Curriculum vitae vun der Péitenger Kierch

Am Joer 1140 geet an engem Dokument schonns Rieds vun der Péitenger Kierch, déi zur Par Kënzeg gehéiert.
Schonns 1570 war den Hl. Hubertus Patroun vun der deemoleger Kapell.
De Paschtouer ESCHET vu Kënzeg war bis Ufanks vum 18.Jorhonnert zoustänneg fir Péiteng,
1737 ass op Péiteng en eegene Kaploun wunne komm, deen awer op Uerder vum Paschtouer zu jidder Zäit konnt ofgezunn ginn.
No enger kierchlecher Erneierung vun 1803 a no engem kuerzen Uschloss un d’Par Nidderkäerjeng am Joer 1805, ass dunn Péiteng am Joer 1808 eng eegestänneg Par ginn.
No verschiddenen Vergréisserungen vun der Kapell ass am Joer 1865 ënnert dem deemolegen Buergermeeschter Kirpach aus der Kapell eng nei Kierch geplangt ginn wou d’Arbechten 1870 fäerdeg waren an déi nei Kierch ageweit ginn ass.
No verschiddenen Vergréisserungen an Erneierungen am Laf vun de Joerzéngten, ass déi Péitenger Kierch am haitegen Zoustand.
Am Joer 2010 ass déi komplett renovéierter Kierch zu der d’Parkierch vun der Par Kordall Sainte-Barbe ernannt ginn.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement