
Contact:LuxPélé a.s.b.l. Horaire :
Renée SCHMIT Dani MACKEL |
LuxPélé a.s.b.l.Pour que le monde ait la Vie! Pilgerfaart op Bruges 2026 An der Woch vu Christihimmelfaart hat sech ee klenge Pilgergrupp vu Lëtzebuerg, zesumme mam Weibëschof Leo Wagener, a Flandern op de Wee gemaach. Een Héichpunkt vun der Rees war d‘Helleg-Blutt-Prozesssioun vu Bruges, eng mëttelalterlech Traditioun, déi genee wéi d’Oktav haut zum immaterielle Kulturierwe vun der UNESCO gehéiert an all Joer dausende vu Mënschen unzitt. No der feierlecher Mass an der Erléiserkathedral vu Bruges, déi vum Mgr Lode Aerts, Bëschof vu Bruges, Zum Ofschloss vun der Pilgerfaart goung et dann nach op Gent, eng aner mëttelalterlech Stad a Flandern, déi nieft Paräis deemools eng ganz grouss Roll gespillt huet. Zu Gent huet de Grupp un enger 3-D Féierung an der Krypta vun der Kathedral deelgeholl, wou d’Geschicht vum weltbekannte Konschttableau „Agneau mystique“ vun de Gebridder van Eick magistral erschloss gouf. Fir d’Pilgerinnen an d‘Pilger an hire Begleetteam war et eng Zäit vu gelieftem Glawen, an intergenerationeller Verbonnenheet, iwwert d’Grenze vum Ländchen eraus.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement



