E Wuert fir den Dënsdeg, 19.5.2020

Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. (Joh 16, 5-11)


Home Back Print Kontakt

In jener Zeit sprach Jesus zu seinen Jüngern: 5Jetzt gehe ich zu dem, der mich gesandt hat, und keiner von euch fragt mich: Wohin gehst du? 6Vielmehr ist euer Herz von Trauer erfüllt, weil ich euch das gesagt habe. 7Doch ich sage euch die Wahrheit: Es ist gut für euch, dass ich fortgehe. Denn wenn ich nicht fortgehe, wird der Beistand nicht zu euch kommen; gehe ich aber, so werde ich ihn zu euch senden. 8Und wenn er kommt, wird er die Welt überführen (und aufdecken), was Sünde, Gerechtigkeit und Gericht ist; 9Sünde: dass sie nicht an mich glauben; 10Gerechtigkeit: dass ich zum Vater gehe und ihr mich nicht mehr seht; 11Gericht: dass der Herrscher dieser Welt gerichtet ist.

Léif Kanner, léif Leit,
Wéi ech ugefaangen hunn, dëst Wuert vum Dag virzebereeden, ass et mir net sou liicht vun Hand gaange wéi soss. De Sonndeg vu gëschter stoung fir mech ënner dem Zeeche vum Ofschloss vun der Muttergottesoktav. D’Wierder vun eisem Äerzbëschof, dem Kardinol Hollerich hu mech hellhörig gemaach, beréiert, a wat ech méi laang driwwer no geduecht hunn, aus der Bunn gehäit. Dëst Joer war eis Oktav tatsächlech anescht. Déi meescht vun eis konnten net selwer dohinner goen, well d’Gottesdéngschter net ëffentlech waren. Mat der Fro wéini dann lo nees ëffentlech Gottesdéngschter dierfte sinn, huet dann eisen Äerzbëschof d’Mass vum Sonndeg de Moien ugefaangen, eng Fro déi hien net konnt beäntweren, well hien nach keng Äntwert vun der Regierung hat. Dës Absence vu Kommunikatioun kann en lo traureg, och souguer iergerlech maachen. Mee villäicht ass et dach derwäert, einfach mol op dat Gutt ze kucken, wat an dësen zwou Wochen an der Kathedral geschitt ass. A ganz ënnerschiddleche Feieren oder besënnleche Stonne si mir iwwer Livestream mat an d’Kathedral geholl ginn, an et war oft eng ganz ënnerlech a besënnlech Stëmmung. E Freideg de Moien, an der Pilgermass vum Dekanat Osten, hat ech tatsächlech dat Gefill, dass d’Leit, och wa se net physesch present waren, mir ganz no waren, an dass se dobäi waren. Méi wéi eng Kéier hunn ech an deene leschten zwou Woche geduecht, dass “weniger mehr ist”, dass vill Guddes am Verbuergenen geschitt, och dann, wann een sech verloossen an eleng spiert, an dass de Glawe lieweg ass, do wou Dir sidd, op Ärer Platz. De Saz aus dem Evangelium, wou de Jesus senge Frënn seet, dass hie muss vun hinne fort goen, fir dass de Bäistand, de Geescht vu Gott, d’Kraaft vu Gott kann bäi si kommen, huet dunn fir mech eng nei Bedeitung kritt. Grad da, wa jiddereen a sengem Glawen op sech gestalt ass, wann hien keng Leit huet, déi d’Richtung uginn a soen wat muss gemaach ginn a wéi et richteg ass, grad dann ass Platz, dass jiddereen sech kann entfalen, Iddien entwéckelen, d’Liewen an och de Glawe spieren, säi eegent Liewen an och säi perséinleche Glawen, bäi sech, bannen a sech. Ech hunn an dëse Wochen, wou mir keng ëffentlech Gottesdéngschter hunn, villes nei entdeckt a mengem Glawensliewen, ech hunn och villes kritesch hannerfrot, dat, well ech op mech selwer gestalt war, ouni Gemeinschaft, déi mech reegelméisseg geruff huet.

Wann ech net erliewen, dass ech verzichte kann, dass eppes net do ass, da weess ech net ob ech et vermëssen, an ech weess och net wéi eng Kraaft vun dem ausgeet. A grad da, wann ech traureg sinn, dass eppes oder een net do ass, da spieren ech bemol eng Kraaft déi mech opwullt, a Fro stellt an bemol viru bréngt.

An sou bieden ech um Wee op Péngschten zou:

Herr, erwecke Deine Kirche, und fange bei mir an.
Herr, baue, deine Gemeinde, und fange bei mir an.
Herr, lass Frieden überall auf Erden kommen,
und fange bei mir an.
Herr, bringe deine Liebe und Wahrheit zu allen Menschen,
und fange bei mir an.
(Gebet eines chinesischen Christen)

Josiane Mirkes
Text vu gëscht
Klick op d’Kalennerblat fir de ganzen Text als PDF!
Text vu muer

Links:

Top

Gedanken

Daily Gospel

Évangile du jour

Evangelho do dia

Evangelium des Tages

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement