Wëllkomm op der Websäit https://cathol.lu/iechternach

Taufe Jesu (Mt 3,14)
Glasfenster Kirche Bech
( Linster - Mondorf - 1926)
Merci Elke
Am Numm vun der Pastoralekipp a vun alle Leit wëlle mir dem Elke Merci soen an him all Guddes wënschen fir säi weidere Wee. Dir hutt Geleeënheet him Äddi ze soen:
Freides, de 17. Januar um 18.30 an der Mass zu Lënster (duerno Empfank am Parsall, Centre Culturel) oder
Sonndes, de 19. Januar um 18.30 Mass an der Basilika zu Iechternach, wou duerno en Empfank am Kräizgank ass.
Francis Erasmy
Léiwe Lieser vum Parbréif
De Parbréif kënnt 8 mol am Joer eraus, mat enger Oplo vun 6000 Exemplaren, a gëtt gedréckt an der Imprimerie de l’Est. De Käschtepunkt ass ronn 16.500 €. Eis ass de Parbréif dat wäert, well et wichteg ass e gudden Zougank zu eise Leit ze hunn. Fir d’Kierchefabriken ze entlaaschten, maache mer en häerzlechen Appel un Iech, fir Iech fräiwëlleg un dësen Käschten ze bedeelegen. E grousse Merci fir all Iwwerweisung.
Kierchefabrik Iechternach: CCPL LU 34 1111 0074 8920 0000
 |