Fürbitten

Fürbitten 7. Ouschtersonndeg B

Foto: Barescar90_pixabay_pfarrbriefservice.de

Nom Beispill vu Jesus Christus, loosst eis och eis Aen an den
Himmel ophiewen an zum Papp bieden:

- Erhaal an déngem Numm
... déi, déi an hirem Glawen glécklech sinn an déi, déi midd ginn; schützt déi, déi de Glawen erëm fonnt hunn. Härgott, héier eis.

- Erhaal an déngemNumm
... déi wéinst hirem Glawen verfollegt ginn, jiddereen deen Nodeeler akzeptéiert, an all déi, déi d’Gemeinschaft vun der Kierch verlooss hunn. Härgott, héier eis.

- Erhaal a looss eent ginn
... jiddereen deen den Numm vun déngem Jong an deene verschiddene Bezeechnungen weiderdréit, schützt all déi säi Message verfollegen. Härgott, héier eis.

- Verhënner am ganze Léed
... déi am Krich an ënner arbiträrer Herrschaft liewen, Fraen, Männer a Kanner an Nout, an all Leit op der Flucht. Härgott, héier eis.

- Schützt géint Gewalt a Feindlechkeet
... déi sech fir eist Land an d’Allgemengheet engagéieren, an der Politik an op Éiereposten, an der Police an an de Rettungsdéngschter. Härgott, héier eis.

- Erhaal a sécher an dir selwer
... jiddereen dee sech ouni Zukunftsperspektiven fënnt an all Affer vu Gewalt, all déi Verstuerwen, déi mir vill vermëssen, a jiddereen, deen no der Verléiere vun engem geléifte Mënsch Ënnerstëtzung sicht. Härgott, héier eis.

Sou froe mir déch, Gott, an de Bedenken vun eisem Dag, well du hues eis op dëss Welt gesat. Mir soen dir Merci fir däi Verspriechen, datt’s du eis an all Leit an déngem Numm
schützt, haut an all Dag bis zum Enn vun der Welt.
Amen.


D’Fürbitten als PDF-Download: texte au format PDF

Fürbitten 7.Ouschtersonndeg B

all Fürbittentexter amArchiv / tous les textes à l’archive

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement