|
d’Geschicht vum "Kaaschtel"Quell: Wikipedia (http://lb.wikipedia.org/wiki/Kaaschtel); Fotoen © Marc Urhausen 2014
Virbemierkung (duerch d’Redaktioun vun dëser Homepage)
Geschicht Schonn d’Kelten hu viru 25 Joerhonnerten de Fielsplateau als Schutzplaz ëmgebaut andeems si op der südlecher Säit en Hiwwel opgetippt hunn, deen haut nach ze gesinn ass. Ënner dem Keeser Hadrian hunn d’Réimer ëm d’Joer 119 déi wichteg Handelsstrooss vu Lyon op Köln gebaut, déi duerch Metz, Duelem an Tréier gefouert huet. Si ass no bei Altwis laanscht gaangen an d’Réimer hunn op engem Fielsplateau e Castellum gebaut, deen als Refugium gedéngt huet, dohier och den Numm "Kaaschtel", dee sech bis haut gehalen huet. Et gëtt ugeholl, datt och eng Kultplaz um selwechte Plateau ageriicht gouf, well um ëstlechen Hang goufe räich dekoréiert Sailendeeler fonnt.
An der Merowengerzäit stoung och e klengt Klouschter op där Plaz. D’Ermesinde huet 1237 dat Klouschter a seng Kapell der Kierch "Sainte Madelaine", dem spéideren Hellege Geescht-Klouschter an der Stad geschenkt. D’Chronik vun der fréierer Altwiser Par seet, datt vu 1571 un eng Benediktiner-Brudderschaft sech ëm d’Kapell an ëm d’Verdeele vun den Affer vun de sëlleche Pilger këmmert. D’Plaz war deemools e wichtege Pilgeruert ginn, deen am ganzen Herzogtum Lëtzebuerg bekannt war. D’Awunner vu Fréiseng, Pëttleng], a Loutrengen, an Duelem ware souguer zum Pilgere gezwongen, soss gouf et eng Geldstrof. D’offiziell Pressessioun goung all Joer op Päischtméinde vun der Munnerefer Kierch bis op de Kaaschtel, wou eng Mass virun der Kapell gehale gouf. Op engem Hastee an enger Dierrumm erënnert d’Joreszuel 1611 un den Duerchgang tëscht der Klaus an der Kapell. Bis 1826 hunn eng sëllech Eremiten um Kaaschtel gewunnt an hu sech ëm den Ënnerhalt bekëmmert. Si hu vun Affer gelieft.
D’Pilger hu sech iwwer d’ganzt Joer afonnt an der Hoffnung, vun hirem Kapp- oder Zännwéi geheelt ze ginn. Si hu sech dobäi geseenten eise Kränz op de Kapp gesat, déi op der Plaz ze kréie waren. De Kaaschtel läit zanter der definitiver Festleeung vun der Grenz am Joer 1769 op franséischem Territoire. A fréieren Zäite war d’Kapell méi grouss wéi haut. 1880 war den Daach vum Schëff an engem sou schlechten Zoustand, an et ware keng Fongen do fir Reparaturen sou datt den Daach einfach ofgedroe gouf. Dee "Bannenhaff" mat senger Mauer ass näischt aneschtes wéi dat fréiert Schëff vun der Kapell. Dat bis haut erhale Gebai ass de Chouer vun der fréierer Kapell. 1908 gouf am rietsen Eck vum "Bannenhaff" eng Lourdes-Grott agebaut. Bemierkenswäertes
Weeër op de Kaaschtel
|