Bannen a Verkaf vum Wësch zu Käerch

Aktioun « Wësch fir „Terre des Hommes“ »

Mir soen dem Luc Mangen vu Giewel merci fir den Hangar, wou mir d’Wësch konnte bannen, deene Leit, déi äis gehollef hunn, d’Kraider ze sammelen an d’Wësch ze bannen. En häerzleche Merci och deene Leit, déi äis mat Donen ënnerstëtzt hunn, sou datt mir di schéin Zomm vun 1.660 € konnten un „Terre des Hommes“ fir de Projet Rosario (Argentinien) iwwerweisen.

Den Tresorier vun « Terre des Hommes » schreift ënner anerem a sengem Remerciement: « Je vous remercie chaleureusement d’avoir soutenu nos activités par un don substantiel de 1.660 €. Sans la générosité de nos donateurs/trices, nous serions dans l’impossibilité de poursuivre notre engagement en faveur de la réalisation des droits des enfants les plus démunis et de réaliser des projets de développement – actuellement trois projets au Nicaragua, un projet en Équateur et le projet en Argentine. »


De 14. August vu 14 Auer u ginn eng 75 Wësch an der Scheier um Haff Luc Mangen zu Giewel gebonnen. Scho virdru ginn d’Friichte vum Alphonse Simon um Feld gesammelt, an d’Kraider de 14. August moies.

D’Kraider ginn an der Scheier op en „Dësch“ aus Botten disposéiert.
Eng Dose Fräiwëlleger trëppele ronderëm dësen „Dësch“ a maache Bouquete mat de Kraider.
En anere Grupp bënnt dann d’Bouquete mat enger Ficelle fest zesummen.

Nom Banne gëtt et Kaffi a Kuch.

Owes vum 14. August brénge mer d’Wësch an d’Käercher Kierch.
De 15. August gëtt de Wësch virun der Mass fir 15 € verkaaft an dann an der Mass geseent.

Dës Traditioun besteet zënter 1989, an den Erléis ass, wéi all Joer, fir Terre des Hommes – fréier AMAP Rosario, Casa de Luxemburgo aus Argentinien. All weideren Don an all praktesch Hëllef ass wëllkomm.

Kontakt: Josiane a Laurent Lucas: 39 97 42

Foto: Kräuterstrauss ©Heidi Reisinger

Message de la part de Pablo Cerso, Directeur - AMAP Rosario
Terre des Hommes Luxembourg asbl
Newsletter octobre 2025, p. 2-3
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement