Warum die Welt nicht alles ist

Was wir von der Philosophie lernen können


Home GoBack Print Kontakt

De Werner Schüßler ass Professer fir Philosophie op der theologescher Fakultéit vun Tréier. Hien huet sech an sengem Schaffen als Professer ganz vill mat dem evangeleschen Theologe a Philosophe Paul Tillich sou wéi mam Philosophe Karl Jaspers befaasst. Dat mierkt een och an dësem neiste Buch, dat hien lo publizéiert huet. Et ass eng Schrëft, déi duerchaus fir de grousse Publikum bestëmmt ass an net nëmmen fir Insider vun der Philosophie oder Theologie. Mat sengem grousse Wëssen bréngt den Auteur et fäerdeg, fir ganz präzis eng Rei vun fundamentalen Froen aus der Philosophie mat eisem mënschlechen Dosinn an der Welt a Verbindung ze bréngen a munch Pisten op ze weisen, wéi mir eist Liewen an Denken kënnen an Aklang bréngen.

D’Buch ass agedeelt an dräi grouss Abschnitter. Deen éischten Abschnitt befaasst sech mat der Fro no der Philosophie an eiser haiteger Zäit. Den Auteur weist no, dass d’Philosophie och haut keen iwwerflëssege Luxus ass. D’Nodenken iwwer all Beräicher vun eisem Liewen, vun der Welt, der Wëssenschaft an der Wourecht sinn eminent wichteg Gebidder, déi och am déiwen Nodenken mussen ënnersicht ginn. Der Philosophie geet et ëm déi „éischt“ a „lescht“ Froen, déi eben grondsätzlech keen Thema vun der Fuerschung vun eenzelen Wëssenschaften a wëssenschaftlech och net ze léise sinn. (S. 21) De Mënsch stéisst och haut ëmmer nees u Grenzen. A mat dëse Grenzfroen beschäftegt sech dann d’Philosophie.

Een zweeten Abschnitt freet dann no der Fräiheet. Ass Fräiheet nëmmen eng Illusioun oder si mir wierklech fräi? Den Auteur ass sécherlech ee chrëschtlech gleewege Mënsch. Dofir kann hien och hei a sengem Buch d’Léift als deen entscheedenden Akt vun eiser Fräiheet bestëmmen. (S. 81ff.) D’Thema vun der Fräiheet gëtt, wéi Villes an dësem gescheite Buch, och an der Diskussioun mat dem Paul Tillich wéi mam Karl Jaspers erörtert an dat Ganzt ëmmer nees mat dem Bléck op d’Bibel an op Jesus Christus.

Den drëtten Abschnitt freet dann no Gott selwer. Ass Gott nëmmen eng Projektioun vum Mënsch? Och an dësem Deel geet den Werner Schüßler ee ganz grousse Wee a kuckt, wat aner Denker zu dësem Thema soen. Hans Jonas, Peter Wust, Karl Jaspers, Paul Tillich an och den Thomas vun Aquin sinn hei d’Gespréichspartner. Den Auteur versteet et ganz gutt, fir all Aspekter vun der Fro no Gott, op positiv oder negativ, ze beliichten. Och d’Fro no dem Béisen an der Welt gëtt ganz däitlech ënnersicht.

Am Leschten geet et ëm d’Fro nom Sënn vun eisem Dosinn an der Welt. An des Fro kann ebe just d’Philosophie oder d’Relioun diskutéieren an eng Äntwert ginn. Dem Werner Schüßler säi Buch ka ville vun eis een Abléck an de Sënn vun eisem Liewen ginn, deen eis stäerkt a frou mécht.

Carlo Morbach


Werner Schüßler Warum die Welt nicht alles ist
Was wir von der Philosophie lernen können
Echter-Verlag Würzburg, 2021, 128 Seiten, 12,90 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement