|
Päischten B - 22./23.5.2021
Léif Matchrëschten! Päischten, d’Fest vum Hellegen Geescht! De Geescht vu Gott soll an eis wierken. Sou wéi d’Apostelen deemools Kraaft fonnt hunn fir am Geescht vu Christus eraus an d’Welt ze goen, sou sollen elo och mir eis opmaachen an a sengem Geescht handelen. Mir sinn duerch eis Daf opgeholl an des Gemeinschaft vu Mënschen, déi am Geescht vu Christus hiert Liewen sollen liewen a gestalten. Awer wouranner besteet lo dee Geescht? Ass dat net nëmmen ee frommt Gespréich? Et ass nëmmen frommt Gespréich, wann dem Jesus seng Botschaft fir eis keng Konsequenzen huet fir eist alldeeglecht Liewen. Wann déi Botschaft awer eppes an eis bewierkt, dann handele mir am Geescht vu Christus, da liewen mir seng Léift zu eise Matmënschen, da schafe mir Fridden, da versiche mir eis Welt ee Stéck besser ze maachen fir all Mënsch an all Geschöpf asw. Haut denke mir drun, dass d’Apostelen des Kraaft a sech gespuert hunn, fir dem Jesus wierklech duerch hiert Liewen nozegoen. Si sinn an d’Welt eraus gezunn an hunn de Mënschen vun der Léift vu Gott geschwat. Mir als Chrëschten vun haut stinn an hirer Nofolleg an och mir sollen des Léift vu Gott lieweg gi loossen duerch eist Liewen an duerch eist Handelen an der Welt. Froe mir Gott ëm säi Geescht an ëm seng Hëllef: Dagesgebiet
oder: Dagesgebiet vun der Houmass Aujourd’hui, Seigneur, par le mystère de la Pentecôte, tu sanctifies ton Église chez tous les peuples et dans toutes les nations; répands les dons du Saint-Esprit sur l’immensité du monde, et continue dans les cœurs des croyants l’œuvre d’amour que tu as entreprise au début de la prédication évangélique. Par Jésus Christ. Liesungen: (Virowend: Gen 11,1-9 / Ex 19,3-8a.16-20 / Ez 37, 1-14 / Joël 3, 1-5 / Röm 8, 22-27 / Joh 7, 37-39) Lesung aus der Apostelgeschichte. Kv.: Sende aus deinen Geist und das Angesicht der Erde wird neu. Wie zahlreich sind deine Werke, HERR, sie alle hast du mit Weisheit gemacht, die Erde ist voll von deinen Geschöpfen. Da ist das Meer, so groß und weit, darin ein Gewimmel, nicht zu zählen: kleine und große Tiere. Kv. Verbirgst du dein Angesicht, sind sie verstört, nimmst du ihnen den Atem, so schwinden sie hin und kehren zurück zum Staub. Du sendest deinen Geist aus: Sie werden erschaffen und du erneuerst das Angesicht der Erde. Kv. Die Herrlichkeit des HERRN währe ewig, der HERR freue sich seiner Werke. Möge ihm mein Dichten gefallen. Ich will mich freuen am HERRN. Kv. Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinden in Galatien. Sequenz Halleluja. Halleluja. Komm, Heiliger Geist, erfülle die Herzen deiner Gläubigen und entzünde in ihnen das Feuer deiner Liebe! Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. Lecture du livre des Actes des Apôtres. R/ Ô Seigneur, envoie ton Esprit Bénis le Seigneur, ô mon âme ; Tu reprends leur souffle, ils expirent Gloire au Seigneur à tout jamais ! Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Galates. SÉQUENCE Alléluia. Alléluia. Viens, Esprit Saint! Emplis le cœur de tes fidèles! Allume en eux le feu de ton amour! Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Jean. Priedegt
Léif Matchrëschten! Mir feieren Päischten, d’Fest vum hellege Geescht. Awer kaum ee kann sech eppes Konkretes ënner dësem Begrëff vum Geescht virstellen. Den Ausdrock "Hellege Geescht" kënnt am AT vun der Bibel nëmmen zwee mol vir (Ps 51,13 a Jes 63,10f. ). Mä ongeféier 400 mol begéint eis de Geescht soss am AT. Dat hebräescht Wuert "ruach" ass weiblech an bedeit esou vill wéi "Wand, Otem, Geescht, Energie, Liewenskraaft". Dëse Begrëff bezeechent also eng grouss Liewenskraaft, eng Vitalitéit an Energie. Schonn eleng des Siicht kann eis hëllefen ze verstoen, wat de Geescht, dee mir haut feieren ka bedeiten. Am NT steet fir de Geescht dat griichescht neutraalt Wuert "Pneuma". Mat der griichescher Sprooch kënnt elo och en neit Denksystem an d’Spill. Mä trotzdeem bezeechent och dëst Wuert vum "Pneuma" déi dynamesch, Liewe schaffend a befreiend Kraaft vu Gott. D’Vitalitéit ass also och hei do. Eréischt, wéi d’Bibel an d’Latäin iwwersat gouf, gëtt de Geescht männlech an zur drëtter Persoun vun der Trinitéit am Begrëff vum "spiritus (sanctus)". Domat ass awer eben och déi grouss Dimensioun vun de Bedeitungen aus dem Hebräeschen verschwonnen. Des Agrenzung vun der Begrëfflechkeet mécht et eis och zimmlech schwéier ze verstoen an ze deiten, wat mir an der Bibel liesen. Kucke mir haut elo an d’Liesung aus der Apostelgeschicht. Hei gëtt faarweg a lieweg vum Geescht erzielt. Mä et ass eng Geschicht, déi eis als Lieser wëll mat abezéien. Mir solle gesinn an erkennen, dass d’Wierke vum Geescht vu Gott déi éischt Chrëschten zudéifst gepräägt huet. Hei ass eppes geschitt, wat een als "Initialzündung" fir d’Wuessen vun der jonker Gemeinschaft ka bezeechnen. Ganz vill Bedeitung muss een och am Zäitpunkt gesinn, wou dëse Geescht kennt. Fofzeg Deeg bzw. 7 Wochen no dem jüddeschen Pesach-Fest gëtt Päischte gefeiert. Et ass een Erntedankfest fir déi éischt Saachen, déi op de Felder gewuess sinn. Allerdéngs gëtt dëst Fest och mat engem Ereegnis aus der jüddescher Geschicht verbonnen, mat der "Gesetzgebung" um Bierg Sinai. Et ass also een Dag vu Merci a vun Erënnerung. Gott schenkt eng nei Liewensuerdnung. Op Päischten kritt deemno lo déi jonk Gemeinschaft vu Chrëschten eng Liewensuerdnung an den Optrag, des Liewensuerdnung weider ze droen an d’Welt. Wat faszinant ass, ass dass jidder Mënsch ka verstoen. Déi Botschaft vu Christus ass net beschränkt op ee Vollek, op eng Sprooch an, ech géif gäre soen, op eng Deitung. Wa mir an der Virowendmass vu Päischten d’Liesung aus dem Buch Genesis (Gen 11, 1-9) kucken, déi bekannte Geschicht vum Tuermbau vu Babel mat der Vilfalt vun de Sproochen, da gëtt déi grouss Schwieregkeet an der Kommunikatioun elo hei gesinn als ee grousse Räichtum, deen et erméiglecht d’Botschaft vum Jesus an déi ganz Welt ze bréngen. D’Bild vun de Feierzongen, déi sech op déi eenzel Mënschen nidderloossen, weist eis, dass de Geescht mat deenen eenzele Mënschen schafft. Hei gëtt näischt einfach esou gläich gemaach. Et bleift bäi enger grousser Villfältegkeet. De Geescht vu Päischten respektéiert an adelt déi onverwiesselbar Eegenaart, d’Perséinlechkeet vu jidder Mënsch. Dat ass a mengen Aen eppes äusserst Wichteges an dëser Geschicht. Mir sinn ëmmer nees an der Versuchung fir alles gläich ze maachen. Mir sinn all Mënschen, jo! Mënschen mat gläiche Rechter a Flichten. Jidder Mënsch huet seng Plaz an der grousser Mënschefamill an dierf sech och do abréngen. Dës Gläichheet ass awer net ze verwiesselen mat enger "Gleichschaltung" vum Mënsch, wéi et esou gären an Diktaturen geschitt. Och a grad well mir all als Mënschen eng an déi selwecht Méiglechkeet hunn eis mat ze deelen, sou si mir als Mënschen dach awer eenzel Individuen. A genee des Individualitéit respektéiert de Geescht vu Gott. De Geescht mécht eis net uniform. Hie reegt eis am Géigendeel un, fir ganz perséinlech an individuell eis anzesetzen an d’Botschaft vu Jesus Christus ze liewen. De Mënsch ass a bleift ëmmer eng ganz eegen Perséinlechkeet. Mä als Perséinlechkeet beherrscht all Mënsch awer ëmmer eben déi selwecht Sprooch, déi hien mat aneren a Kontakt bréngt. Des Sprooch ass d’Iwwerzeegung, dass jiddereen wäertvoll a gutt ass. Des Sprooch ass d’Sprooch vun der Léift, vum Fridden, vun der Gerechtegkeet. Et ass déi Sprooch, déi eis als Mënschen ausweist, déi ëmmer erëm fir anerer do sinn, hinnen hëllefen an si ënnerstëtzen. Et ass déi Sprooch, déi schliisslech iwwer eis als eenzel Perséinlechkeeten eraus weist. An domat si mir dann och an enger Gemeinschaft. An der Gemeinschaft sollen an dierfen mir eis jee besonnesch Charismen abréngen zum Wuel vu jidderengem. Wa mir dervu schwätzen, dass Päischten d’Gebuertsstonn vun eiser Kierch ass, da misste mir eis vläicht erëm ganz séier op dësen Ëmstand zeréck besënnen an och méi wéit denken, wéi just nëmmen zu Roum. De Geescht vu Gott ass och an den einfache Chrëschten, net nëmmen an deene Geweiten. A sécher missten déi Offiziell an der Kierch erëm léieren an de Sprooche vun de Mënschen ze schwätzen an ze handelen. De Mënsch ass a bleift ee fräit Wiesen, dat déi gemeinsam Sprooch vun der Léift beherrscht an sech och doduerch ka verstännegen mat aneren, iwwer all Grenzen ewech. Dat misst och an eiser Kierch esou sinn. An der Päischterzielung vun der Apostelgeschicht verstinn d’Mënschen alleguer, wat d’Apostelen deemools wollten matdeelen. Baarmhäerzegkeet, Léift, Fridden, Gerechtegkeet an villes méi brauchen keng gescheit Wierder. Si brauche just Mënschen, déi genee dat maachen, déi esou handelen an hirem Liewen. Ech wënschen eis all, dass mir dat kënnen esou hikréien. Schwätze mir einfach déi eng Sprooch vun der Léift, och mol erëm méi an eiser Kierch a besonnesch an den ieweschte Reien. Loosse mir der Vitalitéit vum Geescht vu Gott säi Raum. Da kann och eis Gemeinschaft neit Liewe fannen. Fürbitten
Eisen Här Jesus huet bäi sengem Äddi aus dëser Welt den Hellege Geescht versprach. Dee soll eis an déi voll Wourecht féieren. Dofir biede mir elo ëm dëse Geescht: * Fir all déi, déi virun schwéieren a wichtegen Entscheedungen stinn a Rot an Hëllef dofir brauchen: Här, schéck hinnen däi Geescht. * Fir all, déi an eiser Kierch een Amt vun der Leedung hunn, a fir all, déi sech an eise Gemeinschaften engagéieren an dobäi no neie Weeër an d’Zukunft sichen: Här, schéck hinnen däi Geescht. * Fir all, déi de Mutt verluer hunn an sech aus der Kierch an de Gemeinschaften zeréck gezunn hunn, dass si nei Impulser fir hiert Liewe fannen: Här, schéck hinnen däi Geescht. * Fir all, déi nach Visiounen hunn fir eis kierchlech Gemeinschaft, dass si d’Chance hunn sech an ze bréngen an och haut deng Botschaft glafwierdeg verkënnegen: Här, schéck hinnen däi Geescht. * Fir all eis Verstuerwen, dass si bäi dir gebuerge sinn: Här, schéck hinnen däi Geescht. Här Jesus, du léis eis net eleng. Schéck eis och elo ëmmer nees deng Hëllef. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen. II.
Laissons l’Esprit de vérité pénétrer notre cœur et, d’une même voix, adressons notre prière au Père qui nous aime. Ô Seigneur, que vienne ton Esprit. – Partout dans le monde, des hommes et des femmes occupent des postes de haute responsabilité politique et sociale; que l’Esprit Saint leur procure la paix et la patience. – Ici et ailleurs, des missionnaires de l’Évangile témoignent du Christ ressuscité; que l’Esprit Saint leur procure l’amour et la joie. – Dans notre société, des bénévoles consacrent du temps et des efforts à aider leurs frères et sœurs qui vivent des difficultés; que l’Esprit Saint leur procure la bonté et la bienveillance. – Dans notre communauté, des personnes se consacrent à l’éducation de la foi des adultes et des plus jeunes; que l’Esprit Saint leur procure la confiance, l’humilité et la capacité de se mettre à l’écoute. Seigneur Dieu, tu accordes généreusement à tes fidèles toutes les richesses de l’Esprit. Daigne exaucer nos prières et soutiens-nous dans l’exercice de notre mission prophétique au sein de ton Église. Par Jésus, le Christ ressuscité. Amen. Gowegebiet
Allmächtege Gott, erfëll d’Versprieche vun dengem Jong; Dieu notre Père, réponds à notre attente, souviens-toi de la promesse de ton Fils : Schöpfer allen Lebens, nimm an, was wir heute vor dich bringen. Lass den Geist, den du deiner Kirche geschenkt hast, spürbar werden in der Welt durch alle, die an dich glauben. Darum bitten wir durch Christus, unsern Herrn. Hochgebet „Pfingsten II“
Sanctus Wir bitten dich, gib uns ein neues Herz und einen neuen Geist, Mach uns Mut, unseren Weg zu gehen, Gib uns deinen Geist, wenn wir jetzt das Brot füreinander brechen Darum bitten wir dich, Vater, sende deinen Geist über Brot und Wein, Denn bei seinem letzten Mahl – im Kreis seiner Freunde – NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens! Wir preisen deinen Tod, wir glauben, dass du lebst. Herr, unser Gott, erwecke uns zu neuem Leben! Schreib dein Wort in unser Herz. Erfülle uns mit den Gaben deines Geistes, Leg Worte in unseren Mund, die Trost und Licht in das Leben der Menschen bringen. Zeig unserem Herzen und unserem Glauben den Weg der Liebe, Gib uns Atem von deinem Atem, Feuer von deinem Feuer, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
An deem grouss Geescht vu Gott hu mir all zesummen Gemeinschaft mat Gott als eisem Papp a mat alle Mënschen, mat deene mir d’Liewen an dëser Welt deelen. Dofir biede mir fir déi ganz Welt, wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
De Geescht vu Gott schenkt eis Versönung a Fridden. Fridden ass awer ëmmer nees bedreet, well Mënschen just no sech an hirem Virdeel kucken. Op vill Plazen an eiser Welt fanne Mënschen net zu engem friddlechen Matenaner. Dofir biede mir: Här Jesus Christus, looss däi Geescht vum Fridden bäi alle Mënsche sinn. Schenk hinne Kraaft enaner ze verstoen a mat enaner ze liewen. De Fridde vun eisem Här Jesus sief mat eich all. Meditatioun
Windhauch soll kommen von Gott – Schlussgebiet
Här eise Gott, du hues eis mat dengem Wuert an dengem Brout gestäerkt. Dieu qui accordes les biens du ciel à ton Église, Gott, Schöpfer des Lebens, in der Feier der Eucharistie ergreift uns immer wieder neu die unauslöschliche Glut deines Heiligen Geistes. Wir danken für diese Gabe und bitten: Lass uns den Widerschein deiner Zukunft stets wahrnehmen und in die Welt tragen. Darum bitten wir durch Christus, deinen Sohn, unsern auferstandenen Bruder und Herrn.
|