d’Geschicht vum „Kaaschtel“

Quell: Wikipedia (http://lb.wikipedia.org/wiki/Kaaschtel); Fotoen © Marc Urhausen 2014

D’ Gebai vun haut ass de Chouer vun der fréierer Kapell
Lourdes-Grott am Bannenhaff

Virbemierkung (duerch d’Redaktioun vun dëser Homepage)
De Kaaschtel läit op franzéischem Territoire, d’Gemeier an d’Kapell gehéieren zu der fréierer Por Altwis am fréiere Porverband Munneref, haut zu der „Par Dräilännereck Musel a Ganer St. Niklos“ gehéiereg.
All Joer geet op Päischtméindeg d’Pressessioun vun der Kierch zu Altwis op de Kaaschtel wou uschléissend eng feierlech Mass gefeiert gët.

All Joer op Paischtméindeg geet d’Prëssëssioun op de Kaaschtel

Geschicht
De Kaaschtel ass d’Bezeechnung vun engem Fielsplateau um rietsen Ufer vun der Albaach (Gander) (deemno a Loutrengen, Frankräich) tëscht Munneref an Altwis, op deem eng Kapell steet. „Kaaschtel“ bezeechent fir d’Awunner op béide Säite vun der Grenz souwuel de Fielsplateau wéi och d’Kapell, déi dem Christus den Erléiser geweit ass.

Schonn d’Kelten hu viru 25 Joerhonnerten de Fielsplateau als Schutzplaz ëmgebaut andeems si op der südlecher Säit en Hiwwel opgetippt hunn, deen haut nach ze gesinn ass.

Ënner dem Keeser Hadrian hunn d’Réimer ëm d’Joer 119 déi wichteg Handelsstrooss vu Lyon op Köln gebaut, déi duerch Metz, Duelem an Tréier gefouert huet. Si ass no bei Altwis laanscht gaangen an d’Réimer hunn op engem Fielsplateau e Castellum gebaut, deen als Refugium gedéngt huet, dohier och den Numm „Kaaschtel“, dee sech bis haut gehalen huet. Et gëtt ugeholl, datt och eng Kultplaz um selwechte Plateau ageriicht gouf, well um ëstlechen Hang goufe räich dekoréiert Sailendeeler fonnt.

De Bannenhaff mat senger Mauer ass dat fréiert Schëff vun der Kapell

An der Merowengerzäit stoung och e klengt Klouschter op där Plaz. D’Ermesinde huet 1237 dat Klouschter a seng Kapell der Kierch „Sainte Madelaine“, dem spéideren Hellege Geescht-Klouschter an der Stad geschenkt.

D’Chronik vun der fréierer Altwiser Par seet, datt vu 1571 un eng Benediktiner-Brudderschaft sech ëm d’Kapell an ëm d’Verdeele vun den Affer vun de sëlleche Pilger këmmert. D’Plaz war deemools e wichtege Pilgeruert ginn, deen am ganzen Herzogtum Lëtzebuerg bekannt war. D’Awunner vu Fréiseng, Pëttleng], a Loutrengen, an Duelem ware souguer zum Pilgere gezwongen, soss gouf et eng Geldstrof.

D’offiziell Pressessioun goung all Joer op Päischtméinde vun der Munnerefer Kierch bis op de Kaaschtel, wou eng Mass virun der Kapell gehale gouf.

Op engem Hastee an enger Dierrumm erënnert d’Joreszuel 1611 un den Duerchgang tëscht der Klaus an der Kapell. Bis 1826 hunn eng sëllech Eremiten um Kaaschtel gewunnt an hu sech ëm den Ënnerhalt bekëmmert. Si hu vun Affer gelieft.

Eng eenzeg, geseenten „Eise Kroun“ existéiert nach.
Sie soll anscheined géint Zänn- a Kappwéi hëllefen

D’Pilger hu sech iwwer d’ganzt Joer afonnt an der Hoffnung, vun hirem Kapp- oder Zännwéi geheelt ze ginn. Si hu sech dobäi geseenten eise Kränz op de Kapp gesat, déi op der Plaz ze kréie waren.

De Kaaschtel läit zanter der definitiver Festleeung vun der Grenz am Joer 1769 op franséischem Territoire.

A fréieren Zäite war d’Kapell méi grouss wéi haut. 1880 war den Daach vum Schëff an engem sou schlechten Zoustand, an et ware keng Fongen do fir Reparaturen sou datt den Daach einfach ofgedroe gouf. Dee „Bannenhaff“ mat senger Mauer ass näischt aneschtes wéi dat fréiert Schëff vun der Kapell. Dat bis haut erhale Gebai ass de Chouer vun der fréierer Kapell.

1908 gouf am rietsen Eck vum „Bannenhaff“ eng Lourdes-Grott agebaut.

Bemierkenswäertes
- Ënner der Sakristei, déi hanner der Kapell ugebaut ass, ass e verwëllefte Keller aus réimescher Zäit.
- Den Altor an der Kapell ass e Wierk vun de bekannte Sculpteure Greef vun Altwis aus dem Joer 1696. Et ass de fréieren Haaptaltor vun der Munnerefer Kierch.
- D’Klack am klengen Tuerm kënnt vu Wëntreng an ass op d’Joer 1701 datéiert.
- Um Parvis vun der Kapell stinn eng Rei Robinien (och nach falsch Akazien, Robinia pseudacacia), wouvun déi an der Mëtt wéinst hirer Gréisst an hirem Alter bemierkenswäert ass. Den Här vu Präisch soll enger Legend no dës Akazie vun enger Pilgerfaart an d’Hellegt Land matbruecht an am Joer 1787 planze gelooss hunn. Dës Akazie wier deemno den éischten Individuum vun dëser Aart an der ganzer Ëmgéigend.
- Laanscht de Pad vu Munneref erop gouf 1913 e Kräizwee opgeriicht mat 7 Statiounen aus Keramik, déi 7 Leede vun der Jongfra. Well d’Keramiken duerch d’Wieder gelidden haten, huet de Syndicat d’initiative vu Mondorff (F) 1988 d’Statiounen duerch Take vum Kënschtler Lé Tanson ersetze gelooss.

Altor aus dem Atelier Greef (1696). Et ass de fréieren Haaptaltor vun der Munnerefer Kierch

Weeër op de Kaaschtel
- Vun Altwis iwwer d’Victor Hugo-Bréck féiert e Feldwee laanscht de fréieren „Hôtel de Paris“ direkt op de Kaaschtelbierg.
- Vu Munneref féiert e Pilgerwee op de Kaaschtel: fir d’éischt op Lëtzebuerger, dann op franséischer Säit laanscht d’Gander, bis eng laang Trap am Bësch op de Kaaschtelbierg eropféiert.
- GPS-Koordinaten: 49°30’23.4„N 6°15’39.1“E

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement