D’Jesuitekierch – eng nei Kierch fir d’Lëtzebuerger Jugend an d’Stater Bierger

Konferenz vum Pater Josy Birsens s.j. iwwer den Uursprong vun der Kathedral, bei Geleeënheet vun der « Nuecht vun de Kathedralen 2013 », den 11. Mee 2013

1. D’Feier vum Mëttwoch, de 7. Mee 1613

De Grondsteen vun der neier Kierch gëtt an enger feierlecher Zeremonie geluegt a Präsenz vum Tréierer Weihbëschof Georg von Helfenstein.

Insgesamt sin 23 Grondsteng (!) deen Dag geluegt gin : den 1. am Numm vun de Lëtzebuerger Stänn duerch de Peter Ernst vu Raville, Här vu Rolleng, Aansebuerg, Käerch asw. ; den 2. vun engem Vertrieder vum Grof vu Berlaymont, dem Gouverneur vum Herzogtum, den 3. vum Präsident vum Provënzrot Benninck ; op jidderengem vun dene Steng waren déi entspriechend Wopen agemeesselt (Chronik vum Anton Blanchart). Schliesslech hun déi aner Mêmbere vum Provënzrot méi kleng Grondsteng derbeigefügt, op dene just d’Monogrammen IHS an MAR gemeesselt waren.

D’Plaz war am viraus préaréiert a gerëscht gin : déi bestehend Gebeilechkeete ware säit Februar ofgerappt gin, säit dem 1. Abrëll sin d’Fëllementer ausgehuewe gin sou datt d’Grondsteng wierklech den Ufank vum Bau gemaacht hun. Dee bekannte Steen a laténgescher Sprooch am Bannenhaff vun der Kathedral erënnert bis haut un dat memorabelt Ereegnis (= kee Grondsteen !).

Eng feierlech Mass war fir dobausse virgesin, méi wéi sou oft zu Lëtzebuerg huet et op emol riicht era gereent, sou datt d’Mass an der Aula vum Kolléisch gefeiert gin ass, wou natierlech just déi erhabenst Gäscht mat era komm sin ! No der Mass war en dichtegt Iessen mat 64 geluedene Gäscht mat musikalescher Ënnerhalung.

2. Firwat hun d’Jesuiten eigentlech eng nei Kierch gebraucht ?

Bis dohin waren d’Jesuiten op friem Kierchen ugewisen fir d’Mass ze halen an ze priedegen. Säit sie sech definitiv zu Lëtzebuerg etabléiert hun, ass hinnen eng Kapell an der Nikloskierch zur Verfügung gestallt gin fir do d’Mass ze feieren :

- fir d’éischt just de Kräizaltoer (1594-97) am Weste vun der Kierch,
- dun d’Firminuskapell (1597-1613), eng kleng Kapell, déi den Duxall no Osten erweidert huet, iwwert eng Gässelche gebaut.

No der Ouverture vum Kolléisch (1603) huet sech déi Kapell séier als ze kleng erwisen fir all d’Schüler vum Kolléisch opzehuelen : hir Zuel ass séier vun 200 (1603) op 485 (1607) gewues. Dofir ass déi nei Aula (Sall Mansfeld) vu 1613 bis 1621 als Hauskapell a Kolléischskapell benotzt gin.

Eng nei Parkierch ass net gebraucht gin : d’Niklos- an d’Méchelskierch an der Uewerstat sin dofir duer gaang an d’Jesuiten hun sech nie als Paschtéier vun enger Par établéiert. Sie hu wuel a verschiddene Kierchen an der Stat an um Land gepriedegt a Katechees gehalen, mee sie wollten net d’Verantwortung vu Paren iwwerhuelen ; dofir sin sie net gegrënnt an op Lëtzebuerg geruff gin !

Eng nei Uerdenskierch am Sënn vun enger Klouschterkierch, wou net nëmmen d’Mass gefeiert gi wir, mee och d’Officen stattfonnt hätten, war och net néideg, well d’Jesuiten als 1. Uerden an der Neizäit net zum Chouergebiet verflicht waren. Sie hu wuel jiddereen all Dag d’Mass misste feieren (keng Konzelebratioun !), mee dofir eleng hätten sie keng nei Kierch gebraucht ! An et gouf jo och schonn an der Festungsstad d’Kléischter vun de Benediktiner, Franziskaner an Dominikaner.

Den Haaptgronn fir déi nei Kierch war de chrëschtlechen Encadrement vun der Jugend aus dem Kolléisch :

- Den Enseignement, den d’Jesuiten iwwerall an Europa iwwerholl hun, war ganz staark reliéis ausgeriicht  ; dat war déi éischt Finalitéit vun de ville Kolléischsgrënnungen ! Et kann e soen, datt de ganze klassëschen Unterricht eng décidéiert kathoulesch Zil-setzung hat (Vermëttlung vu kathoulesche Wäerter an Tugenden duerch déi antik laténgesch Texter an Auteuren).
- Samsdes huet och de Katchëssem zum Schoulprogramm gehéiert a sonndes hun sech déi Schüler am Kolléisch erëmfonnt, déi zu de marianesche Sodalitéite gehéiert hun, fir eng Instruktioun an e gemeinsamt Gebiet, éier sie zesummen an d’Houmass gaange sin. Scho 1605 ass eng 1. marianesch Kongregatioun fir d’Schüler vun den ënneschte Klasse gegrënnt gin, d’Engelsodalitéit. 2 Joer méi spéit koum eng 2. Sodalitéit derbei, déi den Titel « Mariä Himmel-fahrt » gedroen huet. Béit Sodaléititen haten eng Virbildfunktioun fir all d’Schüler ; sou ware sie mam P. Brocquart direkt un der Grënnung an der Entwécklung vun der Wallfahrt zur Tréischterin bedeelegt.
- Schliesslech a virun allem huet d’deeglech Mass och zum Schoul-programm gehéiert : nom Moiesunterricht vu 7 Auer (halwer 8 am Wanter) bis halwer 10 resp. 10 Auer, sin déi Jonk all Dag an d’Mass gaangen (ëm 10 resp. halwer 11). Scho 1605 heescht et, et wir un der Zäit, eng eege Kolléischskierch ze bauen « pour y célébrer la messe aux estudiants, qui ne peuvent aller aux églises voisines sans discommoder le peuple ou estre eux-mesmes incommodez.  » Et kann een sech gutt virstellen, wéi deen Dérangement ausgesi konnt mat e puer Honnert Jongen an der Pubertéit, déi all Dag an eng vun de Stater Kierchen an d’Mass gaange wiren !

Een 2. Gronn fir eng eege Kierch ze bauen läit am Wëlle vun de Jesuiten, och d’Statbevölkerung am Sënn vum Tridentinesche Konzil ze évangeliséieren. Offensichtlech ass hinnen déi normal Porpastoral net wäit genuch gaang, mee sie wollten e méi intensivt a wierklech kathoulesch geprägte Liewen erfirruffen.

- Een 1. Ziel, dat d’Jesuite vun Ufank un verfollegt hun, war d’Ënnerweisung vun der Statbevölkerung a Glawens- a Moral-froen. Dofir hun sie net nëmmen all Sonndeg an op de Festddeg gepriedegt (nei !), mee och nach speziell am Advent an an der Faaschtenzäit an zousätzlech bis zu 3 Mol an der Woch ! Fir all d’Bewunner ze erreechen, hun sie winstens zäitweileg net nëmmen op däitsch, mee och op franséisch gepriedegt. Dozou koum d’Katechees a verschiddene Kierchen an der Stat an um Land fir de richtege Glawen ze verkënnechen an e neit Bewosstsäin ze schafen, zur kathoulescher Konfessioun ze gehéieren.
- Wat d’Stater Katholiken a Priedget a Katchëssem geléiert hun, sollten sie natierlech och gläich praktizéieren. Dofir hun d’Jesuite sech décidéiert agesat fir d’Sakramenter vun der Beicht an der Kommioun. Grad d’regelméisseg Kommioun war deemools guer net Usus, mee ganz séier hun d’Quelle vum Jesuitenuerden vu groussem Succès am Sakramentenempfang geschwat : « Do wou fréier kaum 10 Leit op Chrëschtdag kommunizéiert hun, sin et der elo 300 » (Litterae Annuae vu 1596). No 1650 gin iwwer 50.000 Kommiounen am Joer an der Kolléischskierch gezielt a bis zu engem Maximum vu 90.000 ! Zur selwechter Zäit huele bis zu 10 Jesuite-Beichtväter engen 10-12000 Katholiken hir Beicht of !
- Net manner wichteg war de Jesuiten d’Ofkéier vun der Häresie a vun all Form vun Aberglauben. Et gouf zwar bal keng Protes-tanten zu Lëtzebuerg, mee d’Jesuitequellen hiewen ëmmer nees eenzel Bekéierungen erfir. No der Aschätzung vun de Pateren war d’Herzogtum deemools awer voll vun abergläubische Pratiquen, déi sie an hire Priedegten a Katechesen ugeprangert a veruerteelt hun. Alles wat onchrëschtlech war sollt ofgeschaf gin, sou z. B. de Brauch, datt op Äschermëttwoch d’Fuessgecken (« Säufer ») mat enger Hellegestatue duerch d’Stat gezu sin (Litterae Annuae 1599). An d’Plaz vun denen als « heednesch » bezeechente Pratiquen koumen ëffentlech Gebieder an Andachten, d’Veréierung vun den Hellegen an hire Reliquien, d’Wallfahrt zur Tréischterin am Leed.
- Schliesslech hun d’Jesuiten och fir d’Stater Bierger marianesch Sodalitéiten an d’Liewe geruff. Scho 1604 ass déi 1. Sodalitéit ënnert dem Titel Mariä Verkündigung fir Geeschtlech, Geléierter a fortgeschratte Studenten entstanen (« laténgesch Sodalitéit ») ; sie ass 1607 approuvéiert a kanounesch erriicht gin, andeems sie der Prima Primaria vu Roum ugegliddert gin ass. 1610 ass eng 2. Biergersodalitéit fir bestuete Männer ënnert dem Titel Mariä Lichtmess/Reinigung gegrënnt gin, déi an der Vollékssprooch ofgehale gin ass. 1612 koum nach eng 3. Kongregatioun fir d’Jonggesellen derbei mam Titel Mariä Heimsuchung. Géint 1645 ware resp. 60, 240 a 50 Memberen a sie ageschriwwen. Duerch eng intensiv Veréierung vun der Jongfra Maria an dem regelméissege Sakramentempfang sin sie zu engem chrëschtleche Liewenswandel ugehal gin.

Esou eng intensiv an eege Pastoral war natierlech vill méi einfach an enger eegener Kierch ze réaliséieren. Domatt haten d’Jesuiten och nieft dem Kolléisch en zweete « pignon sur rue » an der deemoleger Festungsstat.

3. Virgeschicht vun der Konstruktioun

Scho 1608 huet den 1. Rektor vum Kolléisch, de P. Theodor Otto Becanus Subsiden ugesicht fir de Bau vun enger Kierch ; d’Geld ass awer d’Joer no sengem Dout (1609) fir d’Erweiderung vum Kolléisch benotzt gin.

Den eenzegen Terrain, den a Fro komm ass, war östlech vum Kolléisch geleeën : d’Schwartzenberger oder Enscherenger Haus op d’ënnescht Gaass zou a südöstlech een Deel vum Gaart vum Berburger Haus. D’Eegentumsrechter fir béit Terrain’en war ëmstridden – fir d’Enscher-enger Haus ass säit 1562 e Prozess zu Malines gefouert gin – sou datt de Provënzrot sech de 25. Februar 1611 direkt un d’Äerzherzogen Albert an Isabella gewandt huet mat enger Supplique fir hinnen d’Enteegnung vun den Terrain’en ze erlaben. Dat gouf hinnen och géint finanziell Entschädigung erlaabt, mee et huet nach bis Enn 1612 gedauert éier all d’Ierwen zefridde gestallt konnte gin (bes. den Tréierer Kurfürst Lothar von Metternich). D’Enscherenger Haus ass op 1350 Lëtzebuerger Daler geschat gin, de Gaart vum Berbereger Haus op 450 Daler bzw. 600 Florins, sou datt d’Jesuiten déi zwee Terrain’en kafe konnten.

Verschidde Pläng a Modeller vun der Kierch an dem Haaptportal sin dun (vum Daniel Müller) ugefäerdegt gin, awer leider net erhale bliwwen. Erhale blouf den « Devisé de massonnerie » vu 1613, aus dem ë. a. erfirgeet :

- Banne soll d’Haaptschëff vun der Kierch 159 Fouss laang sin (48,50 M), tëscht de Seilen 30 Fouss breed (9,14 M), déi ganz Breet soll 69 Fouss bedroen (21 M) ;
- 2x5 Seilen an 2x2 Hallefseilen der Fassad an dem Chouer zou sollen de ganze Bannebau andeelen, jeweils 20 Fouss vuneneen ewech (6,1 M) ;
- De Chouer soll an 3 gedeelt gin : Haaptchouer + 2 Niewenaltär ;
- D’Héicht vum Buedem vun der Kierch bis un d’Spëtzt vun den Ogiven soll 50 Fouss bedroen (15,24 M), d’Seilen : 32 Fouss (9,75 M) ;
- D’Fassad soll am ganzen 98 Fouss héich sin (29,87 M) bis un de Fouss vum Kräiz aus Steen a vun zwee quadarteschen Tiermercher flankéiert gin (66 Fouss héich=20,12 M) ;
- Iwwert den zwee Säitenaltär sin zwéin Oratoire virgesin, 24 Fouss iwwert dem Buedem (7,3 M) ;
- Op der rietser Säit vum Chouer geet ee Klackentuerm gebaut, 100 Fouss héich (30,5 M) + eng Flèche vun 70 Fouss (21,33 M).

4. De Bau vun der Kolléischskiirch (1613-1621)

D’Baumeeschteren a Künstler

Den Haaptverdéngscht fir de Bau vun der Kierch gehéiert dem deemolege Rektor vum Kolléisch, dem P. Franciscus Aldenardus (Witspaen), 1576 zu Audenaerde (B) gebuer, also grad 37 Joer al, dee während der ganzer Zäit vum Bau Rekter zu Lëtzebuerg sollt bleiwen, wuel grad fir de Bau ze iwwerwaachen an zu engem gudden Enn ze féieren. Hien ass scho 1604 op Lëtzebuerg komm a war bis zu senger Ernennung als Rekter Prokurator vum Kolléisch, d.h. fir d’Finanzen zoustännech. Am Kontrakt mam Baumeeschter Ulrich Job gëtt ganz kloer festgeluegt, datt hien d’Soen huet an an allem d’läscht Wuert behält. Hie war also de Leeder vum Chantier, den den d’Kontrakter mat de verschiddenen Handwierks-meeschteren, Kënschtler a Lieferante vu Material ofgeschloss huet. Hien huet sech och missten ëm d’Finanzéierung vum Bau këmmern, well de Kolléisch hat net Akommes genuch fir dat selwer fäerdeg ze bréngen. + 15. Sept. 1626 zu Audenaerde.

Den Architekt vun der Kierch ass de belsche Jesuitebrudder Jean du Blocq (1583-1656), dee schonn d’Jesuitekierche vun Tournai (1609-10) an Arras (1612-17) gebaut hat a spéider déi vu Saint-Omer (1615-36) a Maubeuge (1620-24). Hien huet awer net zu Lëtzebuerg gewunnt, mee zu Tournai, d’Haaptiwwersiicht iwwert de Bau hat en anere Jesuitebrudder Otto Herloy, 1579 an der Grofschaft Salm gebuer, dee bis zu sengem Dout am Pestjoer 1639 am Lëtzebuerger Kolléisch gelieft huet ; hie gëtt des öfteren als Präfekt vun der Kierchefabrék bezeechent, huet sech also och ëm de finanzielle Volet vun der Konstruktioun gekëmmert. (cf. 1. Kontakter am flamännesche Brudder Peter Huyssens virun dem Partage vun de belsche Provënzen – bal eng barock Kierch wéi zu Antwerpen, Bruges, Namür oder Gand-St. Pieters !).

Direkter vum Chantier war de Maurermeeschter Ulrich Job aus Luzern, e gebuerene Schwäizer, den awer d’Biergerrecht zu Lëtzebuerg kritt hat. Scho 1606 gëtt seng Präsenz erwähnt fir de Bau vum West- a Südflillék vum Lëtzbuerger Kolléisch. Hie war fir dat ganzt Mauerwierk ausser dem ieweschten Deel vum Tuerm a fir d’Seilen zoustänneg, déi sou typesch fir d’Lëtzebuerger Jesuitekierch sin.

E weidere wichtege Numm ass dee vum Sculpteur Daniel Müller, den aus Freiberg/Sachsen op Lëtzebuerg agewandert war an agebiergert gin ass (+ 1623). Senger Konscht verdanke mir dat typesch barockt Agangsportal an déi herrlech Verzierung vum Duxall, mee och d’Wopen op der Aussefassade, verschidden hëlze Skulpturen (z. B. Statuen vun der N.-D. de Montaigu), déi zwee Schlusssteng fir de Chouer an d’Statuen vun den hl. Ignatius a Franz Xaver.

D’Zeechnunge fir méi kleng Aarbechten gi vum Meister Martin, engem Moler geliwwwert, déi gréisser Wierker vum Meeschter Antonius Stevens. Hee liwwert d’Virlagen fir d’Fënsteren an d’Altoerbild fir den 1., provisoreschen Héichaltoer. Et handelt sech bei him ëm de Moler vum bekannten Tableau « Mechliniensis » vum hl. Willibrord.

Eng ganz Rëtsch aner Handwierksleit wiren hei ze nennen : vum Klackegéisser, Konschtschräiner, Schlesser iwwer d’Glaseren, Zillebäcker, Daachdecker, Steemetzer an Zëmmermänner, ouni déi vill Aarbechter an Aarbechterinnen ze vergiessen. Déi meescht vun hinne kommen aus Lëtzebuerg, wou säit Enn vum 16. Jh. vill gebaut gëtt (Lëtzebuerger Stadhaus, Mansfeldsschlass, Jesuitekolléisch no 1602, Abtei Neumünster no 1606, Kapell vun de Lëtz. Stänn am Stadhaus 1616-21, Klouschter a Kierch vun de Kapuziner 1624-30), mee verschiddener mussen och am Ausland gesicht gin wéi z. B. spezialiséiert Zammerleit aus der heiteger Belsch. Bei den einheimeschen Handlanger sin eng Partie Zaldote vun der Garnisoun a bal d’Halschent Fraen !

b) D’Etappe vun der Konstruktioun

1615 war de Réibau vun der Kierch fäerdeg.

Vu 1616 bis 1618 ass um Banneraum geschafft gin ; sou huet de Bernard de Montgaillard, Abt vu Saint-Hubert d’Netzgewölbe vum Haaptchouer gestëft (Wopen op de Schlussteng vum Gewölbe) ; den Abt Richardot vun Iechternach huet déi lénk Säitekapell gesponsort an de Paschtouer vu Bartreng Andreas Uhler, déi riets ;

1618 gëtt d’Aussefassad fäerdeg, fir déi den Albert an d’Isabella 1000 Fl. bäigesteiert hun (Wopen uewen) ; zugläich ass och den Haapttuerm, dem säi Gehölz aus dem Mansfeldschlass staamt, zu Enn gefouert gin an déi 3 Chéier si mat Steng- a Mamorplacken beluegt gin, déi de Kinnék Philipp III. gespendt hat.

Sou konnt d’Kierch de 17. Oktober 1621 neess vum Tréierer Weihbëschof Georg von Helfenstein feierlech ageweiht gin. Sie war der Onbefleckter Empfängnis gewidmet, wourop déi herrlech Statue iwwert dem Portal hiweist (cf. grouss Veréierung vun der Onbefleckter Empfängnis am Barockzäitalter).

Tëscht 1621 an 1629 entsin zeng monumental fréibarock Beichtstill (haut zu Iechternach ë. a.).
De Choueragang an d’Sakristei si 1622 fäerdeg gestallt gin ; 1625-26 ass de Chouerëmgang nach ëm dat Duebelt erweidert gin.
Tëscht 1624 a 1643 sin déi verschidde monumental Tableau’en gemolt gin, déi lénks a riets d’Mauere geschmückt hun iwwert de Beichstill.
1630 huet d’Kierch hir nei Kanzel an Uergel kritt.
1642 entsteet den definitiven Héichaltoer duerch déi zwee Jesuitebridder Jacques Nicolai an Louis Brouart ; déi vum Rubens inspiréiert Duerstellung vun der Himmelfahrt vun der Maria befënnt sech haut an der Méchelskierch.
1643 sin déi zwee Niewenaltär gestëft gin : de Kräizaltoer (riets Säitekapell) vun der Magdalena von Fels an den Ignatiusaltoer (lénks) vun der Mme Magdalena Dorothea Busbach ; fir dës Kapell huet den Eustach Wiltheim, Präsident vum Provinzialrot, zwee schéi Gobelins’en mat de Biller vum hl. Ignatius a Franz Xaver wiewe gelooss.
1656 entsteet déi nei Brüstung vum Duxall, déi aus dem Mansfeldschlass staamt ; 1659 a 1671 gin déi zwou Säitekapellen vun zwou Statue gekréint, déi eng vum hl. Jouseph (Alabaster), déi aner vun der hl. Katharina vun Alexandrien.

c) D’Finanzéierung vum Bau

An de meeschte Stied, wou d’Jesuite gebaut hun, sin d’Käschte vun de Bierger gedroe gin. An der éischter aarmer Festungsstad Lëtzebuerg war dat awer net méiglech, ëmsou méi nach 1612-16 d’Pescht d’Bevölkerung geplot huet, sou datt d’Finanzéierung vun der Kierch e grousse Problem duergestallt huet. Sou huet de Bau am Joer 1616 misse gestoppt gin, well d’Bauhären aus dem Kolléisch ze grouss Scholden haten an hir Uerdensspëtzt drop gehalen huet, d’Schold an erträgleche Grenzen ze halen (« politique d’austérité » avant la lettre !). Fir d’Finanzéierung vun hirer Kierch hun d’Jesuiten op verschidde Weeër zréckgegraff :

De gréissten Deel vun de Käschten hun d’Lëtzebuerger Stänn gedroen : bal 50% vun de Gesamtkäschten, näämlech 31.333 Florins. Scho 1612, an du nach 1618 a 1620 huet de P. Aldenardus d’Stänn ëm hier grouss-häerzeg Kontributioun gebieden an déi och erhalen. D’Ënnerstëtzung vum lokalen Adel, de geeschtlechen Hären an de Bierger vun der Stad, déi sech jo fir d’Installatioun vun de Jesuiten zu Lëtzebuerg staark gemaacht haten, ass dem neien Uerden also iwwert déi ganz Bauperiod erhale bliwwen. Als Zeeche vun Dankbarkeet hun d’Jesuiten hire Wopen op der Fassade iwwert dem Agangsportal ënnert dem vun Albert an Isabella ubrénge gelooss.
De Gouverneur vum Herzogtum, de Grof Berlaymont, huet 1500 Florin gespend géint d’Verspriechen, datt säi Wopen op der Fassade vun der Kierch erschénge géif (op engem vun de Säitentierm, haut verschwonnen).
De Provënzrot huet de Pateren aus senge Geriichtsboussen 278 Fl. zoukomme gelooss an huet och den 21. Januar 1621 en ëffentlechen Opruff un all Behörden an Awunner erlooss fir duerch materiell Leeschtungen (Holz, Eisen, Steng, Fouerleeschtungen, asw.) de Bau ze förderen. Oft sin dës Leeschtungen awer vun de Patere bezuelt a mat Iessen a Gedrénks entlount gin. Material-Leeschtungen fir 1500 Fl.

Den 2. décke Batz Geld kënnt vun Eenzelpersounen a klenge Körper-schaften, bei denen d’Parmissionaren, besonnesch de P. Cusanus Kollekten ofgehalen hun ; heiansdo hun d’Dechen dobei de Pateren en Empfehlungsschreiwe matgin, sou z. B. den Dechen Hubertus Sandt vu Miersch – en interessant Beispill vun deemoleger Publicitéit :

« Hochwürdiger Herr ! Pax Christi ! Im verflossenen Jahre haben verschiedene Luxemburger Patres mehrere Ortschaften unseres Dekanates besucht und soviel ich in Erfahrung bringen konnte, sind sie, von den Pfarreren besonders, sehr wohlwollend aufgenommen und mit reichlichen Almosen der Pafrrkinder entlassen worden. Zum selben Zwecke werden sie in den nächsten Wochen in Ihrer Pfarrei vorstellig. Ich empfehle sie herzlich Ew. Hochwürden. (…)
Hier kurz die Hauptpunkte, die meiner Ansicht nach eingehender auf der Kanzel zu erklären sind, damit die Parochianen gegen die Patres sich grossmütig erweisen.
1. Nicht den Menschen, sondern Gott soll, wie ich oben erwähnt, diese Wohnung bereitet werden. Wenn Ihre Pfarrkinder den Herrn durch Darbringung ihrer Güter ehren, werden zweifellos in der Folge ihre Scheuern reichlich gefüllt, und ihre Kelter überströmen von Wein, nach der Verheissung des Herrn in Sprichw. 3 (…)
2. Sie werden mit Recht die Bemühungen der Patres fördern, wenn sie überlegen, wie diese jungen Leute aus dem ganzen Herzogtum Luxemburg, vielleicht sogar aus ihrer Ortschaft in den schönen Wissenschaften und der Sittenzucht unterweisen. Aus ihren Schulen werden einst Pfarrer, Ordensleute, Gelehrte hervorgehen. Ist diese Mühewaltung, die sie unentgeltlich leisten, nicht jeder Art von Unterstützung wert ?
3. Keiner wird, glaube ich, Einwendungen machen, wenn er bedenkt, dass die Patres nicht nach Art der Bettelmönche kommen, sondern nur einmal in diesem Jahr und dann niemals mehr.
4. Sie werden in diesem Tempel jederzeit ihre Seelen durch die Beichte läutern können.
5. Sie sollen daran erinnert werden, wie grossmütig einst ihre Vorfahren in Errichtung, Förderung und Ausschmückung von Kirchen waren. (…)
(in : Albert Steffen : Baugeschichte der Luxemburger Jesusitenkirche, Luxembourg (Hofdruckerei J. Beffort) 1935, S. 54)

Bilan : 18.805 Fl. Bei den Donateure fënnt ee souwuel Adleger wéi Geeschtlech, Mêmbere vum Provënzrot wéi einfach Leit.
Zum Vergläich : fir 1 Fl. ze verdéngen, huet en Handwierker 1,5 Deeg misste schafen (13 Stüber/Dag), een Handlanger 2,5 Dag (8 St.) an eng Fra 4 Deeg (5 St./Dag). Fir déi bal 19000 Fl. opzebréngen, hätten also méi wéi 9000 einfach Leit de Loun vun ëmgerechent enger Woch misste spenden !
Nodeems 1616 d’Keessen eidel ware, huet de P. Aldenardus eng weider Supplique un d’Archiduc’en Albert an Isabella agereecht, déi 4000 Fl. era bruecht huet.
Och de Kinnék Philipp III. selwer huet 1621 559 Fl. fir d’Fäerdegstellung vun der grousser Giewelfënster bereet gestallt.
Schliesslech hun d’Jesuite selwer aus den Ierfschafte vu besser bemëttelte Matbridder (Spies, Pistorius, Wiltheim) insgesamt 6510 Fl. gespend. Sou ass déi stolz Zomm vu bal 65.000 Fl. zesumme komm, déi awer nach net duer gaang sin fir d’Ausgaben vun iwwer 71.000 Fl. ze decken, sou datt d’Jesuiten nach Geld hu misse léine goen, déi lues a lues nees zréck-bezuelt gi sin.
Esou kann ee soen, datt de Virgängerbau vun eiser heiteger Kathedral d’Wierk vun der ganzer Bevölkerung vum alen Herzogtum ass : souwuel déi besser gestallte Bierger aus dem Adel, dem Klerus an der Stad Lëtzebuerg hun sech generéis dru bedeelegt wéi och déi einfach an aarm Handwierker a Bauere vum Land, sief et direkt iwwert hir Don’en an Aarbechtsleschtungen, sief et indirekt iwwer d’Steieren. Ouni hir gutt Bezéiungen zu de grousse Familjen an hiren Engagement an de Landporen wiren d’Jesuite wuel net zu de néidege Mëttele komm fir hir Kierch opzebauen.
Duerch d’Entstoen an d’Entwécklung vun der Oktav zur Tréischterin sin d’Lëtzebuerger Katholiken dun awer relativ séier an de Genoss vun der neier Kierch komm, déi sie mat finanzéiert haten !

5. D’Resultat : d’Jesuitekierch tëscht Spéitgotik a Barock

Mat der Jesuitekierch ass am Ufang vum 17. Jorhonnert e reliéise Bau entstanen, den eenzegarteg an der Konscht- an Architekturlandschaft vun eisem Land ass. Dëst ëmsou méi wéi aner kierchlech Gebeilechkeeten aus där Zäit entweder 1684 beim Bombardement vun der Stat duerch de Louis XIV oder am Zuch vun der Franséischer Revolutioun zerstéiert gi sin, besonnesch déi nei Münsterabtei, déi den Abt Roberti tëscht 1606 a 1620 nei hat opbaue loossen.

Charakteristesch fir d’Jesuitekierch ass d’Verbindung vun der « spéitgotescher » Architektur (« gothique posthume ») mat der barocker Bannenausstattung. Während de Bau nach an d’Mëttelalter zréckkuckt, verweisen dat monumentalt Agangsportal, den Duxall a virun allem de liturgesche Mobiliar (Priedegtstull, Beichtstill, Haaptaltoer a Niewenaltär, Statuen an Tableau’en) op d’Barock-sprooch vun der kathoulescher Reformatioun. Den Iwwergang tëscht den zwee Stiler gëtt duerch d’Florisdekoratioun vun de Seilen am Haaptschëff gemaach, déi aus de spuenesche Niederlande mat op Lëtzebuerg eriwwer kënnt.

Eng weider Bréck schléit den alen Deel vun eiser Kathedral mat senger eegen-arteger Fassade tëscht dem Rheinland (Köln, Bonn, Koblenz) an der heiteger Belsch. D’Grenzen waren och deemools keen Hindernis fir den Austausch vun Iddien an Traditiounen, laang éier ee vun der « grande région » an Europa geschwat huet. Et kann eis als Lëtzebuerger Katholiken frou a stolz maachen, datt déi Kierch, déi eist Nationalhellegtum gin ass, vun Ufank un international gefierwt ass an eng gegléckte Synthèse vun Traditioun an Innovatioun duerstellt !

Josy Birsens s.j.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement