E Wuert fir de Méindeg , 25.5.2020

Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. (Joh 16, 29-33)


Home Back Print Kontakt

In jener Zeit 29sagten die Jünger zu Jesus: Jetzt redest du offen und sprichst nicht mehr in Gleichnissen. 30Jetzt wissen wir, dass du alles weißt und von niemand gefragt zu werden brauchst. Darum glauben wir, dass du von Gott gekommen bist. 31Jesus erwiderte ihnen: Glaubt ihr jetzt?
32Die Stunde kommt, und sie ist schon da, in der ihr versprengt werdet, jeder in sein Haus, und mich werdet ihr allein lassen. Aber ich bin nicht allein, denn der Vater ist bei mir. 33Dies habe ich zu euch gesagt, damit ihr in mir Frieden habt. In der Welt seid ihr in Bedrängnis; aber habt Mut: Ich habe die Welt besiegt.

Léif Kanner, léif Leit,
Sou lues kënnt eng nei Normalitéit fir eis alleguer. D’Firmen hunn nees ugefaangen ze schaffen. Am medezinesche Beräich leeft alles Richtung Normalitéit. E Méindeg fänken d’Schoulen un. Ët ass net méi vill, wat op Fräiheet waarde muss. D’Léit fänken un, däitlech hier Meenung zu Déconfinement, Wirtschaft, Gesondheet, gesellschaftlechem Liewen an der fräier Ausübung vum Glawen ze soen. An d’Meenunge gi wäit auseneen. Deenen enge geet et ze lues, deenen aneren ze séier mat dem Déconfinement. Wat richteg ass, weess leider kee vun eis genau. Déi eng halen d’Rou an d’Elengsinn gutt aus, anerer fillen sech ze vill mat sech selwer konfrontéiert, a ginn domat net eens. Ech, fir mäin Deel, sinn éischter vun enger gewësser Virsiicht, wat den Déconfinement ugeet. An sou Berichter wéi den, wou den 10. Mee e Gottesdéngscht an enger Frankfurter Baptistekierch zu massiven Neiinfektioune gefouert huet, mécht mech nodenklech. Et seet mir, dass Virsiicht genee richteg ass, an dass mir, och wa mir keng gemeinschaftlech Treffen hunn, dach mateneen verbonne sinn, wa mir jiddereen op senger Platz bieden, meditéieren an een op den aneren oppassen, roueg a geloossen.

Et ass normal, dass mir eis Gemeinschaft vermëssen. Awer mir sinn net eleng, well Gott ass bäi eis, eppes wat eis och a Stonne, wou mir eis eleng fillen, dierft mat Fridden erfëllen. Och wa mir an der Welt a Bedrängnis sinn, seet de Jesus eis: Habt Mut, ich habe die Welt besiegt. Wat kann eis an dëser Zäit hëllefen, wat ka fir eis eng Chance sinn, grad wa mir u Limite gebonne sinn? Kënne grad net och Limite fir eis zur Chance ginn? En Text vum Max Feienwinter, den eis Nationalpresidentin vun de Fraen a Mammen de Fraen a Mamme mat op de Wee ginn huet, wéit ech och eis als Pargemeinschaft mat op de Wee ginn.

Anhalten

Dann und wann das Tempo verlangsamen,
anhalten, in Ruhe wahrnehmen, was um uns ist,
was uns schützt, bedroht, erfreut, fordert,
fördert, uns neu einstellen und ausrichten.

Dann und wann das Tempo verlangsamen,
anhalten, sich hinsetzen und setzen lassen,
was sich in uns bewegt.
Unsere Strukturen wahrnehmen, sehen, was und wie wir sind.

Dann und wann das Tempo verlangsamen,
anhalten, aus der Tiefe Bilder aufsteigen lassen,
Dankbar sein und sehen,
was sie uns zeigen wollen, wohin sie uns weisen.

Ich wünsche dir einen schönen Tag mit vielen entspannenden Momenten
und Entschleunigung anstatt Beschleunigung.

Josiane Mirkes
Text vu gëscht
Klick op d’Kalennerblat fir de ganzen Text als PDF!

Links:

Top

Gedanken

Daily Gospel

Évangile du jour

Evangelho do dia

Evangelium des Tages

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement