, deen dëst alles sollt ersetzen. Et ass de Gedanke vun der "communio", der Gemeinschaft am Glawen. Dës Gemeinschaft am Glawe setzt allerdéngs eng "communicatio" also eng Kommunikatioun, eng Verstännegung, ee Gespréich an en Dialog viraus. Matt anere Wieder gesot: ouni Kommunikatioun gëtt et keng echt Communio, keng echt Gemeinschaft. D'Evangelium vun haut luet eis deemno ganz däitlech dozou an, fir aus dem Geescht an aus der Botschaft vu Jesus Christus eraus iwwer d'Kommunikatiounsstrukturen an eiser Kierch an och an eiser konkreter Gemeinschaft nozedenken. Dem Jesus seng Botschaft encouragéiert eis zu engem offenen Dialog ouni Scheiklappen, ouni Virurteeler an esou weider. De Jesus selwer huet esou munche vu sengen eegenen Zäitgenossen déi giel Kaart gewisen. D'Evangelium soll fir eis och ëmmer erëm eng Ermanung, en Encouragement an eben heiansdo och eng Verwarnung sinn. Awer eppes ass sécher: Beim Jesus gëtt et keng rout Kaart. Et gëtt kee vum Terrain geschéckt. Dat misst och fir eis Grond genuch sinn, fir eis perséinlech wéi och fir eis als kierchlech Gemeinschaft, kengem ze séier déi rout Kaart ze weisen.
[1] Eugen Drewermann, Das Matthäusevangelium, Zweiter Teil, Walter-Verlag Solothurn und Düsseldorf 1994, S. 448. [2] Ebd. S. 449.
Fürbitten
„Was auch immer zwei von euch auf Erden einmütig erbitten, werden sie von meinem himmlischen Vater erhalten.“ Vertraue mir op des Zouso a leeë mir eisem Här eis Uleies vir:
* Mir biede fir all Mënschen, déi déi frou Noriicht verkënnegen, dass si de Courage hu kloer ze schwätzen a baarmhäerzeg ze wierken. Härgott, héier eis.
* Mir biede fir eis Kierch an hier Gemeinschaften, dass mir och an deene klenge Gruppen et fäerdeg bréngen d'Freed un der Botschaft vu Christus ze behalen. Härgott, héier eis.
* Mir biede fir all Mënschen, déi am Déngscht un dem Nächste schaffen, dass si ëmmer nees Gedold a Léift fir hier Leit opbréngen. Härgott, héier eis.
* Mir biede fir all Mënschen, déi a Schold verstréckt sinn, dass si Weeër zu engem nei Ufank fannen. Härgott, héier eis.
* Mir biede fir all eis Verstuerwen, dass si bäi dir gebuerge sinn. Härgott, héier eis.
„Gott hat in Christus die Welt mit sich versöhnt und uns das Wort von der Versöhnung anvertraut.“ Dofir soe mir Merci, elo an ëmmer. Amen.
II.
Dieu promet une réponse à nos requêtes lorsque nous nous mettons d’accord sur ce que nous voulons demander. Forts de cette promesse, osons lui présenter nos intentions au sujet des besoins universels de nos frères et sœurs. Seigneur, réponds à notre requête. – Prions pour l’Église; animée du souffle de la charité et de la force de l’Esprit, qu’elle continue à dénoncer les injustices et les incohérences humaines. – Prions pour les personnes qui nous gouvernent; qu’elles le fassent avec sagesse et amour, dans le souci de garder l’unité, la justice et la paix. – Prions pour les gens qui ne connaissent pas l’Évangile; qu’ils soient touchés par l’amour du Père et qu’ils puissent en être transformés. – Prions pour nos communautés chrétiennes; que la grâce de l’Évangile du Christ les soutienne dans leurs démarches et relations fraternelles. Dieu notre Père, toi qui as manifesté ton amour universel en nous donnant le Christ et son Esprit, écoute nos prières et daigne les exaucer, par le Christ, notre Seigneur. Amen. (https://fr.novalis.ca/)
Gowegebiet
Här, eise Gott, du schenks eis de Fridden an du gëss eis d’Kraaft, fir dir opriichteg ze dengen. Looss eis dech duerch eis Gowen éieren a looss eis duerch d’Deelhuelen un deem enge Brout an deem enge Kellech och eng eenzeg grouss Gemeinschaft ginn. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Dieu qui donnes la grâce de te servir avec droiture et de chercher la paix, fais que cette offrande puisse te glorifier, et que notre participation à l'eucharistie renforce les liens de notre unité. Par Jésus.
Guter Gott, du hast dein Volk in der Wüste mit Manna gespeist und Wasser fließen lassen aus dem Felsen. Du willst auch uns speisen am Tisch deines Sohnes. Nimm die Gaben an, die wir für dieses Mahl bereitet haben. Durch Christus, unsern Herrn.
Präfation – „Du verlässt uns nie“
Gott und Vater, wir wenden uns an dich, Sanctus
Hochgebet – „Versöhnung IV“
(Nach
dem Sanctus fährt der Priester fort)
Wir sehnen uns nach Versöhnung, nach Sonne,
nach Licht,
Wir danken dir für Jesus, der uns einen Weg
gezeigt hat,
Wir wissen, dass noch viel Dunkelheit, viel
Unversöhnlichkeit auf der Erde lastet, Darum bitten wir um den Geist Jesu, dass er uns freimache,
damit wir offen werden füreinander, damit wir
zu Strahlen der Liebe werden.
Dieser Geist Jesu soll, so bitten wir, unter
uns und über Brot und Wein + lebendig
werden,
Da er die Seinen liebte, die in der Welt waren,
liebte er sie bis zur Vollendung.
NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
Ebenso nahm er den Kelch mit Wein,
NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS:
Darum verkünden wir hier und jetzt das
Geheimnis des Glaubens ...
An ihn, deinen Sohn, unseren Bruder, Jesus
Christus, denken wir,
Wir bitten dich für die Kirche - insbesondere
bitten wir
Treuer Gott, deinem Herzen vertrauen wir die
Menschen an,
Zusammen mit der Gottesmutter Maria und allen
Heiligen loben und preisen wir dich:
Vaterunser
Mat de Wierder vun eisem Här Jesus selwer wëll mir all Uleies vun eiser Zäit viru Gott, eise Papp bréngen: Vater unser im Himmel, …
Friddensgebiet
Fridde kann nëmmen do entstoen, wou mir eis Verantwortung vis-à-vis vun eise Matmënschen iwwerhuelen. Dass dat eis awer och munches ofverlaangt, ass eis alle kloer. Dofir biede mir: Här Jesus, kuck net op eis Feeler, mä op eise gudde Wëllen a schenk eis all däi Fridden.
Schlussgebiet
Här, eise Gott, an dengem Wuert a Sakrament gëss du eis Narung a Liewen. Looss eis duerch dës grouss Gowen an der Léift wuessen an zur éiweger Gemeinschaft mat dengem Jong Jesus Christus kommen, hien, dee mat dir lieft a regéiert an all Éiwegkeet. Amen.
Par ta parole et ton pain, Seigneur, tu nourris et fortifies tes fidéles: accorde-nous de si bien profiter de ces dons que nous soyons associés pour toujours à la vie de ton Fils. Lui qui règne.
Guter und treuer Gott, im Mahl deines Sohnes lässt du uns immer neu teilnehmen am Leben der kommenden Welt. Dafür danken wir dir und bitten dich: Der Geist, den wir empfangen haben, halte in uns die Hoffnung lebendig und leite uns an zu Taten der Liebe, bis du deine Schöpfung vollenden wirst durch Christus, unsern Herrn.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement


