Die atheistische Gesellschaft und ihre Kirche


Home Back Print Kontakt

„Die Gewalt zeigte an, dass in der atheistischen Gesellschaft etwas Grundlegendes von dem verloren gegangen war, das unser Leben menschlich gemacht hatte - und das war das Christentum.“ (S. 25) De Justus Geilhufe, ee protestantesche Paschtouer, Joergang 1990, beschreift a sengem héich interessante Buch de Wee, sécherlech elo fokusséiert op déi eege protestantesch Kierch, aus der Situatioun vun der eemoleger DDR eraus an déi aktuell Zäit, wou hie selwer versicht de Glawe weider ze ginn. Ech sinn iwwerzeegt, dass dëse Bléck net nëmme fir déi protestantesch Kierch gülteg ass, mä dass en och eis als kathoulesch Kierch zum Nodenke kann ureegen. Liewe mir net och an enger Zäit a Welt, déi iwwer ganz grouss Strécken ewech absolutt atheistesch ass?

De Justus Geilhufe ass grouss ginn an engem Paschtoueschhaus. Hien hat do als Kand ee gewësse Schutzraum. An awer huet hie gemierkt, wéivill Gewalt et an der atheistescher Welt vun der DDR an och eben an der Folleg vun der DDR am Oste vun Däitschland gouf. Mä hie gesäit och, dass all dat sech elo haut iwwer ganz Däitschland, jo och insgesamt an Europa ausbreet. „Sie (unsere Gesellschaft) ist bereits jetzt entkirchlicht und der Homo sovieticus, der atheistische Mensch... begegnet mir überall ...“. (S. 26) Mat engem gewëssene sarkasteschen Humor entlarvt hien esou munch Saachen, déi déi atheistesch Welt haut wëll nei maachen an dann dach awer „erschreckend erwartbar und steril“ (S. 36) ginn, wéi et hien un enger fräier Hochzäitsfeier noweist. Grad doru weist hie, wéi eis haiteg Gesellschaft engersäits dat Aalt vun der Kierch wollt iwwerwannen an elo dach an enger änlecher Form ëmmer erëm dat Gläicht reproduzéiert an als ganz individuell verkafe wëll.

Déi atheistesch Gesellschaft wëll alles gläich schalten. All Widdersproch muss opgeléist ginn. Dat awer féiert derzou, dass des Gesellschaft schliisslech onmënschlech gëtt. (S. 46) „Während eine totalitäre Gesellschaft die Widersprüche gewaltvoll im Sinn der physischen Bestrafung und Sanktionierung ausrottet, verdrängt sie das atheistische Zeitalter des Geldes. Der einzelne Mensch ist in beiden egal.“ (S. 47) Wann ech dee Saz liesen, an op dat kucken, wat haut dacks um politesche Plang geschitt, da froen ech mech an allem Eescht, op mir elo bäi eis an enger totalitärer oder an enger atheistescher Gesellschaft liewen, oder vläicht och a béiden. Wann de Justus Gelihufe vu senger Kanner- a Jugendzäit erzielt, wou ganz Villes extreem onmënschlech war, et mat haut vergläicht an dann zum Schluss kënnt, dass mir grad an eiser moderner Gesellschaft nu wierklech net besser verfueren, da muss ech him recht ginn. Ee Verglach mat Gesellschafte queesch duerch Europa an an alle Länner schéngt mir wuel ubruecht. „Das Land hier im Osten ist atheistisch.“ (S. 64) Beim Liese vun dësem Buch hunn ech dacks missten un eis Situatioun denken. Si mir bäi eis net och scho längstens atheistesch ginn? Villes, wat zu Kierch a Glawe gehéiert, ass fort. D’Wëssen iwwer eis Relioun ass esou minim ginn trotz dem
Joerzéngte laange Reliounsunterrecht an de Schoulen. Vill ass net hänke bliwwen. An elo, wou et kee Reliounsunterrecht méi gëtt, geet et nach eng Kéier méi séier. Mir huelen nach Ritualer mat am Liewen. Awer d’Bedeitung vun de reliéise Feieren ass eis an der Lëtzebuerger Gesellschaft dann dach och ganz friem ginn. Ech froe mech, op de Justus Geilhufe net och iwwer eis hei geschriwwen huet.

Awer seng Erënnerungen un déi schwiereg Zäite loossen hien och erëm ganz positiv gestëmmt sinn. D’DDR wollt d’Kierch futti maachen, total ausläschen. Gelongen ass et net. Ganz am Géigendeel, d’Kierch huet villméi gehollef d’DDR auszeläschen. Ech froe mech elo allerdéngs, wéi dat da bäi eis soll goen. Ass eis Kierch, ass eisen ale Glawe staark genuch, fir selwer och an dëser atheistescher Zäit ze iwwerliewen, jo nach méi, eng ganz staark Positioun anzehuelen?

Carlo Morbach


Justus Geilhufe Die atheistische Gesellschaft und ihre Kirche Claudius Verlag München 2023, 136 Seiten, 20,-€.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement