|
3. Sonndeg am Joereskrees B - 23./24.1.2021
Léif Matchrëschten! An eisem Liewe sti mir ëmmer nees virun Entscheedungen. All Dag verlaangt vun eis, dass mir eis fir dëst oder dat entscheeden. Dat ass munchmol einfach, munchmol awer och ganz schéi schwéier. "When day comes we ask ourselves, where can we find light in this never-ending shade?" ("Wenn es Tag wird, fragen wir uns, wo wir Licht zu finden vermögen, in diesem niemals endenden Schatten?"), sou huet déi jonk Poetin Amanda Gorman e Mëttwoch an hirem Gedicht bäi der Amtsaféierung vum neien amerikaneschen Präsident gefrot. Eis Zäit ass dacks däischter, jo, mä et ass eis Entscheedung fir dem Liicht nozegoen. Mir mussen sichen no dem Liicht, dat eraus féiert aus der Däischtert. An heiansdo musse mir einfach an eis selwer sichen. Et ass eis eegen Entscheedung, fir eis ze bekéieren, fir eise Sträit op een Enn ze bréngen, fir eis Waffen nidderzeleeën. "We lay down our arms so we can reach out our arms to one another." ("Wir legen unsere Waffen nieder, damit wir unsere Arme nacheinander ausstrecken können.") Et ass wierklech eng Entscheedung, seng Waffen nidder ze leeën an d’Äerm auszestrécken, ee Matmënsch a Léift an den Aarm ze drécken. Eng Entscheedung dofir bedeit, dass mir vun eis an eisem Egoismus musse lass loossen. Genee dat mécht et dacks schwéier. Well mir Mënsche liewen eigentlech an enge Grenzen, hunn dacks nëmmen eng kuerz Siicht op dat, wat ëm eis geschitt. An awer hu mir e grousse Wonsch no Gebuergenheet an no Unerkennung. Awer och mir mussen eis Ohnmacht iwwerwannen an eis entscheeden fir déi eigentlech Quellen, dat eigentlecht Liicht vum Liewen ze fannen. De Sonndeg vun haut steet eigentlech ganz am Zeechen vun der Entscheedungen, der Entscheedung fir de Matmënsch. Am Evangelium berifft de Jesus seng éischt Apostelen a fuerdert si op fir him nozefollegen. Domadder sinn si virun eng ganz grouss Entscheedung vum Liewe gestalt, déi duerchaus gréisser Konsequenzen huet. Haut si mir awer och vum Poopst Franziskus agelueden, fir de Sonndeg vum Wuert vu Gott ze feieren. D’Wuert vu Gott fuerdert vun eis all Dag eng Entscheedung. Mir sollten wa méiglech déi grouss Botschaft vum Wuert vu Gott, wéi et an eiser Bibel niddergeschriwwen ass, an eisem Liewe verwierklechen. Well dëst Wuert ka fir eis zur Quell vum Liewe ginn, zur Quell vun engem wierklech gudden an erfëllte Liewen, dat och eis enk Grenzen iwwerwënnt. Eng Entscheedung ass domadder vun eis gefrot. Kënne mir haut dësem Wuert nogoen an eist Liewe mat dësem Wuert gestallten? „Komm, follegt mir no!“ sou seet de Jesus zu jidderengem vun eis. Hien luet eis an, fir säi Räich, seng Botschaft an eiser Welt siichtbar ze maachen, eis vun dëser Botschaft begeeschteren ze loossen an si dann an d’Welt an zu alle Mënschen ze droen. D’Liicht vu Christus ass do. Mir mussen et just gesinn an an eis ophuelen. "For there is always light, if only we’re brave enough to see it, if only we’re brave enough to be it." ("Denn es gibt immer Licht, wenn wir nur mutig genug sind, es zu sehen, wenn wir nur mutig genug sind, es zu sein.") Froe mir eisen Här Jesus Christus, ëm seng Hëllef, fir eis Grenzen ze iwwerwannen, an ëm Stäerkt a Wäermt, fir dës Welt fräi ze maachen vun Angscht an Nout. Kyrie
Här Jesus Christus, du hues eis an dengem Liewen d’Wuert vum Härgott virgelieft. Här, erbaarm dech. Dagesgebiet
Allmächtegen an éiwege Gott, leed all eist Maachen no dengem Wëllen a gëff, datt mir am Numm vun dengem eenzege Jong räich ginn u gudde Wierker. Dorëms biede mir duerch de Jesus, déi Jong, eisen Här, hien, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft a regéiert an all Éiwegkeet. Amen. Dieu éternel et tout-puissant, dirige notre vie selon ton amour, afin qu’au nom de ton Fils bien-aimé, nous portions des fruits en abondance. Par Jésus Christ. Barmherziger Gott, durch deinen Sohn rufst du uns zur Umkehr und zum Glauben an das Evangelium. Stärke uns durch deinen Geist, dass wir diesem Ruf entschlossen folgen. Das erbitten wir von dir, dem Vater unseres Herrn Jesus Christus, der mit dir und dem Heiligen Geist lebt und Leben schafft bis in Ewigkeit. Liesungen: Jona 3, 1-5.10 / 1 Kor 7, 29-31 / Mk 1, 14-20 Lesung aus dem Buch Jona. Kv Zeige mir, Herr, deine Wege, lehre mich deine Pfade! Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Halleluja. Halleluja. Das Reich Gottes ist nahe. Kehrt um und glaubt an das Evangelium! Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. Lecture du livre de Jonas. R/ Seigneur, enseigne-moi tes chemins. Lecture de la première lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens. Alléluia. Alléluia. Le règne de Dieu est tout proche. Convertissez-vous et croyez à l’Évangile. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Marc. Priedegt (2021)
Léif Matchrëschten! "Kommt her, mir nach! Ich werde euch zu Menschenfischern machen." (Mk 1, 17) Dëst Wuert aus dem Evangelium ass eis all gutt bekannt. Ech ka mir d’Situatioun esou richteg bildlech virstellen. Zu Bech an der Kierch weist eng vun de Kierchefënsteren dës Zeen. De Péitruss setzt do mat engem Fëschernetz iwwert den Knéien an hëlt d’Fësch eraus, déi sech dra verfaangen hunn. Ganz erstaunt kuckt hien zum Jesus op, deen lo grad wuel dëse Saz un si geriicht huet. Den Andreas steet hannert him. Och hien ass déck erstaunt. Gewëssermoossen voller Schréck leet hien seng riets Hand op säin Häerz a mat der lénker beréiert hien de Jesus. Et gesäit bal esou aus, wéi wann hien wëll soen: "O mei, wat wëlls du vun eis? Mir sinn nëmme kléng Fëscher ouni weider Erfarung. Dat ass eppes, dat eis awer nawell zimmlech ze grouss ass." Ongleewegt Erstaunen, jo Erschrecken schwätzt aus hire Gesiichter. Ech hu mech ëmmer gefrot, wat ech gesot hätt, wann ee mech fir esou eppes gefrot hätt. Wéi hätt ech reagéiert op eng Ufro, déi mech aus heiterem Himmel trëfft, déi mech zu eppes oprifft, wat ech bis dohin net um Schierm hat a wat ech bis dohin nach ni gemaach hunn. Firwat ech? Wéi kënns du grad u mech, fir mech an deng Nofolleg ze ruffen? Am Evangelium vun haut geet alles da ganz séier. "Und sogleich ließen sie ihre Netze liegen und folgten ihm nach." Am nächsten Saz schonn gëtt den Jakobus an de Johannes op eng änlech Manéier geruff an och si loossen einfach alles falen a komme mat. Dat ass an eisen Aen haut wuel zimmlech onverständlech. Esou eng séier Entscheedung ze huelen, ouni vill nozedenken, ass net an eisem Programm oder dach? Natierlech kann ee soen, dass och deemools sécher net alles esou séier geschitt ass. D’Evangelium erzielt eng Geschicht, déi eis eng zimmlech eendeiteg a kuerz Entscheedung virun Aen féiert. Ech hu mech awer schonn dacks gefrot, op net heiansdo esou spontan Entscheedungen dach net esou schlecht sinn. Heiansdo gëtt een am Häerz getraff vun eppes an et reagéiert ee spontan, aus dem Bauch eraus, ouni laang nozedenken. Et mécht een eppes Guddes, et hëlleft een engem aneren. Ass net eist Häerz grad do ee ganz wichtegen an dacks och richtegen Entscheedungswee? Spontan an einfach esou eng Entscheedung huelen, well ee gepaakt ass vun engem Matmënsch, vun enger Situatioun, ass sécher heiansdo riskant. Awer et geschitt Guddes, wou ee beim laangen Nodenken herno vläicht erëm de Mutt dozou verluer hätt. De Paulus seet haut an der Liesung: "Die Zeit ist kurz." Eist Liewen ass net allze laang. Dofir sollte mir och vläicht eis Zäit net verplemperen fir ëmmer nees ze laang mat dem Nodenken hin an hier alles op déi laang Bunn ze verschiben an et da verpassen fir Guddes ze leeschten. Wa mir kucken, wéi et an der Welt zougeet, dann denken ech, dass et duerchaus net esou schlecht ass, fir heiansdo mol einfach spontan eppes ze maachen. Vill Nout gëtt jo och extrem vergréissert doduerch, dass Entscheedungsweeër onméisseg laang sinn. Mir gesinn dat bäi eiser aktueller Gesondheetskris. Déi laang Diskussiounen féieren dacks zu net vill. Munchmol muss ee spontan a séier eng Entscheedung huelen an Nout begrenzen, ier si nach weider méi grouss gëtt. An der Nofolleg vum Jesus a vu sengem Wee, oder senger Botschaft, gëllt dat och. Wann ech virun der Entscheedung fir him nozegoen, alles wëll iwwerleeën a betruechten, wann ech all Vir- an Nodeeler bis an dee leschten Detail ofweien, da verdinn ech wäertvoll Zäit, déi ech ka notzen fir mech ze engagéieren. An eventuell, wann ech ze laang nodenken, verléisst mech warscheinlech de Mutt, dee Wee anzeschloen. Wann ee bäi enger Entscheedung am Viraus ëmmer alles géif wëssen, wat op een zou kënnt, da géif een si dacks guer net huelen. Da géif och ganz dacks vill Guddes net geleescht ginn. Ech denken, dass dëst kee Plädoyer ass, fir bäi Entscheedungen de Verstand auszeschalten. Mä ëmgedréint dierfe mir eis an eisen Entscheedungen och net nëmmen vum Verstand leede loossen an eist Häerz, eist Gefill ausschalten. Munchmol muss een sech eben vun senger Léift leede loossen an einfach emol ee Wee ugoen. Dass een sech do och kann ieren, steet ausser Fro. Ech sinn ëmmer nees faszinéiert, wann ech Beruffungsgeschichten an eiser Bibel liesen. Vill vun hinne funktionéieren esou, wéi eist Evangelium si erzielt huet. Do gëtt ee gefrot an dee seet Jo. Ouni grouss ze hannerfroen mécht ee Mënsch sech op de Wee a versicht d’Botschaft vu Gott a sengem Handelen a Schwätzen an d’Welt ze droen. D’Liesung aus dem Buch vum Prophet Jona zielt et jo och esou. Ganz dacks, sou kënnt et mir vir, ass et eben dat spontaant, aus dem Bauch eraus Handelen, dat entscheedend ass. Eist Liewen ass net do, dass mir de gréissten Deel vun der Zäit domadder verbréngen driwwer nozedenken wéi a wat mir solle maachen. D’Aarbecht läit virun eis. Mir mussen eis just selwer a Beweegung setzen an eis engagéieren. Wa mir an eisem Häerz eng gutt Portioun Léift, ee Gefill fir Gerechtegkeet a Fridden droen, da brauche mir net laang ze iwwerleeën, op mir sollen oder kënnen hëllefen. Da brauche mir just unzerappen an et ze maachen. Nofolleg vu Jesus Christus ass am Fong guer net esou schwéier. Wa mir seng Botschaft am Häerz spieren, kënne mir och doraus liewen an handelen. Eis Welt wier sécher heiansdo besser drun, wa mir méi eist Häerz géife schwätze loossen a wa mir eis net esou vill vu Gedanken u Profit a Wirtschaftlechkeet géife leede loossen. Den Andreas Knapp dréckt dat ganz gutt aus an dësem Gedicht: geht mir nach schuhgröße unbekannt du musst dich nicht in seinen fußstapfen aber nur wenn du ihn von innen spürst aus: Andreas Knapp, ganz knapp. Gedichte an der Schwelle zu Gott, Echter Verlag Würzburg 2020, S. 89. Fürbitten
Eisen Här Jesus Christus, rifft eis a seng Nofolleg. Dofir dierfe mir och elo virun hien trieden an him alles virleeën, wat eis am Moment beweegt. Mir bieden zu him:
Du, Här Jesus Christus, bass voller Gnod a Baarmhäerzegkeet. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen. II.
Dieu notre Père, ton Fils Jésus nous apporte la Bonne Nouvelle d’un règne nouveau. Éveille-nous à ses appels afin que nous répondions avec joie et ferveur à son invitation. Nous te le demandons par le Christ, Jésus, notre Seigneur. Amen. Gowegebiet
Här, eise Gott, huel eis Gowen un an helleg si, fir datt si zum Sakrament vun der Erléisung ginn, dat eis Heel a Seege bréngt. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. Dans ta bonté, Seigneur, accepte notre offrande: qu’elle soit sanctifiée et serve ainsi à notre salut. Par Jésus. Heiliger Gott, du selbst machst deinen Namen groß unter den Völkern. Schenke uns in diesem Brot und Wein die Speise der Unsterblichkeit durch Christus, unsern Herrn. Hochgebet – „Nachfolge“
Sanctus Ja, guter Gott, du bist heilig und du schenkst Heil, Als Christen sind wir oft sprachlos, wenn wir dann das eine Wort sagen sollen, Um dennoch nicht aufzugeben im Einsatz für Gerechtigkeit und Frieden, Deshalb, guter Gott, feiern wir jetzt Eucharistie Wir tun zeichenhaft, was er wirklich getan hat, So bitten wir dich, allmächtiger Gott: Damals brach Jesus das Brot. NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens: Darum bitten wir dich, Vater, für deine Kirche: Gedenke in deiner Güte auch der Menschen, die in unserem Herzen Bleib all jenen treu, die der Tod uns in diesem Leben genommen hat. Mit deinem ganzen Volk, mit Maria, der Mutter des Herrn, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Jesus Christus huet gesot: D’Räich vum Härgott ass nobäi. Ëm d’Kommen vun dësem Räich vu Gott an eiser Welt an Zäit biede mir mat deem Gebiet, dat hien eis selwer geléiert huet: Vater unser … Friddensgebiet
Wou mir dem Geescht vu Gott eng Plaz ginn, do gëtt Léift a Fridden an eiser Welt méiglech. Dofir biede mir ëm de Fridden fir eis a fir déi ganz Welt: Här Jesus Christus, kuck net op eis Feeler a Sënden. Kuck op eis e gudde Wëllen a schenk eis all däi Fridden. De Fridden vun eisem Här Jesus Christus sief mat iech all. Meditation
Lebe das, was du vom Evangelium verstanden hast. Und wenn es noch so wenig ist. Aber lebe es. Schlussgebiet
Allmächtege Gott, an denger Moolzecht schenks du eis gëttlecht Liewen. Gëff, datt mir dëst Sakrament ëmmer nei als déi grousst Geschenk ëmfänken an aus senger Kraaft liewen. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. Permets, nous t’en prions, Dieu tout-puissant, qu’ayant reçu de toi la grâce d’une nouvelle vie, nous puissions nous en émerveiller toujours. Par Jésus. Jesus Christus, du hast uns gestärkt mit dem Wort und Brot des Lebens. Bewahre in uns das Vertrauen auf deine Nähe, damit wir deine Gegenwart erfahren und in der Treue zu deiner Weisung wachsen, der du lebst jetzt und in Ewigkeit.
|