Covid-19 Schutzmesuren


Home Back Print Kontakt

Mesures de protection à observer en vue de la reprise des services religieux en public


Covid-19 Schutzmesuren (update September 2020)

Keng Umelldung méi fir d’Massen

Vun elo un ass et net méi néideg, sech fir d’Sonndesmassen unzemellen. Wann awer eng Famill (oder eng Grupp) zu méi kënnt (z.B. bei enger Joermass oder Sechswochemass) soll dat weg. am Parbüro oder bei engem Member vun der Pastoralékipp gemellt ginn. Dofir ginn extra Plaze reservéiert.

Et gëlle weiderhin d’Schutzmesuren

  • Maskepflicht an der Kierch (beim eran- an erausgoen + bei der Kommioun)
  • Hänn desinfizéieren beim Agank
  • Sozial Distanz (min. 2 Meter: dëse Prinzip gëllt ëmmer, wa keng Mask gedroe gëtt)
  • Sech op eng gezeechent Plaz oder Stull sezen (domadder ass déi néideg Distanz garantéiert)
  • D’Mask kann ausgedoe ginn, wann d’Distanz vun 2 Meter (ronderëm) zur nächster Persoun agehale gëtt
  • Mask bleift ugedoen bei manner wéi 2 Meter
  • Koppelen oder Liewensgemeinschaften dierfe sech ouni Ofstand beienaner setzen
  • bei verdächtegen Symptomer soll een doheem bleiwen

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement