fr lb

Chrëschtdag, sieft Liicht!

Véierten Adventssonndeg

„Dir sidd d’Liicht vun der Welt!
Et fänkt ee jo och net eng Luucht un an ’t stellt een se dann ënner e Sieschter, ma ’t stellt een se op de Liichter, an da liicht se fir all déi, déi am Haus sinn.“ (Mt 5,14)

Mir héieren an onsem Liewen net esou oft soen dass mir d’Liicht sinn, an nach vill manner an dësen Zäite wou Luucht duerch déi exorbitant Energiepräisser zu engem Luxusartikel ginn ass. An dobäi brauche mir all esou e liichtend, gutt Wuert.

An dësem Evangelium vertraut Christus ons eng grouss Aufgab un. E seet ons, dass mir eppes kënnen an d’Welt droen an dass déi beschte Saach, déi mir brénge kënnen Liicht ass.

D’Liicht ass eng wonnerbar Saach, et ass Freed, et verdreift d’Schieter, et hëlleft géint d’Angscht a virun allem kënne mir mam Liicht kloer gesinn an a Fräiheet wielen.

Esou kënne mir positiv si fir ons Famill, onst Ëmfeld, a fir d’Welt, fir hinnen no ze lauschteren, fir se ze begleeden a fir hinnen ze hëllefe selbstänneg ze ginn.

Tatsächlech weist dësen Auszuch vill méi op dës schéi Missioun, déi Christus ons uvertraut. Hie seet: „Dir sidd d’Liicht vun der Welt.“

Mä wien ass dat wierklecht Liicht vun der Welt? Et ass Christus selwer, well Hie seet ons. „Ech sinn d’Liicht vun der Welt, deen dee mir nokënnt, geet net am Däischtere mä en huet d’Liicht an d’Liewen.“ An nach vill méi ass d’Liicht vun der Welt Gott selwer, wéi am Psalm 27 steet:
„Den Här ass mäin Liicht an mäin Heel.“

Et ass wichteg, dass mir ons drun erënneren, dass mir den Dag vun onser Daf Christus ugedoen hunn an säin Liicht kritt hunn:

„Hei d’Liicht vu Christus… Dir sollt et behidden, fir datt äert Kand, dat vu Christus erliicht ginn as, säi Wee geet, wéi e Kand vum Liicht.“

Esou vertraut Christus ons d’Roll als Mataarbechter vu Gott u fir d’Welt opzebauen. Dat heescht mir sinn agelueden der Welt ze ginn woufir mir geschafen goufen, mat allen Talenter, déi mir kruten.

Gleewen heescht net drop waarden, dass Gott alles mécht, mä bereet ze sinn, sech mat Him un d’Wierk ze maachen, fir un Sengem Plang ze schaffen, et heescht Aarbechter an sengem Wäibierg sinn. 

Chrëschten oder Net-Chrëschten, mir vergiessen dat an denken, dass gleewe bedeit Gott alles ze iwwerloossen. Mir betruechten d’Gebiet als Mëttel fir ons vun onse Responsabilitéiten ze befreien, fir dass Gott an onser Plaz handelt a mir stellen ons fir dass Hien misst d’ganz Welt regéieren. 

D’Wouerecht ass, dass Gott ons als seng Geschöpfer brauch. Mir si geruff mat Him a fir Hien ze schaffen, fir dass Säi Räich op der Welt entsteet, déi Gehäiten ze tréischten an un enger méi bridderlecher a gerechter Gesellschaft an um Fridden ze schaffen. 

Jesus freet ons, net passiv an onbeweeglech ze bleiwen, ganz am Géigendeel. An der Botschaft vum Evangelium ass en Opruff, eng Bestëmmung ons op de Wee zu maachen a Grousses ze vollbréngen. 

Mir brauchen ons net laang ze froen wat mir an der Welt a fir d’Welt maachen kënnen: Alles wat mir ons vun Gott erwaarden, fir d’Welt a fir ons, dat wëllen mir fir onser Säit vun haut un maachen. 

An dëser Zäit, wou mir ugehale sinn, Energie ze spueren (souguer fir ons Chrëscht-Deko) kann näischt ons drun hënneren, onst Liicht ze verbreeden, an déi gutt Nouvelle ass, et ass gratis. Also loosst ons dovu profitéieren a Liicht fir d’Welt sinn!

Iech all e schéine véierten Adventssonndeg an e frout Fest vun der Gebuert von onsem Här. 
D’Freed an d’Liicht vu Chrëschtdag soll är Häerzer erhellen an säi Seege soll op ons an d’Familljen uechter d’Welt kommen. 

đ.Michele Camposeo

(Lëtzebuergesch Iwwersetzung:
Yolande Kimmel / Michele Camposeo)

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement