Allerséilen 2.11.2023


Home Back Print Kontakt

Allerséilen A - 2.11.2023 - (C) Carlo Morbach - 27.10.2023

Allerséilen 2.11.2023


Léif Matchrëschten! Mir Mënschen si materiell Wiesen aus Fleesch an aus Blutt. Dat mécht eise Kierper aus. Awer dëse Kierper vergeet iergendwann, da wa mir stierwen. Mir Mënsche sinn allerdéngs och a Bezéiungen. Mir hunn enaner gär, mir schléisse Frëndschaft, mir hu Kolleegen asw. Als Chrëschte gleewe mir, dass des Bezéiunge méi staark si wéi den Dout. Ganz traditionell ausgedréckt: Mir gleewen, dass jidder Mënsch eng onstierflech Séil huet. Haut denke mir un all Séilen. Mir ginn eis eiser bleiwender Bezéiung zu all eise léiwe Verstuerwenen bewosst. Mir hoffen op een Erëmgesinn, well mir si an eis an enger déiwer Bezéiung zu Gott gebuerge wëssen. Loosse mir säin Erbaarme fir si an eis uruffen.


Här Jesus Christus, du liefs ganz aus der Bezéiung zum Papp.

Här Jesus Christus, an denger Géigewaart si mir als Lieweger mat eise Verstuerwenen verbonnen.

Här Jesus Christus, du hues fir eis all eng Wunnecht am Räich vun dengem Papp virbereet.


Dagesgebiet


Allmächtegen an éiwege Gott, mir gleewen a bekennen, datt's du déi Jong als Éischte vun den Doudegen erwächt hues. Stäerk eis Hoffnung, datt's du och eis Bridder a Schwësteren operstoe léis zum éiwege Liewen. Dorëms biede mir dech duerch Christus, eisen Här.


Här eise Gott, du bass d’Liicht vun deene Gleewegen an d’Liewe vun dengen Hellegen. Du hues eis duerch den Doud an d’Opersteeung vun dengem Jong erléist. Kuck a Gnod op all eis Verstuerwen, déi d’Geheimnis vun eiser Opersteeung gleeweg bekannt hunn, a looss fir éiweg deng Herrlechkeet gesinn. Dorëms biede mir dech duerch Christus, eisen Här.


Écoute nos prières avec bonté, Seigneur : fais grandir notre foi en ton Fils ressuscité des morts, pour que soit plus vive aussi notre espérance en la résurrection de tous nos frères défunts.


Liesungen: Ijob 19,1.23-27a / Röm 14,7-9.10c-12 / Joh 14, 1-6


Lesung aus dem Buch Ijob.

Ijob sprach: Würden meine Worte doch geschrieben, würden sie doch in ein Buch eingeritzt, mit eisernem Griffel und mit Blei, für immer gehauen in den Fels. Doch ich, ich weiß: Mein Erlöser lebt, als Letzter erhebt er sich über dem Staub. Ohne meine Haut, die so zerfetzte, und ohne mein Fleisch werde ich Gott schauen. Ihn selber werde ich dann für mich schauen; meine Augen werden ihn sehen, nicht mehr fremd.


Kv. Der HERR ist mein Licht und mein Heil.

Der HERR ist mein Licht und mein Heil: *

Vor wem sollte ich mich fürchten?

Der HERR ist die Zuflucht meines Lebens: *

Vor wem sollte mir bangen? Kv

Eines habe ich vom HERRN erfragt, * dieses erbitte ich:

im Haus des HERRN zu wohnen *

alle Tage meines Lebens. Kv

Höre, HERR, meine Stimme, wenn ich rufe; *

sei mir gnädig und gib mir Antwort!

Mein Herz denkt an dich: Suchet mein Angesicht! *

Dein Angesicht, HERR, will ich suchen. Kv

Ich bin gewiss, zu schauen *

die Güte des HERRN im Land der Lebenden.

Hoffe auf den HERRN, / sei stark und fest sei dein Herz! *

Und hoffe auf den HERRN! Kv


Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom.

Schwestern und Brüder! Keiner von uns lebt sich selber und keiner stirbt sich selber: Leben wir, so leben wir dem Herrn, sterben wir, so sterben wir dem Herrn. Ob wir leben oder ob wir sterben, wir gehören dem Herrn. Denn Christus ist gestorben und lebendig geworden, um Herr zu sein über Tote und Lebende. Wir werden doch alle vor dem Richterstuhl Gottes stehen. Denn es steht geschrieben: So wahr ich lebe, spricht der Herr, vor mir wird jedes Knie sich beugen und jede Zunge wird Gott preisen. Also wird jeder von uns vor Gott Rechenschaft über sich selbst ablegen.


Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Im Hause meines Vaters sind viele Wohnungen. Ich werde wiederkommen und euch zu mir holen, damit auch ihr dort seid, wo ich bin. Halleluja.


Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes.

In jener Zeit sprach Jesus zu seinen Jüngern: Euer Herz lasse sich nicht verwirren. Glaubt an Gott und glaubt an mich! Im Haus meines Vaters gibt es viele Wohnungen. Wenn es nicht so wäre, hätte ich euch dann gesagt: Ich gehe, um einen Platz für euch vorzubereiten? Wenn ich gegangen bin und einen Platz für euch vorbereitet habe, komme ich wieder und werde euch zu mir holen, damit auch ihr dort seid, wo ich bin. Und wohin ich gehe - den Weg dorthin kennt ihr. Thomas sagte zu ihm: Herr, wir wissen nicht, wohin du gehst. Wie können wir dann den Weg kennen? Jesus sagte zu ihm: Ich bin der Weg und die Wahrheit und das Leben; niemand kommt zum Vater außer durch mich.


Lecture du livre de Job.

Job prit la parole et dit: Ah, si seulement on écrivait mes paroles, si on les gravait sur une stèle avec un ciseau de fer et du plomb, si on les sculptait dans le roc pour toujours! Mais je sais, moi, que mon rédempteur est vivant, que, le dernier, il se lèvera sur la poussière; et quand bien même on m’arracherait la peau, de ma chair je verrai Dieu. Je le verrai, moi en personne, et si mes yeux le regardent, il ne sera plus un étranger.


R/ Ma lumière et mon salut, c'est le Seigneur, alléluia !

Le Seigneur est ma lumière et mon salut; de qui aurais-je crainte?
Le Seigneur est le rempart de ma vie; devant qui tremblerais-je?
R

J'ai demandé une chose au Seigneur, la seule que je cherche :
habiter la maison du Seigneur tous les jours de ma vie.
R

Écoute, Seigneur, je t'appelle! Pitié! Réponds-moi!
C'est ta face, Seigneur, que je cherche : ne me cache pas ta face.
R

Mais j'en suis sûr, je verrai les bontés du Seigneur sur la terre des vivants.
«Espère le Seigneur, sois fort et prends courage; espère le Seigneur.»
R


Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Romains.

Frères et soeurs! En effet, aucun d’entre nous ne vit pour soi-même, et aucun ne meurt pour soi-même: si nous vivons, nous vivons pour le Seigneur; si nous mourons, nous mourons pour le Seigneur. Ainsi, dans notre vie comme dans notre mort, nous appartenons au Seigneur. Car, si le Christ a connu la mort, puis la vie, c’est pour devenir le Seigneur et des morts et des vivants. Tous, en effet, nous comparaîtrons devant le tribunal de Dieu. Car il est écrit : Aussi vrai que je suis vivant, dit le Seigneur, tout genou fléchira devant moi, et toute langue proclamera la louange de Dieu. Ainsi chacun de nous rendra compte à Dieu pour soi-même.


Alléluia. Alléluia. Dans la maison de mon Père, il y a de nombreuses demeures. Je reviendrai et je vous emmènerai auprès de moi, afin que là où je suis, vous soyez, vous aussi. Alléluia.


Évangile de Jésus Christ selon saint Jean.

En ce temps-là Jésus disait à ces disciples: Que votre cœur ne soit pas bouleversé : vous croyez en Dieu, croyez aussi en moi.; sinon, vous aurais-je dit: Je pars vous préparer une place? Quand je serai parti vous préparer une place, je reviendrai et je vous emmènerai auprès de moi, afin que là où je suis, vous soyez, vous aussi. Pour aller où je vais, vous savez le chemin. Thomas lui dit: Seigneur, nous ne savons pas où tu vas. Comment pourrions-nous savoir le chemin? Jésus lui répond: Moi, je suis le Chemin, la Vérité et la Vie ; personne ne va vers le Père sans passer par moi.


Priedegt


Léif Matchrëschten! An dësen Zäite schéngt eis Welt um Kapp ze stoen. Krich a Misär gëtt et op esou ville Platzen. An da behaapt jeeweils all Säit, dass si dach am Recht wier an dass si richteg léich an dass si ee Recht op Verdeedegung hätt. Dausende Mënsche verléieren hiert Liewen an den aktuelle Kricher. An iergendwéi ass och nach haut keen sech ze Schued fir da Gott mat an d’Spill ze bréngen. Jo Gott soll op hirer Säit stoen an déi aner vergiessen. Mir Chrëschten hunn dat iwwer vill Joerhonnerten esou gemaach. A jiddereen, dee fir déi gerecht Saach gekämpft a gestuerwen ass, huet versprach kritt, dass hie bäi Gott kéim. Wann haut Terroriste mat änlechen Iddien untrieden a mengen, si géifen sech eng Plaz am Himmel sécheren, wann si Ongleeweger ëmbréngen, da rësele mir de Kapp. Mä denke mir an eisem Häerz net dacks t'selwecht? Wann ech d’Geschicht vun deene grousse Monotheistesche Relioune kucken, da gouf et ëmmer en änlecht Verhalen. Gott steet ëmmer op „eiser“ Säit an net op der Säit vun deene Béisen, déi anescht oder net gleewen. An dofir kommen och mir an den Himmel, och wa mir dausende vu Mënschen ëmbréngen. Mä wann déi aner dat selwecht maachen, kommen si eben an d’Hell.


An elo sinn ech bäi eisem perséinleche klénge Liewen. Wéi dacks gouf eis Angscht gemaach, dass mir dëst an dat misste maachen, esou an net anescht bieden, een Ablass gewannen, fir dass eis Verstuerwen an den Himmel kéimen. Wat ass net alles gesot a gemaach ginn, fir dass déi aarm Verstuerwe vun hiren dach esou grousse Sënde sollen erléist ginn an dass Gott si soll ophuelen. Ass Gott esou ee kleng-karéierten Ierbessenzieler, dass hien sech vun engem Gebiet oder engem Affer ëmstëmme léist fir ee Mënsch an den Himmel opzehuelen?


Ech kann net un esou ee Gott gleewen, dee mat sech handele léist. Gott rechent net. Gott ass a mengen Ae réng Léift an domat absolutt baarmhäerzeg. D’Evangelium vun haut (Joh 14, 1-6) deit dat a mengen Aen och un. „Euer Herz lasse sich nicht verwirren!“ (Joh 14, 1) Gläich den éischte Saz wëll eis op d’Spuer setzen. Mir brauche keng Angscht ze hunn, jiddefalls net viru Gott. Wann et Gott gëtt, dann ass hie Léift a Baarmhäerzegkeet.


Et kënnt also net esou drop un, wat ech gemaach a geleescht hunn. Natierlech ass eist Empfannen an der Welt schonn ee wéineg komplex. Wat ass mat all deenen, déi wierklech grousst Leed verursaacht hunn? Wat ass mat all deenen, déi anerer ëmbréngen, ënnerdrécken an ausbeuten? Eist mënschlecht Empfanne vu Gerechtegkeet, kann domat net esou liicht eens ginn. An awer, et ass net meng, net eis Entscheedung, wat mat deene soll geschéien. Jidder Mënsch, deen iergendwéi versicht huet säi Liewe gutt ze liewen, deen ass vu Gott ugeholl. Mir all wëssen, dass mir ni perfekt sinn. Mä dat musse mir wuel och net. 


Wat mech um Evangelium vun haut ëmmer nees faszinéiert ass d’Feststellung vum Jesus: „Im Haus meines Vaters gibt es viele Wohnungen.“ (Joh 14, 2a) Déi vill Wunnechten, vun deenen de Jesus schwätzt, soll dat da net heeschen, dass och ganz ënnerschiddlech Mënschen dierfen do sinn? Muss jidderee gläich geschalt sinn? Kann net jiddereen seng Individualitéit behalen an awer bäi Gott sinn? Wien entscheet, wat fir ee Wee an eiser Welt absolutt dee richtegen ass? Kann et wierklech sinn, dass et vill Méiglechkeete gëtt, fir säi Wee zu Gott ze fannen? Sou ënnerschiddlech mir Mënschen als Eenzeler sinn, sou ënnerschiddlech eis Reliounen an der Welt sech hier Virstellunge vu Gott maachen, sou ënnerschiddlech gi mir vu Gott ugeholl. Fir mech ass dëst Bild vun deene ville Wunnechten dat, dass mir eben net all gläich musse sinn. Dofir gleewen ech och drun, dass Gott jiddereen unhëlt, deen éierlech no engem Wee zu him sicht. An deem Sënn kënne mir haut all eis Verstuerwe sécher an enger vun dëse Wunnecht bäi Gott erëm fannen.


Et bleift natierlech elo ëmmer nach d’Fro am Raum stoen, wat da mat all deene geschitt, déi absolutt eekeleg an eiser Welt handelen. Kommen si trotzdeem bäi Gott? Hunn och si eng Chance op Erléisung? Dat weess ech net. Ech wëll a kann och net doriwwer entscheeden. Et ass sécher ee vun deene grousse mënschlech Problemer a Suergen, dass all dat Leed net geléist an net adequat beurteelt gëtt. Mä dat ass nu mol eng ongeléiste Fro fir eis. Ech iwwerloossen si einfach elo Gott an hoffe bäi him op Gerechtegkeet.


Fürbitten


Zu Gott, dee fir eis d'Opersteeung an d'Liewen ass, komme mir mat allem, wat eis Häerzer nidder dréckt:


- Tréischt all, déi haut um Graf vun engem léiwe Mënsch traueren, a schenk hinnen dat Vertrauen, dass du eis iwwert den Doud eraus an denger Léift gebuergen häls. Härgott, héier eis.


- Stäerk all, déi duerch eng onheelbar Krankheet dem Himmel entgéint ginn, a looss si deng Hand spieren, déi si an een neit Liewe féiert. Härgott, héier eis.


- Sief mat denger Léift bäi allen, déi hirem Liewen een Enn setze wëllen, a looss si Mënsche fannen, déi hinnen hëllefen, d'Freed um Liewen erëm zeréckzegewannen. Härgott, héier eis.


- Huel all eis léif Verstuerwen op an däin himmlescht Räich a schenk hinnen do däi Fridden. Besonnesch denke mir haut och un ... . Härgott, héier eis.


Gott, eise Papp, mir soen dir Merci fir déi Dir zum Liewen, déi's du eis an der Opersteeung vun dengem Jong opgemaach hues. Erbaarm dech eise Verstuerwenen. Dorëms biede mir dech duerch Jesus Christus, eise Brudder an Här. Amen.


II


Jésus nous a ouvert le passage de la mort à la vie. En son nom, nous prions Dieu pour tous nos frères et sœurs. Donne ta paix, Seigneur.

À ceux et celles qui ont accompagné cette année un être cher dans son passage vers la vie nouvelle, donne ta paix, Seigneur.

Aux chrétiens et aux chrétiennes angoissés ou révoltés par la réalité de la mort, donne ta paix, Seigneur.

Aux personnes qui souffrent et voient venir la fin dans la solitude, donne ta paix, Seigneur.

Aux enfants qui vont perdre un parent, aux parents qui ont perdu un enfant, donne ta paix, Seigneur.

À nous ici rassemblés qui croyons en la promesse de vie éternelle, donne ta paix, Seigneur.

Dieu notre Père, tu ne veux pas notre mort. Tu trouves ton bonheur et ta gloire dans la vie de tous tes enfants. Réalise ce que tu as promis et conduis-nous tous ensemble vers le Royaume éternel. Nous te le demandons par ton Fils, Jésus ressuscité et vivant, pour les siècles des siècles. Amen. (http://www.vieliturgique.ca)


Gowegebiet


Här, eise Gott, kuck an denger Guttheet op des Gowen. Huel all deng Frënn, eis Bridder a Schwësteren, op an d'Herrlechkeet vun dengem Jong, mat deem och mir duerch dat grousst Sakrament vun der Léift verbonne sinn. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här.


Allmächtegen a baarmhäerzege Gott, du hues all deng Frënn duerch d’Waasser vun der Daf gehellegt. Maach si am Blutt vu Christus fréi vun hire Senden a féier si voller Erbaarmen zu der leschter Vollendung béi dir. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här.


Sois favorable à nos offrandes, Seigneur: que tous les fidèles défunts soient admis dans le Royaume avec ton Fils qui nous unit les uns aux autres par le mystère de son amour. Lui qui règne.


Schlussgebiet


Baarmhäerzege Gott, mir hunn d'Gediechtnes vum Doud an der Opersteeung vu Christus gefeiert fir eis Bridder a Schwësteren. Féier si vum Doud an d'Liewen, aus der Däischtert an d'Liicht, aus der Onrou an déi Fridden. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här.


Här, eise Gott, mir hunn d’Moolzecht vun dengem Jong gefeiert, hien deen sech fir eis geaffert huet an deen an der Herrlechkeet operstanen ass. Erhéier eist Gebiet fir all eis Verstuerwen. Rengeg si duerch d'Geheimnis vun Ouschteren a looss si operstoen zur éiweger Freed. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här.


Ouvre, Seigneur, à nos frères défunts ta maison de lumière et de paix, car c'est pour eux que nous avons célébré le sacrement de Pâque. Par Jésus.



Mass vum 1. November
Klick op d’Kalennerblat fir d’Mass als PDF!
Mass vum 5. November

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement