|
Sammele vun alen TimberenGestempelt a gebraucht Timbere, z.B.: vun der Vakanzen- oder Chrëschtpost, mussen net ewechgeworf ginn. Et kann een se erofschneiden a versuergen. Et kann een zum Beispill an der Noperschaft oder um Büro froen, fir d’Timberen ze kréien. D’Timbere gi verkaaft a mat dem Erléis gëtt Kanner an den aarme Länner gehollef: si kréien Bläistëfter an Hefter, Medikamenter, si kréien eng Bibel a ginn an d’Frëndschaft mam Jesus agefouert. Eng Sammelkëscht steet lénks hannen an der Kiirch beim Dafsteen. Villmols MERCI |