|
Kathoulesch MänneraktiounZënter Joeren bekëmmeren sech e puer Diddelénger Hären em d’Weiderbestoen vun der KMA, Sektioun Diddeléng Eis gréisst Aktivitéit ass all Joer um Pällemsamschdeg, wann de Männerkräizwee op de Gehaansbierg geet. En historesche Site, wou schons fréier d’Leit biede gaange sinn. Mir zielen am Moment nach eng 70 Memberen a froen e Beitrag vun 12 € pro Joer. 10mol am Joer kënnt eis Zeitung „Kathoulesch Aktioun“ mat villen interessante Berichter an Informatiounen eraus. Wéi vill aner Organisatiounen wären mir och frou, fir d’Weiderbestoen vun eiser Organisatioun ofzesécheren, wa mir eis Memberzuel duerch nei a jonk Memberen kéinten opbesseren. |