|
D’Klacken vun der Lambertus-Kierch ElléngD’Geschicht vun de Klacken vun der 1872 erbauter Ellénger Lambertus-Porkiirch
Klacken sin en Deel vun eiser chrëschtlech geprägter Kultur. D’Klacken markéieren de Rhythmus vun der Zäit. Si ruffen zum Gebied, zur Aarbecht an zur Fräizäit. Dozou schreiwt de Wiener Konschthistoriker Friedrich Heer Folgendes: „Diese Ordnung inspirierte den abendländischen Menschen zu hohen geistigen und künstlerischen Leistungen.“ D’Geschicht awer léiert eis säit Joerhonnerten, an dëst ouni Ausnahm: Verstommen d’Klacken, da sin Liewen, Fräiheet, Toleranz a Mënschlechkeet a grousser Gefoer. An Europa begleeden d’Klacken säit dem 5. Joerhonnert d’Mënschen op hirem Liewenswée a prägen dësen am Ennerbewosstsin. Vum 22. Mee 2003 un konnt een zu Elléng dës „Stëllt“, déi awer bedingt war duerch d’Sanéierung vum Kiirchturm, erliewen. Et huet eppes am Dagesoflaf vum Duerf gefeelt. Mée, blécke mer fir d’éischt an d’Geschicht vun den Ellénger Klacken zréck. Am Visitatiounsbericht vu 1714 gët e gudden Zoustand vun der Lambertuskapell festgestalt. An dësem Visitatiounsbericht gët och ernimmt, datt d’Lambertuskapell eng Klack huet: „ ... Anderseits vernehmen wir, dass ein vergoldeter silberner Kelch, eine Kasel und eine Glocke vorhanden sind “. Et as unzehuelen, datt tëschend dëser Zäit och nach eng Rei Klacken ugeschaaf gi sin, allerdéngs missten do nach Recherchen gemaach gin. Wéi de 24.Januar 1803 Elléng zur eegestänneger Por erhuewe gin as, krut déi aal Lambertuskapell um Kiirfecht den Titel „Porkiirch“. Interessanterweis haat déi aal Lambertus - Porkiirch virun 1872 schon zwou Klacken, obschon hire baulechen Zoustand ëmmer méi schlecht gin as. Nodeem den 1. Juni 1872, déi jetzeg nei Lambertus - Porkiirch am Duerfkär konsekréiert gouf, sin all Mobilar a liturgesch Géigestänn mat an déi nei Porkiirch geholl gin. Grad wéi och déi grouss Klack vun 1851 (281 Pond) an déi kleng Klack vun 1862 (231 Pond). 1872 schreiwt de Paschtouer Henri Theves an de Kiirchenregëster Folgendes: Eischt Klackeweih an eiser jëtzeger Lambertus – Porkiirch, den 23. Abrëll 1874 Nodeem 6 Méint an der neier Porkiirch Gottesdéngscht gefeiert gouf, koum eng nei Erausfuerderung op déi Ellénger zou. De Paschtouer Henri Theves schreiwt am Kiircheregëster: „Am 28.November 1872 ist während des Läutens zum Rosenkranz die größere unserer beiden Glocken gerissen und danach unbrauchbar geworden“. De Paschtouer Henri Theves dréit an de Kiirchenregëster 1874 / No.95. Folgendes an: die eine Glocke erhielt den Namen des Kirchenpatrons Lambertus, die andere den Namen Maria – Taufpaten bei der Glockenweihe waren: Auf den Glocken ist die Inschrift: SIT NOMEN DOMINI BENEDICTUM; PAROCHIA ELLINGEN, PAROCHUS H. THEVES. Auf der anderen Seite: gegossen von Johann und Nikolaus Mabilon in Saarburg 1874. Auf der neuen Glocke ist das Bild des hl. Lambertus, des Kirchenpatrons von Ellingen, auf der anderen das Bild der Muttergottes – die kleine Glocke wiegt 465 Pfund, hat den Ton C = Si; die große Glocke 659 Pfund, hat den Ton B = La ; also die beiden Glocken machen zusammen 1.124 Pfund ohne den Klöppel; zu 2 Franken per Pfund macht 2.248.- Franken; außerdem erhält der Glockengießer für Beschlag, Lederzeug, Klöppel, Aufhängen 53 Taler = 198,75 Franken; die neuen Glocken kosten also zusammen 2.248 + 198,75 = 2.446,75 Franken. – Auf diese Summe haben wir dem Glockengießer unsere beiden alten Glocken herausgegeben, die große gerissene Glocke von 1851 zu 281 Pfund, die kleine von 1862 zu 231 Pfund im Ganzen 512 Pfund. Der Glockengießer gibt für das Pfund der alten Glocken 1,50 Franken, also für 512 Pfund 512 x 1,50 = 768 Franken. Wir bleiben dem Glockengießer also noch schuldig 2.446,75 – 768 = 1.678,75 Franken.“ Zweet Klackeweih an eiser jëtzeger Lambertus - Porkiirch am Joer 1903 Scho kuurz no der Klackeweih vun 1874 hat eis jëtzeg Porkiirch hir zweet Klackeweih. „Pfarrer Guillaume (Nachfolger von Pfarrer Schiltz) schreibt 1904 als Nachtrag im Kirchenregister: Im Jahre 1903, unter Pfarrer Schiltz, ist eine der 2 Glocken (die Kleinere) (s.Nr.95/1874) gerissen und es wurde eine noch größere angeschafft. Dieselbe wiegt 1.080 Pfund. Nach Abzug der alten gerissenen kostet die neue nur 1.100 F, welche Summe durch freiwillige Beiträge aufgebracht wurde. Dieselbe stammt aus derselben Fabrik Hansen - Mabilon von Saarburg.“ D’Famill Mabilon war eng vun den eelsten Klackengéisserfamilljen aus Däitschland (1770 – 2002). Donnéen vun der Marien-Klack (Angelus-Klack): Drëtt Klackeweih an eiser jëtzeger Lambertus – Porkiirch, Mëttwochs, den 1. Januar 1947 1946 stong dun eis jëtzeg Porkiirch virun hirer drëtter Klackeweih. Eng Rei Duerfleit kënnen sech nach gudd dorunner erënneren. Déi aal Lambertusklack vun 1874 (659 Pond / Toun B = La) as 1940 gerass. No laangem hin an hir as beschloss gin, eng ganz nei Klack an der Schwäiz zu Aarau vun der Firma H. Ruetschi S.a. géissen ze loossen. Hei en Auszuch aus dem Kiircherotsregëster vun Elléng vum 18. November 1945: Déi aal Lambertusklack vun 1874 as ageschmolz gin an aus der klenger „Lambertusklack vun 1874 as déi grouss „Celsus – Lambertus – Klack“ vun 1946 gin, déi an der Schwäiz zu Aarau vun der Firma H. Ruetschi S.a. gegoss gin as. Zënter bal 700 Joer gin zu Aarau d’Klacke gegoss: „Fusa sum arow“ – „zu Aarau gegoss“ heescht ët meeschtens. Donnéen vun der „Celsus - Lambertus-Klack“: Dës Klack, déi mir zu Elléng oft nëmmen „Celsus - Klack“ nennen, as awer den 1. Januar 1947 deenen zwee Kiirchepatréiner vun Elléng geweiht gin. Et as also d’ „Celsus a Lambertus“ Klack. Eng Erklärung fir wat se éischter „Celsus - Klack“ genannt gët, as sëcherlech datt d’Veréierung vum hl. Celsus am Laf vun den Joeren zougeholl huet an och datt d’Jongbaueren der Ellénger Kiirch dës Klack gestëft hun, als Merci fir de besonnesche Schutz vum hellegen Celsus während de Krichsjoeren. Résumé aus den Notizen vum Albert Heuschling (+20.12.1973), Schoulmeeschter zu Elléng vun 1917-1949: Den 30. - 31. Dezember 1946 gouf en neie Klackestull aus Eisen installéiert. Dëse Klackestull hëllt manner Plaz am Turm an, well déi nei Klack méi grouss as, wéi déi Klack, déi ersat gët. D’Klackeweih zu Elléng den 01.01.1947 Währenddéem d’Klack ageweiht gët, séngt d’Chorale „Misere mei Dei“ an 2 Hymnen. Nodeem d’Klack ageweiht as, schloen d’Geeschtlech a Pätter a Giedel 3mol mat engem Hummer widder d’Klack. No enger klenger Sakramentsandacht defiléieren d’Leit och bäi d’Klack a schloen 3mol mat engem Hummer widder d’Klack. Duerch d’Sakristei verloossen si d’Kiirch. Vu Pätter a Giedel huet jidferéen eng Tut Zockerbounen krut. Pätter a Giedel waren: Maria Hoffmann-Roeser, Nik Kummer, Anna Krier-Mondloch, Jean-Pierre Valentiny, Angela Speck-Boss, Michel Sünnen. De Kiirchturm tëschend 1947 an 1993: Munch technesch Reparaturen sin alt mol ugefall an ech ka mech gutt erënneren, wéi ech klenge Massendénger war, as den Här Paschtouer Théophile Walin am Wanter an de Turm geklomm fir der Marienklack, däer ët sëcherlech ze kaal war, e Coup ze gin, fir dass se ukoum mat lauden. Fir deem entgéint ze wiirken as alt e Stéck un de Knëppel geschweesst gin, wat de Problem deelweis geléist huet, sëcherlech awer keng gudd Léisong war. Als Koschter kann ech mech och nach gutt erënneren, wéi Enn der 70eger an 80eger Joeren d’“Celsus – Lambertus – Klack“ mat hirem Knëppel, zäitweileg géint den Turm geschloen huet an e ganze Bou an d’Tuermmauer geschlo huet. Dëse Knëppel as duerch d’Ausléieren vum Geschrauws a vum Lieder souvills méi erofgaangen an doduercher bäim Lauden un d’Turmmauer komm. Wéi duerch e Wonner as d’Klack net futti gaangen an ët as jhust bäim Mauerschued bliwen. Eréischt 1993 gouf ët eng Urgence mat Folgen. D’“Celsus – Lambertus - Klack“ war „liewensgeféierlech“ gin: mat hirem Knëppel huet si an de Motor vun der „Marienklack“ geschloen an zwar esou datt déi net méi richteg lauden konnt. Am Mee 1993 hun d’Gemeng an de Kiircherot sech mam Problem befaasst. Déi zwou Klacken hun hir drëtt nei Motoren krut an domatter och nei Knëppelen. Dës nei Knëppelen sin net méi esou schwéier wéi déi aal. Duerch déi nei Motoren hun d’Knëppelen net méi den Zweck fir de Klacken zum Schwong ze verhëllefen, mée si sollen se nach jhust beréieren. Déi aal Knëppelen vun der éischter Stonn gin am Turm als Undenken versuergt. An esou huet erëm alles zum Beschten funktionéiert an ët as net méi no de Klacken gekuckt gin bis de 26. Abrëll 2002 e Relais futti war. Et kann dach net sin, datt eng Kiirchenheizong an eng Uergel ... regelmässeg Revisiounen gemaach kréien an d’Klacken net, obschon datt ët „Maschine“ sin, déi och „liewensgeféierlech“ kënne gin. Eng regelmässeg Kontroll vun de Klacken as mat Frais’en verbonnen, mée op kee Fall as ët Luxus. Sanéierung vum Kiirchturm vun der Ellénger Lambertus – Porkiirch am Joer 2003
Zënter dem Bau vun der jëtzger Porkiirch as d’Kiirch schon oft renovéiert gin, awer nom Kiirchturm selwer as nach nie an deem Mooss gekukt gin wéi 2003. Wuel waren eng Rei Klackeweihen, wou am Turm geschafft gin as, awer trotzdeem war den Turm ëmmer en niewesächlechen Deel vum Kiirchegebei. Den 200. Anniversaire vun der Por Elléng war eng gudd Geleënheet, den Ellénger Kiirchturm, deen 131 Joer huet, bannen komplett ze sanéieren. Oft gët jhust dat renovéiert wat d’Aa gesäit, mee ët as wichteg, datt och dat Bannescht stëmmt. Sou as ët och bäi engem Kiirchegebei. Den Ellénger Kiirchturm war total verknascht vun de villen Dauwen. D’Sëcherheetsnormen waren net an der Rei a Villes nach méi. Den 29. Mee 2001 war de Brudder Michael Reuter OSB vu Maria Laach, de Klackenexpert vun der Diözes Tréier a vun der Äerzdiözes Lëtzebuerg, zu Elléng. Hien huet den techneschen an de musekaleschen Zoustand vun eise Klacken ënnersicht, grad wéi d’Sëcherheetsnormen am Turm selwer. Hien huet och gekuckt op, a wéi eng musekalesch sënnvoll Ergänzung vum Gelauds méiglech wäer. A sénger Expertise vum 13. September 2001 schreiwt de Brudder Michael Reuter zu eise Klacken an zur Klackenerweiderung Folgendes: „ ... Beide Glocken (Ruetschi 1946 & Mabilon 1903) sind sehr kräftig im Klang. Die Glocke von Ruetschi ist sehr obertönig, wie man es von dieser Rippe gewöhnt ist. Die Innenharmonie der Prinzipaltöne beider Glocken sind sehr ähnlich ausgefallen. Um so schmerzlicher fällt das zu eng geratene Intervall der Schlagtöne (Nominal) auf. Die Leuchtkraft, die einer Mollterz eigen ist, fehlt völlig. Der Zweiklang wirkt sehr trüb. Bei anstehenden Arbeiten sollte der Nominal der großen Glocke auf fis’-7 heruntergestimmt werden. Das ist technisch unproblematisch und musikalisch ein großer Gewinn. .... Ein zweistimmiges Geläute kann musikalisch nur schwer befriedigen. Durch die immer gleiche Pendelfrequenz der beiden Glocken wirkt der Läuterhythmus ermüdend. ... Die Größe der Kirche und der Gemeinde lassen eine Geläuteerweiterung keineswegs als Luxus erscheinen. ... Ausserdem lehrt die Erfahrung, dass ein schönes Geläute auch immer wieder Freude macht, selbst bei Menschen, die sonst der Kirche fern stehen. ... Das Vollgeläute wird sich als ein sehr festlich wirkendes Geläute präsentieren, das bei gut ausgebauter Glockenstube unter Umständen sogar noch den imaginären Summton einer grossen d-Glocke ertönen lässt. ...“ Zum Kiirchturm selwer schreiwt de Brudder Michael Reuter Folgendes: „ ... Der Glockenturm ist auch der Zugang zum Kirchendach. Dieser Übergang sollte im Zuge vorbeugenden Brandschutzes unbedingt mit einer feuerhemmenden Türe verschlossen werden. Glockentürme haben im Brandfall Kaminwirkung und können ein kleines Feuer extrem anfachen. No dëser schrëftlecher Expertis vum Brudder Michael Reuter OSB sin eng Rei Méint vergaangen. No laangem Iwwerleën huet de Kiircherot vun Elléng am Accord mat der Gemeng Mondorf de 14. Februar 2003 – op Valentinsdag - beschloss, den Ellénger Kiirchturm komplett ze renovéieren. Den 28. Mäerz 2003 war de Brudder Michael Reuter OSB erëm eng Kéier zu Elléng fir d’Kiirchefabrek bäim Planing a bäim Duerchféieren vun dësem Sanéierungsprojet am Kader vum 200. Anniversaire vun der Por Elléng ze beroden. De 5. Abrëll 2003 hat de ganze Kiircherot mat der Klackengéisserei „Hermann Schmitt“ vu Brockscheid (Äifel), déi den Opdrag krut huet, Rendez - Vous am Ellénger Kiirchturm. Nach eng Kéier gouf am Détail alles duerchgeschwat an e Planing opgesat. Den 12. Mee 2003 hat d’Gemeng mat verschiddene Firmen Rendez – Vous am Ellénger Kiirchturm, deen den 19. Mée gebotzt gin as an zu gläicher Zäit as d’Uergel vun de Gemengenaarbechter zougehaange gin. Géissen vun den Ellénger Klacken 2003 Mat groussem Interesse hun d’Nicole Lafleur, den Arthur Neu, de Raymond, de Laurent a de Luc Goedert dem Hermann an dem Michael Schmitt nogekukt, wéi si mat der Hëllef vun de jeweilege Schablounen eng Trennschicht vu Fett op eis „Falsch Klacken“ dropgemaach hun, fir dann doropper d’Buchstawen (eise jeweilegen Text) aus Wues dropzesetzen. Nodeem all Buchstawen eenzel gesat gi sin, blouw nach eng stonnelaang Aarbecht fir de Klackegéisser: ëmmererëm sin eis “Falsch Klacken“ agefett gin – eng ganz Nuecht laang. Mëttwochs, den 21. Mée 2003 no der Owesmass hun d’Klacken fir d’leschte Kéier an der zënter 1947 bekannter Weis gelaud. Puer Deeg virdrun hat d’Pastoralassistentin, Regina Hüneke, d’Klackegelauds op CD opgeholl, fir dass an de kommende Wochen d’Klacken iwer eng Anlag zu de Gottesdéngschter kéinte ruffen. Den 22. an 23. Mée 2003 as den aale Klackstull vun 1946 ausgebaut gin an eng gewëssen Trauregkeet war am Turm, wéi op all Etage an der „Stëllt“ eng Klack stoung. Méindes, de 26. Mée 2003 huet de Koschter mat sénge Kanner déi aal Klacken gewäsch an ët si fläisseg Photoe gemaach gin. Den 28. Mee 2003, um Virowend vu Christi Himmelfahrt, sin déi zwou nei Klacken an der d’Klackegéisserei Hermann Schmitt zu Brockscheid gegoss gin. Stonnen virdrun gët de Schmelzuewen op déi richteg Temperatur bruecht a mat 78% Koffer an 22% Zënn gefiddert. Virum Goss huet eise Paschtouer Fränz Muller d’Klackegéisser geseent an zesummen mat hinnen a mat den Ellénger Porkanner gebied fir e gudd Geléngen vum Klackegoss. Endlech ëm 15:32 Auer war ët dun sou wäit, wéi duerch déi verschidden Kanäl de Goss, wéi waarm Lawa, zu den eenzelnen Klacken gefloss as. Op Uerder vum Klackemeeschter gët d’Gosslach opgemaach an d’Form, déi déiw an der Äerd as, gët geföllt. Duerch déi aaner zwee Lächer päifen a brennen d’Gasen an d’Loft - en impressionant Erliewnës. An d’Klackegéisserei Hermann Schmitt huet eis eppes geléiert, waat mir meeschtens haut net méi hun: nämlech Zäit. An déi muss een bäim Klackegéissen hun. Zréck zu Elléng gong ët dun virun mam Ofklappen a Beworf vun den 3 Turmétagen. Vum 2. bis 4. Juni 2003 as den aalen Verbotz am Kiirchturm ofgeklappt gin a vum 11. bis 14. Juni 2003 as den neie Spezial- Botz opgedroe gin. Déi nei Jubiläumsklacken kommen op Elléng 17. Juli 2003 Freides, den 18. Juli a Samschdes, den 19. Juli 2003 sin d’Klacken an och d’Kiirch mat giel a wäissen Gladiolen a mat Pällem geröscht gin. D’Blummen sin zu Uespelt am „Le jardin fleuri“.bäim fréiere Koschter vu Waldbredimus, dem Christian Greisch, kaf gin. Dankbar war de Koschter, Raymond Goedert, déen duerch eng Knéioperatioun net esou gudd dru war, wéi hien vum Elwénger Koschter, Charles Bremer, vum Steve Warken, vum Octavie Berschens, vum Tessy Neu a vum Bernadette Gliedner ënnerstëtzt gouf bäi der Dekoratioun vun der Kiirch. Véiert Klackeweih an eiser jëtzeger Lambertus - Porkiirch Sonndes, den 20. Juli 2003 Zu dëser Klackeweih waren net nëmmen déi Ellénger Porkanner do, mée och vill aus eiser Porgemeinschaft. Ennert de Gäscht waren och d’Mme Maggy Nagel, député-maire, d’Mme Marlène Schmit, d’Mme Nelly Kremer – Weicker an den Här Patrick Sandt vum Gemengerot vu Mondorf, grad wéi och d’Pätter a Giedel an den Ellénger Kiircherot. De Paschtouer Fränz Muller huet a sénger Priedegt betount, datt een net alles muss un déi grouss Klack hänken! Mée oft gin verkéiert Saachen un déi berühmt d’Klack gehaangen. „Am Evangelium vum 16. Sonndeg B héiere mer, wann d’Mënschen eppes un d’Klack gehaang hun, ouni Klacken gehat ze hun, da war den Zoulaf grouss.... Déi aal an déi nei Klacken sollen eis erënneren, datt mer ëmmer méi eis Efaarungen mat Gott un déi grouss Klack hänke sollen. ...“ Direkt nom Schlussgebied vun der Mass huet de Klackegéisser Hermann Schmitt technesch Erklärungen zum Toun vun de Klacke gin. Nom Schlusssegen vum Paschtouer Fränz Muller hun d’Fraen a Mammen vun Elléng aus hirem Bazarerléis der Kiirchefabrek e Chèque vun € 3.877,00.- fir d’Uschaafung vun der Jousefsklack iwerreecht an en zweete Chèque vun € 3.000,00.- hun si un d’sozial Wierk „Téléthon“ weidergeleed. Duerno sin d’Fraen a Mammen, Pätter a Giedel, de Kiircherot, d’Gemengenautoritéiten an d’Leit alleguer bäi d’Klacken defiléiert a hun eemol mat engem Hummer widder d’Klacken geschloen. Duerch d’Sakristei hun si d’Kiirch verlooss, wou jidferéen nach en Erënnerungbild un d’Klackeweih 2003 iwerreecht krut. Duerno huet d’Gemeng Mondorf den Eierewäin an der Ellénger Schoul offréiert. Am Porarchiv läit d’Lëscht mat den Nimm vun den 12 „Pätter a Giedel“ an d’Lëscht mat den Nimm vun de ronn 50 Dons d’Honoration, déi fir d’Klacken 2003 iwerwise goufen. Villmols Merci! - Well Dir hutt gehollef deenen ale Klacken am sanéierten Kiirchtuerm der nach zwou dobäi ze schenken. Si wäerden dann déi klengst a jéngst am Kiirchtuerm sin. Mée zu véier lauden sie a gudder Gesellschaft Gott zu Eier an de Mënschen zum Wuel. D’Kiirchefabrek an d’Por Elléng, zesummen mat hirem Här Paschtouer Fränz Muller sin Iech dankbar duerfir. Donnéen vun der „Jousefs-Klack“ an der „Theresia-Klack“: „Anno 2003 „Theresia-Klack“, Gießer war Hermann Schmitt aus Brockscheid (Eifel) Op den zwou Klacken steet all Kéiers: Donnéen vun der „DON BOSCO –KLACK“ („Gong – Klack“): Donnéen vun der „TARZISIUS – KLACK“ („Chouer resp. Sakristei – Klack“): Installatioun vun de 4 Klacken am Kiirchturm Den 28. Juli 2003 sin d’Klacken aus dem Schëff erop op den Ducksall geholl gin. No dräi Stonnen waren si mol hannert der Uergel. De Pol Siebenaler, eise Kiircherotsprësident, huet kräfteg mat Hand ugeluecht. Daat Ganzt gouf vum Bernadette Gliedner fir eisen Archiv am Bild festgehaal. An däer Woch as den neie Klackestull aus feierverzénktem Wénkeleisen agebaut gin. Déi nei Klack si op hir richteg Plaz hänke komm. De 5. August 2003 as d’“Celsus – Lambertus – Klack“ gestëmmt gin an op hir richteg Plaz gehaang gin. Iwert de Klacken an ënnert de Klacken an am Raum ënnert de Klacken sin nei Biedem hikomm, fir doduercher e richtegen Resonanzraum ze kréien. Ganz uewen am Tuurm hänken déi nei Klacken: op der Säit, a Richtung Ennescht-Duerf hänkt uewen d’“Theresia – Klack“ an drënner d’“Celsus – Lambertus – Klack“, op der Säit a Richtung Iewescht-Duerf hänkt uewen d’“Jousefs – Klack“ an drënner d’“Maria-Klack“. Si lauden Richtung Elweng – Duelem. Den 8. August 2003 hun se fir d’éischte Kéier erëm gelaud, awer mat der Hand! D’Ellénger Lambertus – Porkiirch vun 1872 huet elo 4 Klacken am Tuerm vun dräi verschiddenen Klackegéisser: Mabilon, Saarburg (D) / Rüetschi, Aarau (CH) / Schmitt, Brockscheid (D). Awer ët sin 4 verschidden „Rëppen“. Dëst fënnt een net oft an de Kiirchtierm! D’“Rëpp“ vun der “Theresia – Klack“ as déi éischt vun dëser neier Zort vun der Firma Schmitt, déi an engem Kiirchtuerm laud. Vum August bis September 2003 waren d’Motoren, 2 Fallhummeren fir d’Auerzäit ze schloen an d’elektresch Apparaturen fachgerecht am Turm ubruecht gin. Och gouwen nei Kabelen bis an d’Sakristei gezun. D’Schaltverdeelung gouf komplett geännert an eng Schwingungskontroll gouf mat agebaut. De 5. September 2003 hun d’Klacken fir d’éischt Kéier elektresch gelaud. An deene Woche virdrun waren se vun eenzelnen Massendénger mat der Hand gelaud gin. An der Sakristei gouf eng nei mikroprozessorgesteiert Funk – Quarz Auer installéiert. D’Aarbechten schléissen November 2003 of. Dës eemoleg bleiwend Erënnerung un „200 Joer Por Elléng“ as eng Erënnerung déi der ganzer Duerfgemeinschaft zegutt kënnt. D’Klacken lauden bäi den Daafen, den Hochzäiten, de Stierwfäll, zu de Gottesdéngschter a Gebiedszäiten, bäi kiirchlechen an weltlechen Evenementer. D’Klacken erfreën d’Häezer vun de Mënschen a si Botschafterinnen vum Wuert vu Gott. Raymond Goedert |