Bannen a Verkaf vum Wësch zu Käerch

De 14. August vu 14 Auer u ginn eng 75 Wësch an der Scheier um Haff Luc Mangen zu Giewel gebonnen. Scho virdru ginn d’Friichte vum Alphonse Simon um Feld gesammelt, an d’Kraider de 14. August moies.

D’Kraider ginn an der Scheier op en „Dësch“ aus Botten disposéiert.
Eng Dose Fräiwëlleger trëppele ronderëm dësen „Dësch“ a maache Bouquete mat de Kraider.
En anere Grupp bënnt dann d’Bouquete mat enger Ficelle fest zesummen.

Nom Banne gëtt et Kaffi a Kuch.

Owes vum 14. August brénge mer d’Wësch an d’Käercher Kierch.
De 15. August gëtt de Wësch virun der Mass fir 15 € verkaaft an dann an der Mass geseent.

Dës Traditioun besteet zënter 1989, an den Erléis ass, wéi all Joer, fir Terre des Hommes – fréier AMAP Rosario, Casa de Luxemburgo aus Argentinien. All weideren Don an all praktesch Hëllef ass wëllkomm.

Kontakt: Josiane a Laurent Lucas: 39 97 42

Foto: Kräuterstrauss ©Heidi Reisinger

Message de la part de Pablo Cerso, Directeur - AMAP Rosario
Terre des Hommes Luxembourg asbl
Newsletter octobre 2025, p. 2-3
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement