Aktuelle Parbréif - lettre paroissiale actuelle

Parbréif - Lettre paroissiale 09.05. - 14.06.2026
Hei kënnt der iech de Parbréif ukucken.
Ici vous pouvez consulter la lettre paroissiale.

HEILIGER GEIST

« Urquell aller Träume und Visionen.
Du hast mir die Sehnsucht ins Herz gepflanzt,
Ausschau zu halten nach dem Hoffnungsland.
Du treibst mich an, dorthin aufzubrechen,
und gehst an meiner Seite.
Du lässt mich immer wieder neue Wege entdecken
und hilfst mir weiter, wenn ich kraftlos geworden bin.
So führst Du mich unaufhaltsam meinem Ziel entgegen. »
(Katharina Wagner, in : Pfarrbriefservice.de)

Dëse Wierder vum Katharina Wagner wëll ech mech uschléissen. Päisten ass fir äis all eng grouss Chance, äis rëm nei op den Hellige Geescht anzeloossen. Dacks hu mir d’Flemm mat sou munchem, mir fäerte wat alles kënnt, mir së ganz erféiert an ongewëss iwwer d’politischt Geschéien de Moment an der Welt, di schrecklich Kricher op ville Plazen, suguer a Länner vun deene kee schwätzt, d’Ännerungen an der Gesellschaft an an der Kierch a villes, villes méi.

Awer den Herrgott léisst äis net eleng. Mir kënnen op säi Bäistand, den Hellige Geescht, zeelen. Et läit un äis, fir opzesë fir nei Weeër, nei Ziiler, och wann dës vläicht ganz anischt së wéi mir dat gewinnt waren.

Dacks zécke mir an hale léiwer un den ale Gewunnichten, den ale Weeër fest, sou wéi et ëmmer war - sou ass et och dacks selwer bei mir - an dach hunn ech d’Gewëssheet, dass den Herrgott mat mir ass. Den Hellige Geescht ass eng Kraaft, déi mir net ënnerschätze sollen, eng Kraaft déi äis Courage an Ausdauer schenkt wa mir äis opmaache fir säi Wierken an eisem Leewen. Wa mir am Alldag ënnerginn an all eisem Schaffen a Wudderen, da brauche mir den Hellige Geescht ëmsou méi.

De Guido Groß ëmschreift dat sou an engem Gebiet : « Wir brauchen dich so sehr, Geist Gottes. Löse unsere Verkrampfung und mach uns lebendig ».
Äis all wënschen ech ee schéint Päistfest an de Courage, äis vum Hellige Geescht entkrampfen ze lossen an him ze vertrauen, egal wat kënnt.

« Nous avons tellement besoin de toi, Esprit de Dieu. Détends-nous
et redonne-nous vie. »
(Guido Groß).

Je nous souhaite une belle fête de Pentecôte et le courage, de nous laisser détendre par le Saint-Esprit et de lui faire confiance, quoi qu’il arrive.

Chantal HUBERT-LUTGEN, Parsekretärin Ettelbréck

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement