E Wuert fir de Méindeg, 18.5.2020

Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. (Joh 15, 26 - 16, 4a)


Home Back Print Kontakt

In jener Zeit sprach Jesus zu seinen Jüngern: 26Wenn der Beistand kommt, den ich euch vom Vater aus senden werde, der Geist der Wahrheit, der vom Vater ausgeht, dann wird er Zeugnis für mich ablegen. 27Und auch ihr sollt Zeugnis ablegen, weil ihr von Anfang an bei mir seid. 1Das habe ich euch gesagt, damit ihr keinen Anstoß nehmt. 2Sie werden euch aus der Synagoge ausstoßen, ja es kommt die Stunde, in der jeder, der euch tötet, meint, Gott einen heiligen Dienst zu leisten. 3Das werden sie tun, weil sie weder den Vater noch mich erkannt haben. 4aIch habe es euch gesagt, damit ihr, wenn deren Stunde kommt, euch an meine Worte erinnert.

„Der Geist der Wahrheit“, wat ass dat? De Jesus schwätzt a senger Abschidsried mat senge Frënn a wëll hinnen ee gutt Wuert mat op de Wee ginn. Mä dësen Ausdrock „Geist der Wahrheit“ ass awer schonn zimmlech komplizéiert ze verstoen. Souwuel dat Wuert Geescht wéi och d’Wuert Wourecht sinn net esou einfach.

Wat ass Wourecht? Dat griichescht Wuert dofir ass „alitheia“. Dëst Wuert bedeit: dat, wat opgedeckt ass. Wourecht ass deemno vun senger ursprénglecher Bedeitung hier dat, wat net verstoppt ass, wat jiddereen ka gesinn, héieren, verstoen asw. De Jesus gëtt senge Frënn den Optrag, fir d’Botschaft vun him opzedecken, fir si wierklech an d’Welt eraus ze droen. Dee Moment, wou si dat maachen, wäerten si allerdéngs ugefeint ginn. Och dat ass eng Folleg vun der Wourecht.

D’Wourecht, d’Opdecken vun deem Eigentlechen vun der Botschaft vum Jesus, wëll net onbedéngt iwwerall gehéiert ginn, well si eis all op eppes ganz Wesentleches hiweist. Dat ass d’Léift een zu dem aneren, de Respekt ee vis-à-vis vun dem aneren. Dat ass virun allem dat éierlecht a gerecht matenaner Ëmgoen. Dat ass de Verzicht op Egoismus a Muecht. Genee dat awer léist munch een net gär un sech erun. D’Botschaft stellt nämlech d’Ongerechtegkeet an d’Muecht a Fro.

Wourecht ass dat, wat net verstoppt, net verdeckt ass. Wann ech als Mënsch déi déif Léift vum Jesus a mir droen, da verstoppen ech näischt. Dat sinn ech ganz offen. Da sinn ech op fir all anere Mënsch a fir déi ganz Schëpfung. Wann ech ee Mënsch gären hunn, da verheemlechen ech näischt. Dann deelen ech mäi Liewen mat him. A genee an esou engem Geescht vun Offenheet, vun Opgedeckt sinn, ebe vu Wourecht sollte mir als Chrëschte liewen an handelen. Dat, wéi de Jesus et scho seet, bréngt awer munch een a Schwieregkeeten. Dofir gi seng Frënn jo och ausgestouss a mat dem Doud bedreet. An awer ass et dat Eenzegt, wat zielt: ee grenzelose Geescht vu Wourecht, ee Geescht vu Léift zu allen an allem. Biede mir och ëm dëse Geescht!

Carlo Morbach

Du milder Geist, der alles Gute schafft,
Du meiner Seele Frieden, Licht und Kraft,
Der Ew’gen Liebe Allgewalt,
O zeig’ Dich mir in sichtbarer Gestalt.

(Edith Stein, Braut des Heiligen Geistes 24. Mai 1942, in: Edith Stein Gesamtausgabe Bd 20, Geistliche Texte II, Herder Freiburg 2007, S. 207)

Text vu gëscht
Klick op d’Kalennerblat fir de ganzen Text als PDF!
Text vu muer

Links:

Top

Gedanken

Daily Gospel

Évangile du jour

Evangelho do dia

Evangelium des Tages

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement